70. Anniversaire vun der éischter Sëtzung vun der "Haute Autorité de la Communauté européenne du charbon et de l'acier" (CECA) zu Lëtzebuerg

Den 13. Juli 2022, am Kader vum 70. Anniversaire vun der 1. Sëtzung vun der "Haute Autorité de la Communauté européenne du charbon et de l'acier" (CECA), hat de Rot vun de Kommissären - op Aluedung vun der Lëtzebuerger Regierung - seng wéchentlech Sëtzung op der Gemeng Lëtzebuerg. 

  1. ©SIP / Julien Warnand

    Setzung vum collège des commissaires - Gedenkminutt

    Setzung vum collège des commissaires - Gedenkminutt

  2. ©SIP / Julien Warnand

    Lydie Polfer, Ursula von der Leyen an Xavier Bettel

    Lydie Polfer, Ursula von der Leyen an Xavier Bettel

  3. ©SIP / Julien Warnand

    Accueil vun de EU-Kommissairen

    Accueil vun de EU-Kommissairen

  4. ©SIP / Julien Warnand

    (v L. no R.) Lydie Polfer; Ursula von der Leyen; Xavier Bettel; Jean Asselborn

    (v L. no R.) Lydie Polfer; Ursula von der Leyen; Xavier Bettel; Jean Asselborn

  5. ©SIP / Julien Warnand

    Accueil vum Ursula von der Leyen , duerch dem Premierminister Xavier BEttel an d';lydie Polfer, Buergermeeschtech

    Accueil vum Ursula von der Leyen , duerch dem Premierminister Xavier BEttel an d';lydie Polfer, Buergermeeschtech

  6. ©SIP / Julien Warnand

    Gruppefoto

    Gruppefoto

  7. ©SIP / Julien Warnand

    Illustratioun

    Illustratioun

  8. ©SIP / Julien Warnand

    Ënnerschreiwen vum Gëllenen Buch vun der Stad Lëtzebuerg

    Ënnerschreiwen vum Gëllenen Buch vun der Stad Lëtzebuerg

"Wann ee vun der europäescher Unioun schwätzt, géif ech woen ze soen, datt hei alles ugefaangen huet. Mee fir ganz korrekt ze sinn, géif ech soen datt et och hei ass wou alles ugefaangen huet", sot de Premier zu dësem Ulass.

Well et war op dëser Plaz, am Sall vum Gemengerot, datt déi héich Autoritéit vun der CECA, d'Exekutivorgan vun der éischter europäescher Kommissioun, den 10. August 1952 hir éischt Sëtzung hat. Dofir war et der Regierung an der Stad Lëtzebuerg wichteg den Ufank vun dësen Aarbechten zu Lëtzebuerg ze feieren, déi aus der Stad déi historesch Haaptstad vun den europäeschen Institutioune gemaach hunn. An dësem Kader hunn de Premierminister a Staatsminister, Xavier Bettel, an d'Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg, Lydie Polfer, a Presenz vum Schäfferot, d'Presidentin vun der EU-Kommissioun Ursula von der Leyen, an de Rot vun de Kommissären op der Gemeng empfaangen.

No der Sëtzung vum Rot vun de Kommissäre gouf eng Gedenkplack vun der EU-Kommissiounspresidentin, Ursula von der Leyen a Presenz vum Premierminister a Staatsminister Xavier Bettel, vum Aussen- an Europaminister Jean Asselborn a vun der Buergermeeschtesch Lydie Polfer ageweit. An dësem Kader huet d'Buergermeeschtesch ervirgehuewen, datt et wichteg wier sech dorunner ze erënneren datt déi Epoch vu 70 Joer ons Wuelbefannen, Eenheet a virun allem Fridde bruecht huet an datt een deene misst dankbar sinn, déi zu der Versönung an dem Opbau vun Europa bäigedroen hunn.

No der Aarbechtssëtzung vum Rot huet d'Regierung op ee Mëttegiessen invitéiert.

"Nodeems d'Zerstéierung, d'Gewalt an de mäerderesche Krichswansinn, dee säi grujelegen an trageschen Héichpunkt mam Holocaust hat, onse Kontinent zerstéiert hat, war d'Devise: ni méi - ne plus jamais – nie wieder – never again. Oder fir de Robert Schuman a senger Deklaratioun vum 9. Mee ze zitéieren: "De Weltfridde kann net geséchert ginn ouni kreativ Beméiungen, déi op der Héicht vun de Geforen sinn déi e bedroen." Haut, méi wéi 72 Joer méi spéit, an an engem anere Kontext, deen awer deelweis nach mat sengem Ursprong verbonnen ass, kléngen dës Wierder em sou méi staark no. Et ass ons historesch Flicht dës kreativ Beméiungen, déi de Menacë vum Fridden ugepasst sinn, anzeleeden, weider ze féieren an ze erfëllen. Et läit un ons dëse Beméiunge gerecht ze ginn" huet de Premier wärend dem Aarbechtsiesse betount. Well et war um Uschloss un d'Deklaratioun vum Schuman vum 9. Mai 1950, datt d'Paräisser Ofkommes, fir d'Grënnung vun der Communauté européenne du charbon et de l'acier (CECA), den 18. Abrëll 1951 vun Däitschland, der Belsch, Frankräich, Italien a Lëtzebuerg ënnerschriwwe gouf. Duerch d'Schafe vun engem eenheetleche Maart fir Kuel a Stol sollt de Krich an Europa "net nëmmen ondenkbar, mee och materiell onméiglech gemaach ginn".

Zu dësem Zweck goufen duerch de Vertrag verschidden Institutioune geschaf: eng héich Autoritéit, déi vun engem Comité consultatif ënnerstëtzt gëtt, eng gemeinsam Versammlung, e Spezialrot aus Ministeren an ee Geriichtshaff. D'Fro ëm de Sëtz vun dësen Institutiounen huet deemools hefteg Diskussiounen ausgeléist. Enn Juli 1952 huet de Lëtzebuerger Ausseminister Joseph Bech schliisslech virgeschloen, datt d'CECA provisoresch sollt mat hiren Aarbechten zu Lëtzebuerg ufänken.

Nodeems Lëtzebuerg esou als provisoreschen Aarbechtssëtz vun der CECA ausgewielt gouf, konnten déi verschidden Institutiounen nëmmen e puer Deeg méi spéit hir Aarbecht hei zu Lëtzebuerg ophuele mat der Aféierungssëtzung vun der héijer Autoritéit den 10. August 1952 ënnert der Presidence vum Jean Monnet, der éischter Sëtzung vum Spezialrot vun de Ministeren den 8. September 1952 ënnert der Presidence vum däitsche Bundeskanzler Konrad Adenauer, an , den 10. Dezember 1952 déi éischt Aarbechtssëtzung vum Geriichtshaff. Nodeems déi éischt europäesch Beamten an hir Famillen am Grand-Duché ukomm sinn, gouf Lëtzebuerg och zur Wéi vum System vun den Europaschoulen, woubäi déi éischt Schoul am Oktober 1953 zu Lëtzebuerg gegrënnt gouf.

70 Joer méi spéit bleift Lëtzebuerg weiderhin eng vun den 3 europäeschen Haaptstied, an ass weiderhin, entspriechend dem Primärrecht vun der europäescher Unioun, de Sëtz vu villen europäeschen Institutiounen, Agencen an Organer. Haut schaffen iwwer 14.000 Beamten an Agenten zu Lëtzebuerg fir verschidden Direktioune vun der europäescher Kommissioun, fir d'Generalsekretariat vum europäesche Parlament, den europäesche Geriichtshaff, d'europäesch Investitiounsbank, de Büro vun den Amtleche Publikatioune vun den europäesche Communautéiten, den europäesche Rechnungshaff, den europäesche Stabilitéitsmechanismus, déi 2 Europaschoulen, den Iwwersetzungszentrum vun den Organer vun der europäescher Unioun, der gemeinsamer Entreprise fir Héichleeschtungsrechnen (EuroHPC) an den europäesche Parquet. Kierzlech koum nach d'Cour d'appel an d'Geschäftsstell vum eenheetleche Patentgeriicht dobäi. Dëst neit Geriicht wäert fir déi Fäll zoustänneg sinn, wou et em d'Violatioun an d'Gültegkeet vun den neien Eenheetspatenter an den europäesche Patenter geet.

Säit 1965 fannen d'Sëtzunge vum Rot am Abrëll, Juni an Oktober zu Lëtzebuerg statt.

Communiqué vum Staatsministère, vum Aussen- an Europaministère an der Stad Lëtzebuerg

Aktualiséiert