Attributiounen

D'Zoustännegkeete vum Ministère fir auswäerteg an europäesch Ugeleeënheeten, Verdeedegung, Entwécklungszesummenaarbecht an Aussenhandel gi vun der Annex B vum interne Reglement vun der Regierung definéiert.

I. Auswäerteg an europäesch Ugeleeënheeten, Entwécklungszesummenaarbecht, Aussenhandel a Groussregioun

  1. International Bezéiungen – Koordinatioun tëscht de ministeriellen Departementer am Beräich vun den internationale Bezéiungen – Aussepolitik a Sécherheet – Operatiounen am Déngscht vum Fridden – Interministerielle Comité vun de Mënscherechter – International kulturell Bezéiungen – International Organisatiounen a Konferenzen – International Traitéen an Accorden – Verwaltung an allgemeng Koordinatioun vum Ministère – Diplomatesche Service – Konsularesch Affären: Päss, Visaen, Legalisatiounen a konsularesch Berodung – Protokoll vun der Regierung (a Récksprooch mam Staatsministère fir de Volet vun den ëffentlechen Zeremonien).
  2. Europäesch Politik – Koordinatioun vun der europäescher Politik tëscht de ministeriellen Departementer – Koordinatioun vun der Transpositioun an der Ëmsetzung vun europäeschem Recht – Interministerielle Comité fir d'Koordinatioun vun der europäescher Politik (CICPE) – Interministerielle Koordinatiounscomité fir déi grenziwwerschreidend Kooperatioun (CICT) – Institutionaliséiert Kooperatioun vun der Groussregioun – Haus vun der Groussregioun.
  3. International Wirtschaftsbezéiungen – Multilateral Wirtschaftsorganisatiounen – International Wirtschaftspolitik – Wirtschaftlech Diplomatie – Koordinatioun am Beräich vun der Ëmsetzung vun internationale Sanktiounen – Wirtschaftlech Sécherheet (internationalen an europäesche Volet).
  4. Siège vun europäeschen an internationalen Institutiounen an Organisatiounen – Siège-Politik – Koordinatiounscomité fir d'Installatioun vun europäeschen Institutiounen an Organisatiounen.
  5. Wirtschaftlech Promotioun a Prospektioun – Promotioun vum Aussenhandel – Prospektioun vun Investissementer (a Récksprooch mam Wirtschaftsministère, mam Finanzministère a mam Staatsministère) – Presidence vum Trade and Investment Board (TIB) (gedeelte Kompetenz mam Wirtschaftsministère), Presidence vum Trade and Investment Steering Committee (TISC) – Koordinatioun vum TISC, TIB – Wirtschaftlech Missioune – Foiren a spezialiséiert Ausstellungen am Ausland – Encadrement vun internationalen Aktivitéite vu Lëtzebuerger Entreprisen – Finanzinstrumenter fir d'Promotioun vun den Exporter – Administratioun a Gestaltung vum Reseau vun de Luxembourg trade and investment offices (LTIO) – Koordinatioun a Finanzéierung vum Prospektiouns-Volet vu Luxinnovation – Iwwerwaachung vun den Exporter, vun den Importer a vum Transit – OCEIT – Verbond (GIE) vun de Weltausstellungen.
  6. Koordinatioun an Ëmsetzung vun der Kooperatiounspolitik am Beräich vun der Entwécklungszesummenaarbecht an den humanitären Ugeleeënheeten – Koordinatioun vun der Lëtzebuerger ëffentlecher Entwécklungshëllef – Koordinatioun an Ëmsetzung vum internationale Volet vun den Ziler fir nohalteg Entwécklung – Banque européenne d'investissement (Volet BEI Monde) – Multilateral Banke fir Entwécklungshëllef (inklusiv den internationale Wärungsfong an d'Weltbank) – Gestioun vun de Mandatairë vu bilaterale Projeten a Programmer – Relatioune mat den ONGen – Relatioune mat europäeschen a multilateralen Organisatiounen am Beräich vun der Entwécklungshëllef an den humanitären Ugeleeënheeten – Interministerielle Comité fir d'Entwécklungszesummenaarbecht.

II. Defense

  1. Allgemeng Politik an international Kooperatiounspolitik am Beräich vun der Defense – Strateegesch Planifikatioun vun de Bestriewungen am Beräich vun der Defense – Planifikatioun a Suivi vun de Stationéierungen innerhalb vun de Friddens- a Preventiounsoperatiounen, sou wéi am Kontext vu Krisen – Weiderentwécklung vun den nationalen a multinationale Verdeedegungscapacitéiten am Buedem-, Loft-, Weltraum- a Cyberberäich zu Militärzwecker oder zur Duebelnotzung – Ënnerstëtzung bei der Entwécklung vun enger gesamtstaatlecher Approche fir d'Verdeedegungsefforten an Zesummenaarbecht mam Héije Kommissariat fir national Sécherheet, sou wéi mat den zoustännege Ministèren an Instanzen, notamment de Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet.
  2. Arméi: Verdeedegung vum nationale Gebitt – Ënnerstëtzung am Katastrophefall – Bedeelegung un der gemeinsamer Verdeedegung am Kader vun internationalen Organisatiounen – Bedeelegung un Operatiounen zur Krisegestioun an un humanitären Hëllefsmissiounen – Bedeelegung un der Iwwerpréiwung an un der Kontroll vun der Ëmsetzung vun internationalen Traitéen am Rüstungsberäich – Moderniséierung vun den Infrastrukturen an den Ekipementer – Sozial Roll – Berufflech Ëmorientéierung vu fräiwëllegen Zaldoten – Militäresch Juridictiounen – Militäresch Uerden – Veteranen – Relatioune mat den alliéierte militäreschen Instanzen a Partner – Militärsport.

Aktualiséiert