Éischten Dag vun der Aarbechtsvisitt vum Xavier Bettel an Israel a Palästina

De Minister fir auswäerteg Ugeleeënheeten an Aussenhandel, Minister fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheeten, Xavier Bettel, ass zurzäit op Aarbechtsvisitt an Israel an a Palästina.

  1. ©Miri Shimonovich

    Israel Katz, israeelesche Minister fir auswäerteg Ugeleeënheeten; Xavier Bettel, Minister fir auswäerteg Ugeleeënheeten an Aussenhandel, Minister fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheeten

  2. ©MAEE

    De Xavier Bettel besicht e Kibbuz dee vun der Hamas ugegraff gi war

    De Xavier Bettel besicht e Kibbuz dee vun der Hamas ugegraff gi war

  3. ©MAEE

    De Xavier Bettel besicht e Kibbuz dee vun der Hamas ugegraff gi war

    De Xavier Bettel besicht e Kibbuz dee vun der Hamas ugegraff gi war

  4. ©MAEE

  5. ©MAEE

    De Xavier Bettel besicht e Kibbuz dee vun der Hamas ugegraff gi war

    De Xavier Bettel besicht e Kibbuz dee vun der Hamas ugegraff gi war

  6. ©MAEE

    Xavier Bettel, Minister fir auswäerteg Ugeleeënheeten an Aussenhandel, Minister fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheeten ; Amir Ohana, President vun der Knesset

    Xavier Bettel, Minister fir auswäerteg Ugeleeënheeten an Aussenhandel, Minister fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheeten ; Amir Ohana, President vun der Knesset

  7. ©Miri Shimonovich

    De Xavier Bettel besicht e Kibbuz dee vun der Hamas ugegraff gi war

    De Xavier Bettel besicht e Kibbuz dee vun der Hamas ugegraff gi war

  8. ©Miri Shimonovich

    De Xavier Bettel besicht e Kibbuz dee vun der Hamas ugegraff gi war

    De Xavier Bettel besicht e Kibbuz dee vun der Hamas ugegraff gi war

Den éischten Dag vun der Aarbechtsvisitt war Gespréicher an Israel gewidmet. Fir d'éischt huet de Minister Bettel de Kibbuz Kfar Azza besicht, deen de 7. Oktober 2023 vun Hamas-Terroristen ugegraff gouf, an huet mat Residente geschwat, déi d'Attack iwwerlieft hunn. E puer Dosen Ziviliste waren am Kibbuz ëm d'Liewe komm oder entfouert ginn.

"D'Zeienaussoen, déi mir haut de Moien héiere konnten, an d'Biller, déi mir gesinn hunn, sinn zudéifst beonrouegend. Näischt, absolutt näischt, kann déi barbaresch Dote vun den Hamas-Terroriste géint déi onschëlleg Ziviliste rechtfäerdegen", sot de Xavier Bettel an deem Kontext an huet nach emol d'Fuerderung zum Fräiloosse vun alle Geiselen opgeruff, déi vun der Hamas festgehale ginn.

Zu Jerusalem, hat de Minister dono bilateral Gespréicher mam Minister fir auswäerteg Ugeleeënheeten, Israel Katz, a mam President vun der Knesset, Amir Ohana.

Bei dëse Gespréicher, huet de Minister Xavier Bettel ënnerstrach, dass all Staat d'Recht an d'Flicht hätt, seng Bierger géint terroristesch Attacken ze verdeedegen. Mee no dräi Méint Kämpf an Dausenden Doudesaffer an der Zivilbevëlkerung vu Gaza, géif et ëmmer méi schwéier ginn Argumenter fir eng Verdeedegung ze fannen, déi legitim a verhältnesméisseg wier. En huet dorun erënnert, dass Israel onbedéngt verschäerfte Mesuren ergräife misst, fir d'Zivilbevëlkerung an der Gazasträif ze schützen an en ongehënnerten Zougank zur humanitärer Hëllef fir all d'Mënschen an Nout ze garantéieren. Ausserdeem huet en nach eemol en humanitäre Waffestëllstand gefuerdert an dorun erënnert, dass déi viregt Waffestëllstänn d'Befreiung vu Geiselen erméiglecht hätten.

An de Gespréicher goung et och ëm d'Friddensperspektiven am Mëttleren Osten. Iwwerdeem huet de Minister Bettel nach eng Kéier betount, datt Lëtzebuerg un enger Zwee-Staate-Léisung géing festhalen. Dëst wier déi eenzeg Manéier, fir e gerechten an dauerhafte Fridde fir all d'Mënschen an der Regioun ze garantéieren. Esou e Fridde géif d'Sécherheet an Israel garantéieren an och verhënneren, dass Attacke wéi déi vum 7. Oktober zustane kommen, a gläichzäiteg déi legitim Ambitiounen vum israeelesche Vollek respektéieren.

Muer reest de Minister Bettel op Ramallah a Palästina weider.

Communiqué vum Ministère fir auswäerteg an europäesch Ugeleeënheeten, Verdeedegung, Entwécklungszesummenaarbecht an Aussenhandel

Aktualiséiert