De Ministère

Mission Statement

De Ministère bestëmmt d'Aussen- an d'EU-Politik vu Lëtzebuerg an e setzt s'ëm. E koordinéiert d'Aussepolitik vun der Lëtzebuerger Regierung. De Ministère agéiert am Interessi vum Land a senge Bierger. E setzt sech als Zil e kohärent Konzept an de Beräicher vun der Diplomatie, der Verdeedegung an der Entwécklung an.

Lëtzebuerg ass Grënnungsmember vun deene meeschte groussen internationalen Institutiounen, ënner anerem vun der Europäescher Unioun a vun der Organisatioun vun de Vereenten Natiounen (UNO), a setzt sech besonnesch fir déi europäesch Integratioun a fir de Multilateralismus an. Déi lëtzebuergesch Diplomatie vertrëtt d'Wäerter vu Fräiheet, Fridden a Sécherheet, a setzt sech an fir Demokratie, Mënscherechter, verantwortlech Staatsféierung a Rechtsstaatlechkeet, Solidaritéit an nohalteg Entwécklung. Se ass permanent beméit, de Respekt vum internationale Recht ze schützen an ze stäerken.

Déi lëtzebuergesch Diplomatie steet am Déngscht vun de Lëtzebuerger, vun de staatlechen Institutiounen, vum Privatsecteur a vun der Zivilgesellschaft, fir sämtlech lëtzebuergesch Interessen am Ausland ze vertrieden an ze verdeedegen, souwuel um politeschen an um konsularesche Plang wéi och an de Beräicher vun der Wirtschaft, vum Handel a vun der Kultur a gläichzäiteg d'Markenimage vum Land ze fërderen.

________________________ 

 

De Kompetenzberäich vum Ministère ass am interne Reglement vun der Regierung festgehalen.

Den Ministère fir auswäerteg an europäesch Ugeleeënheeten, Verdeedegung, Entwécklungszesummenaarbecht an Aussenhandel besteet aus engem Generalsekretariat an aacht Direktiounen.

Déi fräi Plazen am Ministère ginn online um Site vun der Fonction publique verëffentlecht, mat Ausnahm vun de Wahlbeobachtungsmissiounen a vun den Ausschreiwunge fir Asätz an der Entwécklungszesummenaarbecht. Fir datt Är Kandidatur déi gewënschten Opmierksamkeet kritt, rode mer Iech, Iech un eisen Zerwiss ze wennen.

Déi ëffentlech Opträg vum Ministère ginn um Site vun den ëffentlechen Opträg ausgeschriwwen. Bestëmmten ëffentlech Opträg kënnen och an eiser spezieller Rubrik ervirgehuewe ginn.

Aktualiséiert