Lëtzebuerg verstäerkt seng humanitär Hëllef fir d'Tierkei: weider Nouthëllef am Katastrophegebitt

Als Reaktioun op d'Äerdbiewen an der Tierkei an a Syrien an op Demande vun der tierkescher Regierung, baut Lëtzebuerg seng humanitär Hëllef fir déi betraffe Mënschen, duerch Spenden un d'Tierkei weider aus.

©MAEE Illustration
Illustration

Als Reaktioun op d'Äerdbiewen an der Tierkei an a Syrien an op Demande vun der tierkescher Regierung, baut Lëtzebuerg seng humanitär Hëllef fir déi betraffe Mënschen, duerch Spenden un d'Tierkei weider aus.

Esou huet d'Direktioun fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Aktioun vum Aussen- an Europaministère (MAEE) 8.000 Schlofsäck, 2.000 Hygiène-Kitten an 12 elektresch Generatore fir e Gesamtwäert vu 500.000 Euro zur Verfügung gestallt. An enker Zesummenaarbecht mat der tierkescher Ambassade zu Lëtzebuerg, huet d'Direktioun fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Aktioun och Transportkäschte vun den Donen iwwerholl, déi vun der Ambassade gesammelt goufen.

Ënner de Spende sinn och 236 Palette mat medezineschem Verbrauchsmaterial fir e Gesamtwäert vun 250.000 Euro, déi vum Gesondheetsministère an der Fédération des hôpitaux luxembourgeois (FHL) geliwwert goufen, wéi z.b. chirurgesch Masken, Kompressen, Sprëtzen, asw.

Des Weideren huet déi lëtzebuergesch Firma B Medical Systems, déi héichwäerteg medezinesch Geräter hierstellt a weltwäit verkeeft, 50 Transportkëschte fir Medikamenter a Blutttransfusioune gespent.

D'Spende gi mat zwee Charter-Flich vun der nationaler Fluchgesellschaft Cargolux transportéiert, déi vun der Direktioun fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Aktioun a vun der europäescher Unioun kofinanzéiert ginn. Den éischte Vol ass haut de Moie gestart, iwwerdeems den zweete fir e spéideren Zäitpunkt geplangt ass.

D'Sammlung an d'Verschécke vun den Hëllefsgidder gouf vun der Direktioun fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Aktioun an enker Zesummenaarbecht mat der Lëtzebuerger Ambassade zu Ankara koordinéiert an a Kollaboratioun mat verschiddene Lëtzebuerger Acteuren duerchgefouert: dem Gesondheetsministère, dem Inneministère, dem CGDIS (Corps grand-ducal d'incendie et de secours) esou wéi Acteuren aus dem Privatsecteur.

Et sief nach eng Kéier drun erënnert, datt Lëtzebuerg sech direkt nom Äerdbiewe mobiliséiert huet, fir de betraffene Populatiounen eng éischt Nouthëllef zoukommen ze loossen. Esou huet déi Lëtzebuerger Kooperatioun insgesamt bal eng Millioun Euro fir d'Ënnerstëtzung vun den humanitäre Moossname vu verschiddene Partner, déi an der Tierkei an a Syrien aktiv sinn, bäigesteiert, dorunner déi international Federatioun vun de Gesellschafte vum roude Kräiz a vum rouden Hallefmound (IFRC) an d'Lëtzebuerger humanitär ONGen Handicap International Luxembourg, Care in Luxembourg an d'Fondation Caritas. Dës si virun allem a Syrien aktiv, fir do déi néidegst Bedürfnisser vun der betraffener Populatioun ze decken, an deem si virun allem Nahrungsmëttel, Ënnerstänn, Heizungen a medezinesch Hëllef bereetstellen. Esou setzt Lëtzebuerg nieft senger Ënnerstëtzung fir d'Tierkei och insgesamt méi wéi 50% vu sengem finanzielle Bäitrag fir d'Ënnerstëtzung vun der syrescher Bevëlkerung an.

Communiqué vum Aussen- an Europaministère / Direktioun vun der Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheeten / Gesondheetsministère / Inneministère / Corps grand-ducal d'incendie et de secours (CGDIS)

Aktualiséiert