Jean Asselborn au sujet de la situation en Ukraine et en Iraq

Diane Klein: De Jean Asselborn war um Conseil vun den EU-Ausseminister um Kierchbierg. Ee vun de Sujeten deen do dominéiert huet war natierlech d’Ukraine. No der Reunioun huet de Jean Asselborn eis en Interview ginn. A virop hu mir d’Fro gestallt wat am Dossier Ukraine am Vierdergrond steet. De Friddensplang vum ukrainesche President Poroschenko oder Sanktiounen? 

Jean Asselborn: Ganz kloer dat éischt. Wéi de President Poroschenko inthroniséiert ginn ass, huet e ganz kloer gesot Fridden, Stabilitéit an der Ukraine geet nëmme mat Russland, geet net géint Russland. Zweetens en huet gesot, ech stellen e Friddensplang vir. En huet dat elo gemaach, 14 Punkten. Dorënner si ganz vill Konstellatiounen déi och de Russen entgéint kommen. Et si positiv Saachen ze verzeechnen an der Ukraine, mä awer och nach immens vill negativer. Virun allem, datt de Moment nach ëmmer geschoss gëtt an der Ukraine, am Osten an, datt Leit hiert Liewe loossen. 

Ech mengen dee Friddensplang ass effektiv eng Approche déi jo ganz vill bréngt. Déi och de Separatisten d’Méiglechkeet gëtt d’Waffen nidder ze leeën, souguer zréck an hir Heemechten ze goen. Op där anerer Säit muss een erwaarde kënne vu Russland, datt vill méi präzis gekuckt gëtt, datt keng Waffe méi an och keng paramilitäresch Elementer an d’Ukraine era komme vun der russescher Säit. Do hoffe mir, datt dës Woch och – et ass eng wichteg Woch, dës Woch – datt och d’Russe weisen, de President Putin weist, datt se wëllt positiv un déi Approche do eru goen an dat wouer maache wat jo och gesot ginn ass an der Normandie, nämlech datt ee de politesche Wëllen huet fir zu engem Accord ze kommen. 

Diane Klein: En anere Sujet war den Irak. Ass dann am Irak d’Gefor vun engem Biergerkrich esou grouss? 

Jean Asselborn: Am Irak ass net nëmmen d’Gefor vun engem Biergerkrich grouss. Souguer ass d’Gefor grouss, datt dee ganze Staat sech desintegréiert, zesumme fält an an d’Hänn vun Terroriste géif falen. Vun Terroristen déi méi extrem sinn, méi terroristesch sinn wéi Al Qaida. An der internationaler Gemeinschaft, och an Europa, hu mir keng Méiglechkeete fir militäresch anzegräifen. Dat wëllt och kee maachen. Mir encouragéieren déi Länner ronderëm den Irak - d’Ligue arabe, mä awer och den Iran - fir dofir ze suergen, datt déi Atrocitéiten, déi Brutalitéiten, datt déi gestoppt ginn. Mir mussen allerdéngs och soen a mir hunn dat haut kloer gesot, datt mam Premierminister Maliki et onméiglech nach ass eng inklusiv Regierung am Irak ze kréien – eng Regierung wou Kurden, Sunniten a Schiiten zesummen akzeptéieren wat fir eng Regierung, datt do ass. Dat geet menger Meenung no net méi mam Premierminister Maliki. E Changement wier do extrem wichteg. Dat drëtt dat ass, datt sou eng grouss humanitär Katastrof amgaangen sech unzezeechnen, nieft Brutalitéite vun den Extremisten sinn 100.000 Leit op der Flucht. Gëschter war de President vum internationale Roude Kräiz hei zu Lëtzebuerg bei mir, dee gesot huet, et bahnt sech am Irak eppes un wat mir scho laang a Syrien kennen. Allerdéngs dierf een net de Feeler maachen, datt een elo d’nämmlecht wéi mir dat gemaach hunn a Syrien, wou mir jo am Ufank direkt drop gepocht hunn, Assad muss ewech. Dat war déi éischt Konditioun, datt een elo d’nämmlecht wéi mir dat gemaach hunn a Syrien, wou mir jo am Ufank direkt drop gepocht hunn Assad muss ewech. Dat war déi éischt Konditioun, datt een hei elo seet Maliki muss ewech, ir eppes anescht geschitt. An et muss een och wëssen, datt trotzdem den Irak net Syrien ass an datt de Maliki och net den Assad ass. Natierlech mir wëssen dat alleguerten, wa keng positiv Hëllef kënnt vum Iran a vun den Nopeschlänner, virun allem och vun der arabescher Liga, ass et fir eis Europäer onméiglech do och nëmmen usazweis ze maachen, datt eben eng Stabilitéit am Irak erëm hiergestallt gëtt. Et ass een irakesche Problem an dee muss och vun den Iraker selwer geléist ginn.

Dernière mise à jour