-
Livestream vun der Pressekonferenz am Kader vun der Aarbechtsvisitt vum Denys Shmyhal, Premierminister vun der Ukrain
De Livestream fänkt géint 13:30 Auer un.
-
Zweeten Dag vun der Aarbechtsvisitt vum Xavier Bettel an Israel a Palästina
No sengen Aarbechtssëtzungen an Israel, ass de Minister Bettel fir eng Aarbechtsvisitt a Palästina weidergereest. Um Programm stoungen e bilateraalt Gespréich mam Generalkommissär vum Hëllefswierk vun de Vereenten Natioune fir Palästinaflüchtlingen am Noen Osten (UNRWA, Office de secours et de travaux des Nations unies pour les réfugiés de Palestine dans le Proche-Orient), dem Philippe Lazzarini, an eng Visitt vum Flüchtlingslager Amari a senger medezinescher Infrastruktur.
-
Éischten Dag vun der Aarbechtsvisitt vum Xavier Bettel an Israel a Palästina
De Minister fir auswäerteg Ugeleeënheeten an Aussenhandel, Minister fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheeten, Xavier Bettel, ass zurzäit op Aarbechtsvisitt an Israel an a Palästina.
-
Gëltegkeet vun Ärem Reespass
Gëltegkeet vun Ärem Reespass Ugesiichts der bevirstoender Summervakanz, wëll den Aussen- an Europaministère (MAEE) dorun erënneren, dass Dir fir déi
-
Lëtzebuerger Humanitärhëllef fir d'Tierkei: Zweet Sendung vun Hëllefsgidder an d'Katastrophegebitt
Am Kader vun der humanitärer Äntwert vu Lëtzebuerg no den Äerdbiewen an der Tierkei a Syrien, ass en zweete Vol mat Hëllefsgidder haut de Moien a Richtung Tierkei gestart.
-
Lëtzebuerg verstäerkt seng humanitär Hëllef fir d'Tierkei: weider Nouthëllef am Katastrophegebitt
Als Reaktioun op d'Äerdbiewen an der Tierkei an a Syrien an op Demande vun der tierkescher Regierung, baut Lëtzebuerg seng humanitär Hëllef fir déi betraffe Mënschen, duerch Spenden un d'Tierkei weider aus.
-
Humanitär Reaktioun vu Lëtzebuerg op d'Äerdbiewen an der Tierkei a Syrien
Am Hibléck op d'Dimensioun vun den humanitäre Besoinen no den dramateschen Äerdbiewen an der Tierkei an a Syrien de 6. Februar 2023, wäert déi Lëtzebuerger Kooperatioun an enger 1. Phas bal 1 Millioun Euro iwwer verschidde Partner un béid betraffene Länner bereetstelle fir dës bei hiren humanitäre Moossnamen z'ënnerstëtzen.
-
Asaz vun engem Member vum "Humanitarian Intervention Team" vum CGDIS am Katastrophegebitt an der Tierkei
Haut den Owend mécht sech een éischte Member vum "Humanitarian Intervention Team" (HIT) vum Corps grand-ducal d'incendie et de secours (CGDIS), een Expert fir Informatiouns- a Kommunikatiounstechnologien, am Kader vun enger humanitärer Missioun op de Wee an d'Äerdbiewegebitt an d'Tierkei.
-
Reeshiweis - China
Well China aktuell mat enger grousser Well u Covid-19-Infektioune konfrontéiert ass an de chineesesche Gesondheetssystem iwwerlaascht ass, schléisst sech Lëtzebuerg dem däitsche Reeshiweis un a réit därzäit vun net onbedéngt noutwennege Reesen a China of.
-
COVID-19-Well a China: Erhéicht epidemiologesch Iwwerwaachung zu Lëtzebuerg vum 9. Januar 2023 un
Wéinst der schneller Hausse vun Infektioune mam SARS-CoV-2-Coronavirus a China säit Dezember 2022, informéieren de Gesondheetsministère an den Aussen- an Europaministère iwwert déi erhéichten epidemiologesch Iwwerwaachung, déi vum 9. Januar 2023 un bis den 5. Februar 2023 inclus fir all Reesen aus der Volleksrepublik China ...
-
Luxembourg Defence Open Air Days: d'Lëtzebuerger Defense invitéiert op d'Virféierung vun hirer Loft-Flott
De Weekend vum 1. an 2. Oktober, vun 10 bis 16 Auer, invitéiert d'Direktioun fir Verdeedegung den interesséierte Public am Kader vun de Luxembourg Defence Open Air Days op eng Presentatioun vun der Lëtzebuerger Loft-Flott um Findel.
-
70. Anniversaire vun der éischter Sëtzung vun der "Haute Autorité de la Communauté européenne du charbon et de l'acier" (CECA) zu Lëtzebuerg
Den 13. Juli 2022, am Kader vum 70. Anniversaire vun der 1. Sëtzung vun der "Haute Autorité de la Communauté européenne du charbon et de l'acier" (CECA), hat de Rot vun de Kommissären - op Aluedung vun der Lëtzebuerger Regierung - seng wéchentlech Sëtzung op der Gemeng Lëtzebuerg.
-
De François Bausch huet un der Verdeedegungsformatioun vum Rot fir auswäerteg Ugeleeënheeten deelgeholl
De Vizepremierminister, Verdeedegungsminister, François Bausch, huet de 17. Mee 2022 zu Bréissel un der Verdeedegungsformatioun (Conseil des affaires étrangères, CAE) vum Rot fir auswäerteg Ugeleeënheeten deelgeholl. Am Fokus vun den Diskussioune stoungen ë. a. de strateegesche Kompass vun der Europäescher Unioun, d'Sécherheetslag am Mali an déi russesch Aggressioun géint d'Ukrain.
-
Staatsvisitt vum Grand-Duc a vun der Grande-Duchesse an der portugisescher Republik
Op Invitatioun vum President vun der portugisescher Republik, Marcelo Rebelo de Sousa, waren de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse vum 11. op den 12. Mee 2022 fir eng Staatsvisitt a Portugal.
-
Reeswarnung - Russesch Federatioun
Opgrond vun de Militäroperatiounen déi Russland géint d'Ukraine ageleet huet, réit d'Lëtzebuerger Regierung senge Staatsbierger dréngend vu Reesen a Russland of.
- 1
- 2
- 3
- 4
- 5
- Lescht Säit