Interview de Jean Asselborn avec RTL Radio Luxembourg au sujet des élections parlementaires en Grèce

Interview: RTL Radio Lëtzebuerg (Claude Zeimetz)

Claude Zeimetz: An um Telefon vun Addis Abeba begréissen ech dann elo den Ausseminister Jean Asselborn fir eng éischt Reaktioun zu der Victoire vu Syriza. Gudde Moien, Här Asselborn.

Jean Asselborn: Gudde Moien, Madame Zeimetz.

Claude Zeimetz: D’Sondagen hunn d’Lénkspartei jo virgesinn, eng Iwwerraschung ass déi Victoire also net. Dat griichescht Vollek wollt zu 36% eng aner Politik. Déi Konservativ an d’Sozialiste ginn also an d’Oppositioun geschéckt. Wat déi gezwonge Spuerpolitik dann elo zevill fir d’Griichen?

Jean Asselborn: Also eng mengen et ass e kloert Resultat. Dir wësst, datt, déi klassesch Parteie verluer hunn, Syriza huet gewonnen, an d’Griichen hu sech – wéi Dir ugedeit hutt – net géint Europa ausgeschwat, an net géint den Euro. Mä géint d’Konditiounen – dat ass de Punkt – ënnert deenen déi Schwaach an och grouss Deeler vun der Mëttelschicht ze liewen haten.

Ech mengen, de spréngende Punkt ass eigentlech deen, datt déi Leit déi all Dag schaffe ginn, déi eng Pensioun hunn, déi hu bis zu engem Drëttel Verloschter missten astiechen, mais déi déi Schëffer um Mier stoen hunn – dat ass jo d’Wuert wat ee muss a Griicheland gebrauchen – déi sinn net touchéiert ginn. Also et ass a mengen Aen och un alleréischter Plaz eng griichesch Wahl ënnert deenen Zoustänn wou d’Leit a Griicheland liewen.

Claude Zeimetz: Griicheland operéiert natierlech och an engem europäesche Kontext. Wéi geet et elo Ärer Meenung no weider?

Jean Asselborn: Jo, also wat wichteg ass, dat ass, datt een ëmmer erëm widderhëlt, datt d’Europäesch Unioun e Friddensprojet ass, mä et muss och ee soziale Friddensprojet sinn. An den Euro ass wichteg, ganz, ganz wichteg, mä déi sozial Dignitéit dierf net ënnergebottert ginn.

An ech mengen et muss een dräi Léieren hei eraus zéien. Dat éischt dat ass déi datt all Land, zemools wann et Member ass vum Euro, seng Schold, d’Deséquilibren am Grëff hale muss, a mat verträgleche soziale Mëttele géigesteieren, wann déi aus dem Lot riskéieren ze kommen, wat jo eis lëtzebuerger Regierung mécht.

Déi zweet Saach ass – an der Europäescher Unioun – muss d’Konzeptioun vun der Europäescher Unioun, an d’Wahrnehmung vun der Europäescher Unioun déi si vun enger Hoffnung, net vun Angscht. Hoffnung datt e Land an deem et schlecht geet, datt dat gehollef kritt erauszekommen, well soss gëtt de Sënn, a mengen Aen, vun der Europäescher Unioun net méi verstanen.

An drëttens wann een elo weider kuckt, op grouss Länner wéi Frankräich, wéi Italien, wéi Spuenien, déi alleguer Membere sinn, wéi Dir wësst, vum Euro, do ass vill, vill soziaalt Leed an deene Länner. An ech hoffen, datt d’europäesch Solidaritéit spillt, an net d’Gäissel vun deene Stäerksten.

Claude Zeimetz: Eben déi do Länner ugeschwat. Dir hutt d’éinescht gesot et ass eng griichesch Wahl, mä fäert Dir dann net och, oder gesitt Dir iergendwéi datt d’Gauche och elo an anere Länner nach kéint méi un Zoustëmmung gewannen, vläicht och da wéi a Frankräich?

Jean Asselborn: Also Madame Zeimetz, ech hu léiwer d’Gauche wënnt wéi datt d’Le Pen wënnt.

Ech mengen d’Syriza seet jo och elo datt och Griicheland am Joer 2015 nach Hëllef brauch vum Fonds monétaire, vun der Zentralbank – der Europäescher Zentralbank – a vun der Europäescher Unioun, well soss geet et net. A si wëssen och datt net ka mat der Trennscheif operéiert gi fir d’Schold ewech ze kréien. Do hunn ech och Vertrauen datt Europa – d’Euro-Finanzministeren – déi néideg Sensibilitéit hunn, an och Kompetenz hu fir dat gutt ze maachen.

Et ass virun allem a mengen Aen, dat Bild vun Europa, datt Europa deenen, deenen et schlecht geet – ob et Länner sinn, oder ob et Leit sinn – muss Hoffnung ginn, datt een do eraus kënnt. An dat ass de Punkt, menger Meenung no, an den nächste Méint, och an den nächste Wahlen déi ustinn, fir de Sënn vun Europa richteg ze transportéieren. An dofir ass dës Wahl vläicht eng kal Dusch fir Verschiddener, mä ech fannen, datt et awer kann en Neiufank sinn, an ech sinn do net pessimistesch datt de Message och zu Bréissel verstanen ass.

Claude Zeimetz: Dem Jean Asselborn da soen ech Merci fir eng éischt Aschätzung vun Iech.

Jean Asselborn: Merci!

Dernière mise à jour