Interview d'Étienne Schneider avec le FGFCmag

"Kee kënnt laanscht Reformen, och mir hei zu Lëtzebuerg net"

Interview: FGFCmag

FGFCmag: Här Minister, wat beweegt lech zur Zäit am meeschten?

Étienne Schneider: Wat mer Suerge mécht, si Mouvementer wéi Pegida an Däitschland. Hei versiche Leit vun alle Borden déi aktuell Problemer vun eiser Gesellschaft op eng Relioun ofzewälzen. Dëst mécht mech immens rosen, well et scheinbar erém Leit ginn, déi 70 Joer no der Befreiung vun Ausschwitz, an déiselwecht Richtung dreiwe wéi deemools. Hei steet d'Politik an der Verantwortung dës Zesummenhäng opzeklären a kloer duerzeleeén, datt d'Welt net esou einfach strukturéiert ass wéi scheinbar esou munch Kapp. D'Relatiounen zwésche Russland an der Ukrain maache mer och Suergen. Hei sinn d'Froen: Wat well Russland? Wat wellen d'Russe konkret? Wéi wäit wellen se goen? Wéi ass d'Reaktioun vun de westleche Staaten heirobber?

FGFCmag: Stéchwuert Ukrain: Ass e Krich mëtten an Europa nach ze verhénneren?

Étienne Schneider: Ze verhénneren ass dése Krich mat Sécherheet. Mee eleng d'Froestellung weist, datt mer e grousse Problem hunn. Datt mer iwwerhaapt op d'Iddi kommen, datt et nach eng Kéier kéint e Krich ginn, mécht mer Suergen. Mir mussen émmer erém mat allen diplomatesche Mëttele verhénneren, datt d'Eskalatiounsspiral sech weiderdréint.

FGFCmag: Aktuell gläicht d'Welt engem Polverfaass. Gesitt Dir dat och esou ?

Étienne Schneider: Jo, ech gesinn dat och esou. Kuckt een déi aktuell international politesch Situatioun zesumme mat de verschiddene politesche Stréimungen an Europa, da sollt een sech scho Gedanke maachen. Fakt schéngt mer ze sinn, datt déi Leit, déi probiere Problemer verstänneg a mat engem klore Kapp unzegoen, émmer méi an d'Minoritéit kommen. Dat ass net gutt.

FGFCmag: Wann een Äre Werdegang als Politiker kuckt, sou war dat bis elo e glaten Durchmarsch vun der Schoulbänk bis bei déi Mächteg vun déser Welt. Sidd Dir e Glécksvull?

Étienne Schneider: Ech gesi mech a menger aktueller Positioun als Minister net als Glécksvull. Generell fannen ech, datt d'Positioun vun engem Politiker iwwerbewäert gétt. Vill Leit gesinn net, wat de Poste vun engem Minister u Responsabilitéit, Stress, Agenda an Absenz vu Privatliewe mat sech bréngt, dat fir mech bal net méi existéiert. Esou definieren ech op d'mannst net den Terme "Glécksvull". Richteg ass, als jonke Bouf wollt ech émmer Minister ginn. Dat Zil hunn ech erreecht, woubäi ech haut net méi esou richteg novollzéie kann, firwat ech dat deemools wollt ginn, mee gutt...

FGFCmag: Wat bedeit fir lech glécklech sinn?

Étienne Schneider: Mat Frénn a Famill zesummen ze sinn an net iwwer Politik mussen ze schwätzen.

FGFCmag: Wat verschafft lech déi néideg Buedemhaftung am Kontakt mat Äre Wieler?

Étienne Schneider: Ech hunn net vergiess, wou ech hier kommen. Virun allem genéissen ech et regelméisseg dohinner zeréck ze goen. D'Fro stellt sech also fir mech net.

FGFCmag: Wat ass lech wierklech wichteg?

Étienne Schneider: Famill a Frénn...

FGFCmag: Op wat kënnt Dir verzichten?

Étienne Schneider: Op dee ganze Bling-Bling a Brimborium ronderém d'Amt vum Vizepremier a vum Minister. Dat brauch ech definitiv net, fir glécklech ze sinn.

FGFCmag: Bréngt lech déi nei griichesch Regierung nuets ëm de Schlof?

Étienne Schneider: Em mäi Schlof bréngt mech esoubal näischt. Méindes no de Wahlen a Griicheland hunn ech moies d'Zeitung gelies an hu Fotoe vu Mensche gesinn, déi vu Freed gekrasch hunn, well se sech erwaarden, datt elo alles besser geet. Des Mensche di mer leed, well se ganz séier mierke wäerten, datt se och, wann se elo d'Syriza-Partei gewielt hunn, wäerte batter enttäuscht ginn. D'Welt ass nun emol net esou, datt e Land wéi Griicheland sech eng nei Regierung wielt an da seet, elo geet alles besser. All déi Institutioune vun deenen d'Griichen ofhängeg sinn, wäerten hinnen an den nächste Wochen a Méint soen, wat geet a wat net geet. Et ass einfach och net denkbar, datt eng nei Regierung untrëtt a seet, mir hätten elo gären eis Scholden erlooss. Dat heescht nämlech näischt anescht, wéi datt déi aner Länner solle fir si bezuelen, net méi awer och net manner. Och mengen ech net, datt de Lëtzebuerger Steierzueler bereet ass Honnerte vu Milliounen Euro ze bezuelen. Dat wier nämlech d'Konsequenz heivunner. Richteg ass, mee net eréischt zénter de Wahlen, datt mer Länner wéi Griicheland an aner Länner mussen den Otem loossen, fir hinnen eng reell Chance ze ginn. Hei gëllt et d'Konditiounen eventuell ze strecken. Mee einfach elo ze soen:"Mir halen eis net méi un dat, wat eis Virgängerregierung ausgehandelt huet" dat kann net goen, well soss de ganze System a Fro gestallt ass. D'Konsequenz heirausser ass nämlech, datt da muer keen de Griiche méi wäert ee Su léinen.

FGFCmag: Ass déi aktuell EU-Wirtschaftspolitik wierklech esou"alternativlos" wéi se oft vu Berlin duergestallt gëtt?

Étienne Schneider: Ech mengen net, datt se alternativlos ass. Duerch d'weltwäit Globaliséierung hu mir awer d'Gestaltungsméiglechkeet vun der Wirtschaftspolitik zu engem gudden Deel aus der Hand ginn. Mir sinn an engem globaliséierte Marché a mir kennen elo hei intelligent Dossieren diskutéieren an och decidéieren. Wann des Iddien dem Kapital net gefalen, dann ass dat méi séier fort wéi Der kénnt kucken. Esou ass d'Welt, och wann Dir an ech se vläicht gären anescht hätten. Alternativlos ass déi aktuell Politik an deem Senn net, well ech der Meenung sinn, datt een de Leit muss Kafkraaft ginn, soss funktioniert de System net méi. Mee och do ginn et Limitten. Fakt ass: D'Geld muss fir d'éischt verdéngt ginn, ier een et kann ausginn. An Europa hu mir awer de Problem, dass vill Staaten, och wéi et hinnen nach gutt gaang ass, sech émmer méi héich verschëlt hunn. Mir hunn elo keng grouss Marge méi zesummen hei nach vill ze beweegen. Dat sollt eis Léier si fir d'Zukunft, virun allem an de gudde Joren zumindest d'Scholden net weider derapéieren ze loossen, wéi dat elo de Fall wor. A schlechten Zäite brauch een einfach Reserve fir kennen ze reagéieren. An déser Situatioun si mer awer leider an Europa net. Kee Land huet nach genuch "marge de maoeuvre , fir weider Scholden ze maachen. Dofir kënnt kee laanscht Reformen, och mir hei zu Lëtzebuerg net. Duerch d'Aféiere vum Spuerpak zum Beispill, solle mir als Land eben net an eng Spiral erageroden, wou mer einfach soen: "Eis ass alles egal. Eis Kanner oder weider Generatioune mussen dat do bezuelen!" Dat kann et net sinn, esouvill Responsabilitéit musse mer alleguer zesummen opbréngen, fir hei géigenzesteieren.

FGFCmag: Wat nervt lech esou richteg un Äre Landsleit?

Étienne Schneider: Den Näid vun de Leit ënnerteneen nervt mech esou richteg. Dat gëllt awer net nëmme fir meng Landsleit. An deene 5 leschte Krisejoren huet des Reaktioun vun de Leit op alles a jiddereen ëmmer méi zougeholl. Näid vis-a-vis vun engem Aneren, datt ass eppes, wat ech net verdroen, weder als Politiker nach privat.

FGFCmag: Wat fillt Dir, wann Dir déi vill afrikanesch Flüchtlingsbooter virun der Küst vu Lampedusa gesitt?

Étienne Schneider: Et ass en Drama ze gesinn, wat sech do ofspillt. Op der enger Säit ass et eng Bankrotterklärung vun der europäescher Entwécklungspolitik. Scheinbar brénge mer et net fäerdeg dëse Leit bei hinnen doheem déi Perspektiven ze ginn, fir datt se iwwerhaapt emol net op d'Iddi kommen, fir bei eis ze kommen. Op der anerer Säit ass et äusserst tragesch ze gesinn, mat wat fir enge Virstellungen des Menschen doheem fortginn. Mir si fir si souzesoen "das gelobte Land" ze gesinn, wéi et deene Ménschen da geet, wann se dann an Europa ukomm sinn, an a wat fir enge Liewenskonditiounen si sech dann erëmfannen, ass schwéier ze erdroen an oft e perséinlecht Drama. 


Dernière mise à jour