Jean Asselborn au sujet de l'Ukraine

"D’Ukraine brauch eng nei Stabilitéit, en neie Start"

"Nee, d’Spléckung ass ni eng gutt Léisung an sou Fäll. Et gëtt Fäll wéi zum Beispill d’Tschechoslowakei wou dat preparéiert war, wou dat gelongen ass. Mä da kuckt an der Geschicht, och um Balkan, och an Afrika wa Länner sech spalte wat do d’Konsequenze kënne sinn. Dat däerf et net ginn, well dat géif ee permanenten Tirraillement ginn während Joerzéngten. Dat muss ee verhënneren."

Sascha Georges: Gëschter goufen d’Kandidate fir eng nei Iwwergangsregierung presentéiert an der Ukraine déi haut dann am Parlament zu Kiew solle gewielt ginn. Mat dann un der Spëtzt dem Arseni Jacenjuk. Wat sinn dann elo déi grouss Erausfuerderunge fir dës Leit an ass dat doten dee richtege Personal dofir?

Jean Asselborn: Jo, dat ass un den Ukrainer fir dat ze decidéieren, mä ech mengen et ass ganz kloer d’Ukraine brauch eng nei Stabilitéit, en neie Start. Wat wichteg war, dat ass datt zanter enger Woch effektiv déi Gewalt opgehéiert huet a wat elo an der Ukraine am meeschte gebraucht gëtt si Suen.

Sascha Georges: Mä den Ament, wann ee kuckt, d’Situatioun op der Krim, Dir sot d’Gewalt huet opgehal, do dämpt awer den Ament.

Jean Asselborn: Jo, ech weess elo net ob et dämpt, Dir wësst, datt d’Krim jo en autonome Statut huet an der Ukraine, déi eenzeg Regioun déi dat huet. Dir wësst jo och, datt d’Krim 1954 ënnert dem Khrouchtchev bei d’Republik vun der Ukraine geschloe ginn ass a selbstverständlech déi Autonomie – dat wäert och vu Moskau gekuckt ginn – ass eppes wat zielt, well do ganz vill russesch sproocheg Leit liewen. Ech hoffen, ech hoffe wierklech datt do en Dialog stattfënnt innerhalb vun der Ukraine, mä awer och – an dat huet dee Ministerpresident jo gesot gëschter – datt en net Russland als Feind gesäit, datt en och wëllt eng Kooperatioun mat Russland hunn.

Sascha Georges: Mä gëschter huet de russesche President Putin d’Arméi op hir Disponibilitéit teste gelooss mat enger Militärübung soe mer mol. Firwat? Wat soll dat militärescht Muskelspill?

Jean Asselborn: Also do gëtt et 2 Saachen. Dat eent dat ass vu russescher Säit war ze héieren, datt dat laang geplangt war, datt et net e Manöver ass, mä datt se d’Disponibilitéit vun deene Leit kucken. Et däerf een natierlech och net blann sinn, dat ass en Zeeche vu Moskau. Ech géif net mengen, datt een dat als Säbelrasselen elo soll bezeechnen. Dat ass een Zeeche vu Moskau, datt Moskau do ass an wéi ëmmer d’russesch Interête bei der russeschsproocheger Bevëlkerung an der Ukraine, datt dat eppes Wichteges ass. Ech kann Iech just do aflechten, datt déi Kritik ech och selbstverständlech ze héiere kritt hunn, virun 2 Deeg zu Moskau, datt et eigentlech total falsch wär an och géint d’Regele vun der europäescher Unioun, datt déi minoritär Sproochen an der Ukraine – dat war eent vun den éischte Gesetzer déi gestëmmt ginn ass an där Nuecht nom 21. – datt dat eppes ass wat eigentlech zuwidder leeft, och de Prinzipie vun der europäescher Unioun, dat heescht datt net nëmmen d’Russe mä och polnesch-sproocheg Leit, ungaresch-sproocheg Leit net méi hir Sprooch dierfte benotzen an do muss een oppassen, do geet et jo ëm d’national Kohesioun an et geet och ëm d’Interête vun der russescher Säit. Kloer.

Sascha Georges: Ären amerikaneschen Homolog Kerry sot, et dierft een d’Kris an der Ukraine net als USA géint Russland oder Westen géint den Osten gesinn. Mä e bëssen ass et dat jo awer schonn.

Jean Asselborn: Dovunner muss een ewech kommen. Dat ass jo déi grouss Erausfuerderung. Ech menge wat, wann ee Core-Grupp geschafe gëtt fir iwwert d’Zukunft vun der Ukraine ze schwätzen, mat der Ukraine selbstverständlech, da muss Russland a mengen Aen vertruede sinn. Wann et ëm d’Finanzéierung geet vun deem Neistart an d’Ukraine steet virum Bankrott muss Russland a mengen Aen och dierfe mat partizipéieren oder kënne partizipéiere wéi Dir wëllt. Et muss also gekuckt ginn, datt net méi deen Tiraillement deen elo bestanen huet tëschent Osten a Westen, tëschent Russland an der europäescher Unioun an Amerika, datt dat ophéiert an ech mengen et ass och dee Message dee mir mussen als europäesch Unioun och u Moskau ginn.

Sascha Georges: Dir hutt et virdru gesot, datt d’Land elo Sue kritt ass dat wichtegst. Russland muss do mat an d’Boot geholl ginn. D’USA hu schonn 1 Milliard Dollar versprach. Wéi gesäit et aus mat der EU? Sinn do schonn Zuele bekannt?

Jean Asselborn: Nee, Zuelen net. Mä wat ech weess, dat ass, datt den Olli Rehn sech abruecht huet, datt och den däitsche Finanzminister mat Moskau Kontakt hat gëschter, datt gekuckt gëtt ee Konsortium eventuell opzebauen. A mengen Aen wier dat vläicht dat aller-allerbescht. An datt do muss vun europäescher Säit, vun amerikanescher Säit an ech hoffen och mat russescher Säit. Wësst Dir de Problem ass jo ganz einfach, et geet net nëmmen ëm d’Influenz vum Osten a Westen an der Ukraine. D’Ukraine huet als éischten Handelspartner ekonomesch gesi Russland. An als zweeten d’europäesch Unioun an dat eent sinn 48% an dat anert si 46%. Dat heescht et ass ongeféier gläich. An d’Ukraine iwwerlieft net wirtschaftlech ouni déi ekonomesch Lienen an Interête mat Russland.

Sascha Georges: Mä d’Land ass awer och gespléckt. Déi eng Leit zitt et Richtung Moskau, déi aner Richtung Westen, soe mir mol. Wéi kann een déi Leit elo zesumme bréngen? Ouni d’Land ze splécken?

Jean Asselborn: Dat ass jo och mengen ech dat wat an der Ukraine selwer muss stattfannen. Et muss en Dialog stattfannen an der Ukraine, wou mir och als Europäer mussen drop insistéieren, datt all Regiounen an der Iwwergangsregierung selbstverständlech vertruede sinn a Representanten vun allen, och Minoritéite vertruede sinn op déi eng oder aner Aart a Weis an dofir, den Zesummenhalt vun der Ukraine, dee kann net vu Russland a vun Amerika vun der europäescher Unioun decidéiert ginn, dee muss schonn intern decidéiert ginn. Et gëtt d’West-Ukraine an et gëtt d’Ost-Ukraine. Dat ass eng Realitéit. Déi eng déi si vläicht vill méi vum Westen ugezunn, déi aner si vläicht vill méi vu Russland ugezunn. Mä wann d’Ukraine als Land, wierklech als Identitéit, souveräne Staat an der Zukunft wëllt en Neistart maachen, da muss eben déi 2 Säite mussen zesumme kommen an d’Interête vum Land….

Sascha Georges: Wär splécken net vläicht eng besser Léisung?

Jean Asselborn: Nee, d’Spléckung ass ni eng gutt Léisung an sou Fäll. Et gëtt Fäll wéi zum Beispill d’Tschechoslowakei wou dat preparéiert war, wou dat gelongen ass. Mä da kuckt an der Geschicht, och um Balkan, och an Afrika wa Länner sech spalte wat do d’Konsequenze kënne sinn. Dat däerf et net ginn, well dat géif ee permanenten Tirraillement ginn während Joerzéngten. Dat muss ee verhënneren.

Sascha Georges: Wat haalt Dir vun der Kritik, datt de Westen hei eng Revolutioun ënnerstëtzt hat fir en demokratesch gewielte President ze stierzen?

Jean Asselborn: Jo, dat ass natierlech eng Fro déi een net elo ka mat engem Wuert beäntweren. D’Wahle waren demokratesch, dat stëmmt, mä ob de President awer alles gemaach huet fir géint d’Korruptioun virzegoen an hie selwer och en net korrupte Mënsch war an och Politiker war, och déi ganz Famill ëm déi Leit déi un der Muecht waren, dat mengen ech muss een awer a Fro stellen. An dat ass e Jugement dat d’ukrainescht Vollek geholl huet. Op déi Manéier wéi d’ukrainescht Vollek dat gemaach huet, mir kënnen als europäesch Unioun selbstverständlech net approuvéiere wat Extremiste gemaach hunn, do gëtt et Faschisten déi do sinn [gëtt ënnerbrach]

Sascha Georges: Wéi grouss ass d’Gefor vun deenen effektiv?

Jean Asselborn: Nee, ech mengen elo ass déi Gefor kleng. Lo ass jo eng grouss Majoritéit an der Rada, an hirem Parlament, an ech sinn och iwwerzeegt, datt wann déi Iwwergangsregierung do steet a wann et op d’Presidentschaftswahlen zougeet, datt do net Leit sech duerchsetzen déi vum extreme Bord sinn.

Sascha Georges: A Propos Presidentschaftswahlen, déi sollen de 25. Mee sinn. 2 Kandidate si scho gewosst, de fréiere Boxchampion Klitschko an déi fréier Premierministesch, Tymoshenko. Wien ass Ärer Meenung no déi besser Persoun?

Jean Asselborn : Do kommen nach aner Kandidaten dobäi an do halen ech mech och eraus.

Sascha Georges: Dat heescht Dir hofft nach op aner Kandidaten?

Jean Asselborn: Selbstverständlech.

Sascha Georges : Dat heescht, kee Klitschko a keen Tymoshenko am léifsten ?

Jean Asselborn : Wësst Dir, ech mengen datt an der Ukraine vläicht Leit gëtt déi e gudde President kënne sinn. Och ouni elo déi 2 Nimm déi Dir genannt hutt, do ze hunn.

Sascha Georges: An der Rei. Wat muss dann elo Ärer Meenung no mam gestierzte President Janukowitsch geschéien, no deem nach ëmmer gesicht gëtt? Soll e virun den Internationale Geriichtshaff zu Den Haag?

Jean Asselborn: Fir d’alleréischt, e gëtt jo gesicht, international, fir d’éischt ass et mol och eng Affär vun eben den Ukrainer. Et ass mat Munitioun geschoss ginn, et sinn, deen Donneschdeg wou de Frank-Walter Steinmeier, de Laurent Fabius an de Radek Sikorski zur Place waren, sinn iwwer 80 Leit erschoss ginn. Geziilt vun den Diecher erof, mat enger Kugel an hirem Kierper. Do ass natierlech, dat geschitt net ouni, jiddwerfalls d’Verantwortung vun deem deen dee Moment President war an deen dee Moment Inneminister war, déi Leit gi gesicht, déi musse virun d’Justice kommen. Ech géif mengen, fir d’éischt an enger éischter Phase selbstverständlech d’ukrainesch Justiz, mä natierlech och d’Cour pénale internationale wäert do eng Roll spillen. Et muss een et natierlech fir d’éischt fäerdeg brénge fir déi Leit och ze fannen. 

Sascha Georges: Um Enn nach kuerz en aneren internationale Sujet ugeschwat: an Uganda ass ee vun de schäerfsten anti-homosexuelle Gesetzer gestëmmt ginn, mat ganz héije Prisongsstrofen. Elo gëtt schonn iwwert d’Medien eng Zort Juegd op Homosexueller gemaach. Kann déi international Communautéit do einfach nokucken?

Jean Asselborn: Nee. An ech mengen, fir et kuerz ze maachen, déi beschte Kritik an déi effektiivste Kritik ass vun engem Afrikaner selwer komm - vum fréiere Bëschof vu Kapstadt, Desmond Tutu – dee gesot huet, dass dat do Methode sinn déi de Museveni elo, de President vun Uganda, an d’Wee geleet huet, déi vergläichbar si mat der Apartheid a vergläichbar si mat deem wat d’Nazie gemaach hunn. An der Apartheid huet hie ganz kloer och gesot, ass d’Polizei kucke gaangen ob e Schwaarze mat engem Wäisse géif am Bett leien. Hei ass eng Homophobie, eng Astellung vis-à-vis vu Leit déi Recht hunn, sech sexuell an hiert Liewen esou ze organiséiere wéi hinnen dat passt. An, dat ass eppes wou de Westen net kann nokucken a wou ech och hoffen, dass an Afrika d’afrikanesch Unioun an d’Länner vun Afrika net nokucken. Et ass leider esou, dass dat net dat eenzegt Land ass an Afrika. An Afrika huet esou vill Problemer. Wann een nëmme kuckt wat geschitt an Zentralafrika, mä och an anere Länner bis erof an Angola, wou d' an d’Moslemen, ee géint deen anere virginn an de Kapp praktesch erofschneiden. Et ass och déi grouss Gefor an Afrika, dass alles wat Pädophilie ugeet net richteg bekämpft gëtt. Ech géif mir wierklech wënschen, dass do ee Ruck géif duerch Afrika goen, dass een esou Methode wéi déi doten, dass een do un den Desmond Tutu, deem nolauschtert an dat dote schnellstens erëm astellt.

Sascha Georges: Och Drock vun der internationaler Communautéit?

Jean Asselborn: Selbstverständlech!

Sascha Georges: Här Minister, Merci fir dëst Explikatiounen.

Jean Asselborn: Merci.

Dernière mise à jour