Interview de Jean Asselborn avec Rtl Radio Lëtzebuerg

"(...)Schengen (...) ass eng immens grouss Errungenschaft"

Interview: RTL Radio Lëtzebuerg (Pit Everling)

RTL Radio Lëtzebuerg: Um Tëlefon begréissen ech elo de lëtzebuerger Aussemininster, de Jean Asselborn. Gudde Moien Här Asselborn.

Jean Asselborn: Gudde Moien Här Everling.

RTL Radio Lëtzebuerg: Här Asselborn, och wann de lénkse Bord elo écartéiert ginn ass, et geet weider mat enger Koalitioun, déi auss europäescher Siicht an der lescht keen einfache Verhandlungspartner war?

Jean Asselborn: Jo, bein, ech mengen et brauch een net vill ze philosophéieren. Dir hutt et grad gesot: den Tsipras kritt eng zweet Chance, héchstwahrscheinlech gett et och déi nämlecht Koalitioun mat ANEL.

Ech menge wann een alleguer d’Parteien addéiert, niewent Syriza, déi den drëtte Programm ënnerstëtzt hunn, da gesäit een datt de griichesche Wieler eigentlech d’Iddi fir aus dem Euro erauszegoen, oder fir erëm op d’Drachmen zeréckzekommen, wierklech geschreddert huet.

An Dir wësst, datt grouss Bedenken, déi mir alleguer mussen hunn, sin datt déi Gëllen Aurore nach méi gëlleg ginn ass. Déi hunn nach zougewonnen. Mä et si Wahlen, wou d’griichescht Vollek sech ausgedréckt huet an eng kloer Richtung, an déi ass an Europa selbstverständlech ze respektéieren.

RTL Radio Lëtzebuerg: Den Tsipras war awer elo an der Vergaangenheet ëmmer erëm fir Iwwerraschunge gutt. Gitt Dir dann dovunner aus mat elo mat neiem Wand am Réck, datt hien awer all Accorden anhält?

Jean Asselborn: Jo, also ganz kloer. Syriza an och den Här Tsipras hu sech ganz kloer an der Campagne engagéiert fir den drëtten Hëllefsprogramm vun – mengen ech – 85 Milliarden, ëmzesetzen.

Déi Haaptaufgab gesinn ech doranner datt elo, net nëmmen alleng Syriza mä all Parteien, sech wierklech Méi gi fir datt de griichesche Staat erëm méi efficace ka fonctionnéieren. Well och Milliarden a Milliarde vu baussen, déi hëllefen net vill wann dat an Zukunft net de Fall ass.

RTL Radio Lëtzebuerg: Här Asselborn, déi grouss Flüchtlingskris am Moment betrëfft jo och Griichenland. Muer um extraordinäre JAI-Conseil soll iwwer déi sougenannten Hotspoten a Griichenland geschwat ginn, esou grouss Zentre fir eng éischt Prise en charge.

Jean Asselborn: Jo, erlaabt mir vläicht just e Wuert – well ech aus der Türkei kommen – ze soen wéi d’Situatioun do ass. A Syrien selwer, wat jo en Nopeschland ass vun der Türkei, si 7 Milliounen déplacéiert Leit, also Leit déi keen Heem méi hunn. Zengdausenden dovunner transistéieren elo direkt duech d’Türkei Richtung Griichenland. Dat musse mir wëssen.

Dat zweet dat ass, an der Türkei sinn zwou Millioune syresch Leit. An Istanbul alleng 350.000. Et si 25 Campen do, wou 300.000 Syrer opgefaange sinn, also liewe kënnen. Wann deen Trend unhält – an deen hält un – datt och nach dausende Leit, déi net nëmme Syrer sinn, mä virun allem Syrer natierlech, d’Türkei verloossen, da wësst Dir wat fir een Défi datt mir ze meeschteren hunn. An dofir brauche mir éischtens Hëllef fir d’Türkei. Do soll jo e Pak vun enger Milliard gemaach ginn. Mä mir brauchen och endlech, a Griichenland, Opfangstrukture fir datt dee Chaos ophéiert, fir datt déi Leit do wierdeg emfaange ginn, an datt se kënnen och opgedeelt ginn an d’europäesch Länner.

Mir hunn d’lescht Woch schonn d’Kommissioun wierklech gebieden – an d’Kommissioun huet och favorabel reagéiert – datt finanziell a logistesch gehollef gett. An ech hoffen och datt de politesche Wëllen a Griichenland bei der neier Regierung do ass, fir déi Opfangstrukturen ze schafen.

RTL Radio Lëtzebuerg: Ass dann do muer scho mat engem Duerchbroch ze rechnen?

Jean Asselborn: Wësst Dir, et gëtt ëmmer vun deenen 120.000 geschwat, ech mengen dat ass ze meeschteren, mä gleeft mir, an deene leschten Deeg, och elo nach déi ganz Nuecht – an dat wäert och nach weider goe bis en Dënschdeg – wann ee mengt, et wier ee Lach zou, da geet erëm een anert op. Et bleift schwéier fir dee ganze Pak do en Visite ze setzen. Ech maachen all Efforten, an och mir als Présidence, och vill, vill Leit zu Bréissel, mir hoffen.

RTL Radio Lëtzebuerg: Dir hutt de Moment e chargéierte Programm. Haut probéiert Dir zu Prag nach Homologen aus osteuropäesche Länner fir mat deenen iwwer Verdeelungsquoten ze schwätzen och?

Jean Asselborn: Jo, dat si jo déi Länner déi am meeschte Problemer haten de leschte Méindeg. A wéi gesot, ech mengen et ass meng Aufgab fir all Efforten ze maachen, fir datt ee mat Gedold, mä awer och vläicht mat enger gewëssener Iwwerzeegungskraaft probéiert d’Leit alleguer am selwechte Boot ze halen. Mä, ech soen dat nach eng Kéier, och no där Hënt vu gëschter wou d’Ambassadeuren dru geschafft hunn, ass et net einfach.

RTL Radio Lëtzebuerg: Och am Kontext Flüchtlingskris nach Här Asselborn. De Weekend war de Front national zu Lëtzebuert, méi genee zu Schengen fir do ze feieren, datt deelweis Grenzkontrollen nees agefouert gi sinn. Wat ass do d’Reaktioun vun engem lëtzebuerger Ausseminister?

Jean Asselborn: Jo, Här Everling, also wat ech nëmme ka soen – an ech si kee Professer –mä et dierf een net drop erafalen op dat Spill mat der Angscht, wat vun deene rietsextremen nationalistesche Parteien à la Le Pen, à la Front National gemaach gëtt.

Wësst Dir, d’Aussegrenze vun der Europäescher Unioun musse kontrolléiert ginn, dat ass evident. An net d’Grenze vun all Staat. Ech menge wa mir erëm Polizisten an Douanieren op all lëtzebuerger Grenziwwergank schécken, da gëtt Lëtzebuerg net méi sécher, doutsécher net. An dat nämlecht zielt och fir grouss Länner wéi Däitschland, oder fir Frankräich. Mir wëlle jo héchstwahrscheinlech och net erëm Schengen ofschafen, datt d’Leit no dräi Joerzéngten erëm stonnelaang an de Stauen op de Grenze stinn.

Dat zweet wat och wichteg ass, dat ass, wëlle mir wierklech eist Land, mat pickegem Drot zu Stengefort, oder zu Diddeleng, oder op der Wemperhaart zoumaachen, fir datt keng Leit an eist Land erakommen, déi virum Krich, virun der Barbarei musse fortlafen? Ech mengen, Schengen, dat muss een ëmmer erëm widderhuelen, dat ass eng immens grouss Errungenschaft – vläicht déi gréisst vun der Europäescher Unioun – an déi dierf net zesummebriechen. Well et ass jo och deen Acquis deen de Bierger eigentlech am meeschte bruecht huet. Dofir, Fangeren ewech. Och dee Gedanke, datt wann ee Schengen géif aschränken, oder futti maachen, datt mir dann zu Lëtzebuerg méi Sécherheet hätten, an datt mir och da vläicht erëm ënnert eis, wéi dat esou schéi gesot gëtt, en anert Liewe kënne féieren, oder ee bessert Liewe kënne féieren, dat ass falsch.

RTL Radio Lëtzebuerg: E puer Wierder vum Ausseminister Jean Asselborn. Här Asselborn, ech soe Merci fir dëst Gespréich.

Jean Asselborn: Merci!

Dernière mise à jour