Gëltegkeet vun Ärem Reespass

Ugesiichts der bevirstoender Summervakanz, wëll den Aussen- an Europaministère (MAEE) dorun erënneren, dass Dir fir déi meescht Destinatiounen ausserhalb der Europäescher Unioun, inklusiv dem Vereenegte Kinnekräich, e gëltege Reespass braucht. All Land bestëmmt selwer, wéi laang de Reespass vun de Visiteure gëlteg si muss.

Fir vereenzelt Länner ass och eng elektronesch Reesgeneemegung oder e Visa erfuerderlech.

De MAEE empfielt dohier, sech rechtzäiteg op den offizielle Websäiten oder bei de Botschaften/Konsulater vun de jeeweilegen Destinatiounen iwwert déi erfuerderlech Dokumenter a Gëltegkeetsdauer ze informéieren a, wa néideg, rechtzäiteg e neie lëtzebuergesche Pass unzefroen, fir zousätzlech Fraise vun enger Expressprozedur ze vermeiden. Denkt wannechglift drun, datt d’Verlängerung vun der Gëltegkeet vun engem bestoende Reespass net méiglech ass.

Weider Informatiounen zur Ufro vun engem neie Reespass fannt Dir op Guichet.lu:

Fir Residenten: https://guichet.public.lu/fr/citoyens/citoyennete/papiers-identite/titre-voyage/passeport-biometrique-resident.html

Fir Non-Residenten: https://guichet.public.lu/fr/citoyens/citoyennete/papiers-identite/titre-voyage/passeport-biometrique-non-resident.html

Aktualiséiert