Jean Asselborn au sujet de la Conférence sur la politique de sécurité à Munich

"Et dierf een d'Ukrain net virun dee simplistesche Choix stellen"

"Wat d’Zil ass, a mengen Aen op jiddwer Fall, fir d’international Communautéit ass, datt een ee Biergerkrich an der Ukrain verhënnert. Et ass extrem eescht, mir mussen als international Communautéit, sief et Europa, sief et anerer déi Afloss hunn, och Russland, d’Gewalt erofbremsen. Mä den Haass deen ass onmoosseg grouss. A wann Dir mech frot, dann ass déi negativ Entwécklung absolut zu Laaschte vum President Janukowitsch."

Zanter gëschter steet d’Stad München a Bayern nees am Mëttelpunkt vun der Weltpolitik. Nach bis muer mat ass do déi 50. Münchener Sécherheetskonferenz op där sech méi wéi 400 Sécherheetsexperten aus der internationaler Politik versammelen, dorënner 20 Staats- a Regierungschefen, an eng 50 Aussen- a Verdeedegungsminister.

Och de lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn ass do präsent, an dee begréissen ech elo live vu München aus. Gudde Mëtteg, Här Asselborn.

Jean Asselborn: Gudde Mëtteg Madame Gaspar.

Lynn Gaspar: An ech muss leider mat enger traureger Nouvelle ufänken, Här Asselborn. Mir hunn et elo just an den Noriichte vun 12 Auer héieren, de Jean-Claude Wolff huet eis verlooss an engem trageschen Akzident gëschter Owend. Är Reaktioun op déi Annonce.

Jean Asselborn: Jo, dat ass eppes wat mech ganz betrëfft elo. Dir wësst datt de Jean-Claude Wolff laang, laang Joeren zu Stengefort gewunnt huet. Hien ass een engagéierten, an och e kompetente Journalist. An ech wëll vun hei aus senger Mamm, an och senger ganzer Famill mäin opriichtegt Bäileed soen. Et ass wierklech ee Verloscht fir de lëtzebuerger Journalismus.

Lynn Gaspar: Merci Här Asselborn. A mir fueren dann eben elo weider mat deem wat geplangt war. Dir sidd zu München op der 50. Éditioun vun der Sécherheetskonferenz.

Den UNO-Generalsekretär Ban Ki-moon huet zu München viru Minutten elo déi international Communautéit opgeruff zu engem verstäerkten Engagement bei Krisesituatiounen an der Welt. Et géifen nach ëmmer vill ze vill Plazen op der Welt wou mir versoen, esou de Ban Ki-moon. Dir sidd mat him averstanen, Här Asselborn?

Jean Asselborn: Jo, also fir d’éischt. Dir wësst hei zu München dat ass eng grouss Houmass vun der Aussen- an der Sécherheetspolitik. Dat geet vum Henry Kissinger iwwer de Giscard d’Estaing, déi do sinn, bis zum Generalsekretär Ban Ki-moon, den Ausseminister vun Amerika, vu Russland. An et ass ee Moment, mengen ech, am Joer, wou iwwer déi Rieden eraus, déi gehale ginn, een d’Méiglechkeet huet fir sech ze gesinn, fir mateneen ze schwätzen, a selbstverständlech och wat de Ban Ki-moon gesot huet, all déi Problemer, déi drécken, fir déi kënne vläicht inoffiziell, an dat ass vill méi wichteg nach wéi dat Offiziellt, kënnen unzegoen.

Lynn Gaspar: Konflikter ginn et der den Ament wierklech genuch ze regelen.

Här Asselborn, Dir hutt et selwer gesot, d’Situatioun an der Ukrain zum Beispill, ass op dëser Konferenz natierlech en Thema. Zanter dem 30. November ginn d’Leit zu Kiew jo massiv géint déi aktuell Regierung demonstréieren. De leschte Mëttwoch, den 22. Januar, ass en éischten Demonstrant do erschoss ginn. Zanterhier huet d’Situatioun an der Ukrain eng Grenz iwwerschratt, déi u sech net méi ka réckgängeg gemaach ginn. Wat sinn dann d’Echoen, déi et zanter gëscht zu der Situatioun an der Ukrain ginn? Wat wëllt een do ënnerhuelen? Wéi wëll ee virgoen? Ëmmerhi sot sech déi international Communautéit jo schockéiert iwwer d’Brutalitéit mat där d’Polizisten do géint d’Demonstrante virginn, Här Asselborn.

Jean Asselborn: Jo, Madame Gaspar, ech mengen et dierf een elo net mengen, elo ass zu München d’Sécherheetskonferenz, den Här Klitschko ass do, den Ausseminister ass do, de Ban Ki-moon ass do, aner Leit sinn do déi Influenz hunn, datt elo eppes geschitt wier an deenen zwee leschten Deeg.

Wat d’Zil ass, a mengen Aen op jiddwer Fall, fir d’international Communautéit ass, datt een ee Biergerkrich an der Ukrain verhënnert. Et ass extrem eescht, mir mussen als international Communautéit, sief et Europa, sief et anerer déi Afloss hunn, och Russland, d’Gewalt erofbremsen. Mä den Haass deen ass onmoosseg grouss. A wann Dir mech frot, dann ass déi negativ Entwécklung absolut zu Laaschte vum President Janukowitsch.

Am Ufank waren d’Protester friddlech, et ass drageschloe ginn, wéi Dir gesot hutt, et si Leit erschoss ginn an engem gewëssene Stadium.

Wann déi Offeren déi elo gemaach gi sinn an deene leschten Deeg, éischter komm wieren, menger Meenung no wier do dann och Bewegung dra gewiescht fir kënnen zu enger Léisung ze kommen. Mä eng Regierung déi elo démissionéiert, och esouguer d’Amnestygesetzer, dat heescht och déi restriktiv Gesetzer, datt déi erëm ofgeschaaft ginn, ech ka mir net virstellen, datt dat duergeet fir datt een zu enger friddlecher Léisung kënnt. Wat misst kommen, a mengen Aen, ass, datt ganz kloer nieft deene Mesuren do och d’Kompetenze vum President, datt déi erofgeschrauft ginn, datt een zu enger neier Verfassung kéint schreiden, nei Wahlen esouwuel fir de President wéi och fir d’Parlament, an datt een da kéint en neien Départ huelen.

Lynn Gaspar: Dir sot et elo just, an der Ukrain eskaléiert d’Gewalt nach ëmmer weider, an et ass fir de Moment keng Léisung a Siicht. An d’Ambiance tëscht der Europaëscher Unioun a Russland gëtt eben och ëmmer méi äiseg. D’Lëscht mat de Sträitpunkten ass ëmmer méi laang, an awer ass den EU-Russland Sommet zum Beispill zu Bréissel dës Woch an dräi Stonnen ofgehaakt ginn, e Sommet dee jo awer normalerweis op zwee Deeg festgeluegt ass.

Den EU-Conseilspresident, den Herman Van Rompuy huet vun enger gudder Occasioun geschwat fir emol eng Kéier grondsätzlech iwwer d’Natur an d’Richtung vun der strategescher Partnerschaft tëscht der EU a Russland nozedenken. Russland mëscht sech vill, Dir sot et, vläicht zevill an de Konflikt an der Ukrain an, an domat ginn dann och d’Relatiounen tëschent der EU a Russland getest. Ëmmerhi ginn et jo eng Partie Differenze mat Russland wat d’Krisesituatioun an der Ukrain, an déi an Osteuropa betrëfft. Här Asselborn, ech stellen d’Fro elo emol ganz direkt. Wéi steet Europa zu Russland?

Jean Asselborn: Jo. Ech mengen dat ass eng Kapitalfro. An do musse mir oppassen, datt mir – op jiddwer Fall als Lëtzebuerger spieren ech dat esou, a mir hunn dat elo an deem leschte Joerzéngt esou gemaach – wësse mussen, datt grouss Konflikter op dëser Welt, sief et den Iran, sief et Afghanistan, sief et de Moyen-Orient, sief et Syrien, sief et de Kampf géint den Terrorismus, datt déi vill, vill méi schwéier géint Russland an déi richteg Richtung ze drécke si wéi mat Russland. Dat ass net ëmmer einfach. Mir mussen do e Wee fannen, wou ee selbstverständlech net ka larvéieren iwwer eis Konzeptioun, déi westlech Konzeptioun, déi europäesch Konzeptioun vun de Mënscherechter, vun der Rechtsstaatlechkeet.

Mä ech mengen et ass falsch datt Russland an dësem Moment einfach nëmme Scheiklappen unhält. Ech menge Russland weess hoergenee och datt a Syrien muss eng Évolutioun kommen, Russland weess och datt wat d’Ukrain ugeet, déi Leit déi op der Strooss sinn, musse gehéiert ginn.

An dat wat menger Meenung no déi grouss Aufgab ass vu Russland, a vun der Europäescher Unioun – well béid si strategesch Partner – datt mir awer och eng Strategie mussen entwéckelen. An deene leschten 10 Joer war dat immens schwéier, dat ginn ech gären zou. An déi gréisst Nervositéit kënnt jo ëmmer wann et drëm geet wéi sti mir als Europäesch Unioun, als, oder déi aner Säit Russland zu de Länner déi tëschent der Europäescher Unioun a Russland sinn. Mä et gëtt immens vill gemeinsam Interessen. Ech soen Iech nëmmen ee Beispill. 80% vum Gas deen a Russland gefuerdert gëtt, geet an d’Europäesch Unioun, 80%, an d’Europäesch Unioun. A Russland huet och ekonomesch esou vill Intérêten, gemeinsam Intérêten, datt mir missten déi Vertrauensbasis, déi zum Deel gebrach ass, datt déi misst nei opgebaut ginn.

Lynn Gaspar: Dat heescht, et gëtt an Ären Aen awer e Liichtbléck wat d’Relatioune mat Russland betrëfft?

Jean Asselborn: Jo, ech hunn elo grad den Ausseminister Lawrow héieren, deen ass guer net zou. Deen huet natierlech gesot, déi Philosophie déi a Russland ass, ass nach e wéineg eng aner wéi déi an der Europäescher Unioun, ass zum Beispill de Prinzip vun der Non-ingérance an d’Affäre vun anere Länner.

Mir hunn als Europäesch Unioun jo déi Chance datt mir an deenen 28 Länner als Europäesch Unioun eis och amësche kënnen. An ech mengen et ass kloer datt d’Ukrain grad esouwuel Russland brauch wéi d’Europäesch Unioun. Ekonomesch ass d’Ukrain total mat Russland verbonnen, an och ofhängeg vu Russland.

An Europa, ech mengen, et ass evident datt d’Mënsche wëllen an der Ukrain, eng ganz grouss Majoritéit, eng Liewensweis hu wéi mir se hunn. Mä dat eent verhënnert net dat anert.

Wann ech soen, datt d’Ukrain Russland brauch, an d’Europäesch Unioun, dierf een awer ni d’Ukrain virun dee simplistesche Choix stellen, entweder déi eng oder déi aner. An dat muss besser verstane ginn, menger Meenung no, a Russland selwer.

Natierlech musse mir als Europäesch Unioun wëssen, datt mir d’Ukrain net dierfen an deen Eck do bréngen. Dofir ënnerstëtze mir jo och alleguer déi Beweegungen an der Ukrain, déi d’Rechtstaatlechkeet promouvéieren, an effektiv och d’Mënscherechter net verkomme loossen an ee Regim wou d’Diktatur d’Iwwerhand hëlt.

Lynn Gaspar: Mir bleiwe beim Sujet Russland. Et kënnt een net laanscht de Sujet, d’Olympesch Wanterspiller zu Sotschi, déi ginn an enger Woch un, ganz genee, an do ass d’Angscht virun Terrorattentater nach ëmmer ganz grouss. Dës Woch nach koum d’Nouvelle datt eng Selbstmordattentäterin sech an der Stad soll ophalen. De President Putin setzt och do op Sécherheet duerch militärescht Ofschrecken, an total Iwwerwaachung.

Et sinn déi deierst Spiller aus allen Zäiten, an esou ze soen dem russesche President säi perséinleche Prestigeprojet, esou ze soen. Et gëtt also alles dru gesat fir datt déi glamouréis Inszenéierung net an e schlecht Liicht réckelt. Eng Partie international Politiker hate scho viru Woche matgedeelt, déi Spiller ze boykottéieren, zum Beispill déi ganz franséisch Regierung, den däitsche Bundespresident Joachim Gauck, d’EU-Kommissärin Viviane Reding, a vill anerer nach.

Här Asselborn, wéi stitt Dir perséinlech zu deem Event? Wat haalt Dir vun deem Boykott? Setzt een doduerch iwwerhaapt iergend en Zeechen an Ären Aen?

Jean Asselborn: Neen. Fir d’alleréischt ass et net un der Politik fir Olympesch Spiller ze boykottéieren, dat ass un de Sportsorganisatiounen.

Mä loosse mir vläicht awer kloer, well Dir hutt eng immens laang Introductioun gemaach, egal wou haut Olympesch Spiller stattfanne géifen, ob dat an Amerika wier, ob et a Südamerika wier, ob et an Asien wier, ob et an Europa wier, an engem anere Land wéi Russland, de Problem vun der Sécherheet géif sech d’nämmlecht stellen op deene Plaze wéi se sech elo zu Sotschi stellt. An do dierfe mir net iwwerdreiwen. Stellt Iech vir, kuckt déi ganz Argumentatioun, do komme mir vläicht nach drop ze schwätzen, vun Amerika iwwer NSA, an iwwer déi Oflauschtersystemer, dat ass jo och mam Zil, wéi si dat explizéieren, fir d’Sécherheet ze augmentéieren.

D’Welt ass an enger, eben nun déi, déi se am Joer 2014 ass, wou d’Terrorgefor immens grouss ass, an datt Russland do alles mécht fir terroristesch Akten ze verhënneren, fannen ech richteg.

Elo natierlech Sotschi, a wat dir sot, Boykott. Ech verstinn absolut wann den däitsche President Gauck, deem Mann säi Liewenslaf muss ee kennen, ech versti seng Positioun. Hien ass jo och e President, dee seng Regierung domat net engagéiert huet, hien huet sech selwer engagéiert, an ech mengen dat soll ee respektéieren.

Ech hunn net héieren, datt immens vill Regierunge géife mat op dee Wee do goen. An ech hunn iwwerhaapt net héieren, datt géife Sportsorganisatiounen, national olympesch Comitéë géifen op dee Wee do goen. Ech(ënnerbrach)

Lynn Gaspar: Neen, dat huet kee gemaach.

Jean Asselborn: Ech hunn e grousse Problem, ech hunn e grousse Problem wann Dir sot, oder wann Dir meng Äntwert wëllt, prinzipiell ob ee mat Boykott eng Bewegung kritt an déi richteg Richtung. Do gëtt de Sport als Geisel geholl vun der Politik, an d’Effeten déi sinn zweiwelhaft.

Also zum Schluss géif ech heizou soen, datt ech absolut Vertrauen hunn an d’Sportler, déi zu Sotschi sinn, dat si jo keng Robotoren, dat si Leit déi denke kënnen, vill méi heiansdo wéi anerer, an déi sech scho wäerte verständlech maache wa se da mengen et wier richteg, oder wa se dozou opgefuerdert ginn.

An dofir solle mir, mengen ech, als Lëtzebuerg, dat geet jo och an d’folgend Richtung datt de Grand-Duc, dee Member ass vum Comité olympique, do ass. Mir sinn elo net déi allerbeschte Représentantë vum Wantersport, mir si besser op zwee Rieder wéi op de Schier, mä et geet jo e Sportler dohinner, an ech mengen et ass un deem fir dann och ze weisen, datt et Lëtzebuerg gëtt. Dee wäert dat och maachen.

Mä mir sollen ophalen, mengen ech, op jiddwer Fall och als Lëtzebuerg, fir do eis zevill opzehale mat Boykott, dat ass net op der Dagesuerdnung.

Lynn Gaspar: Mat Boykott huet hei näischt ze dinn, de Sujet deen och op der Sécherheetskonferenz natierlech dëse Weekend en Thema ass, ass Syrien.

Et gëtt jo an der Tëscht vun der gréisster humanitärer Katastroph geschwat zanter dem Zweete Weltkrich. Ëmmerhi sollen zënter dem Ufank vun den Ausernanersetzungen tëscht de Regierungstruppe vum President Baschar al-Assad an Oppositiounsgruppen Uganks 2011 iwwer 100.000 Mënsche gestuerwe sinn.

D’lescht Woch war et dann e schockante Rapport, vun deem Dir sécher héieren hutt Här Asselborn, de Guardian an d’CNN haten dee publizéiert, vun iwwer 11.000 Prisonéier déi joerelaang gefoltert an zu Dout gequält goufen.

Den 22. Januar war zu Montreux d’Syrien-Konferenz ugaangen, si ass gëschter op en Enn gaangen. Dir waart fir den Optakt och an d’Schwäiz gereest. Wéi war dann Ärt Gefill wéi Dir dohinner gereest sidd?

Jean Asselborn: Jo, mir mussen elo oppassen, datt mir keng falsch Message ginn. Also éischtens emol, Montreux war, wéi Dir sot, richteg, Optaktkonferenz, mä d’Konferenz fënnt zu Genève statt. Déi Konferenz ass och net eriwwer, déi ass elo vertagt bis den 10. Februar.

Bon, dat éischt dat ass, datt se stattfonnt huet, ass a mengen Aen trotzdem op jiddwer Fall een Embryo vun Erfolleg. D’Amerikaner an d’Russen, virun allem déi zwee Ausseministeren hunn dat am Februar 2013 beschloss.

Gutt, kee konnt erwaarden, datt an engem éischte Jet an enger Woch déi zwou Parteien, déi sech total verhaasst géigeniwwer stinn, datt déi d’Rad elo géifen an eng Richtung bewegen, wou ee kéint soen, mir hunn, mir gesi Liicht um Enn vum Tunnel. Neen.

A Syrien muss een och elo wëssen, nieft all deene Grausamkeeten, déi Dir elo do gesot hutt, mä do ass Al-Qaida a senger ganzer Diversitéit op där enger Säit, an Hisbollah mat de Gardes révolutionnaires vum Iran op där anerer Säit, an dotëschent, ass mengen ech net méi ganz vill vu Syrien, oder syresch Kampftruppen ze gesinn.

An dofir, ech mengen – an de Moien huet den Ausseminister Lawrow dat och kloer gesot –Russland muss Drock maachen, gréisstméiglechen Drock op de Regim, an déi aner Säit, Amerika an och Europa, muss Drock maachen op d’Oppositioun, datt ee kloer gesäit.

Dir sot dat richteg. De Knackpunkt ass Assad. Déi vum Regim soen, an den Ausseminister huet mir dat perséinlech gesot, mir schwätzen iwwer alles, mä net iwwer eise President. D’Oppositioun seet, nëmme wann den Assad fort ass, kënne mir iwwer all dat anert schwätzen.

Dat ass dem Lakhdar Brahimi seng grouss Erausfuerderung, fir ze kucken, fir déi Parteien trotzdem um Dësch ze behalen, an datt vläicht nom 10. Februar och iwwer d’Substanz ka geschwat ginn.

Lynn Gaspar: Ma deen huet jo gesot, datt leider iwwerhaapt näischt erreecht gouf bis elo. Dat sot hie gëschter Owend, de Brahimi. Hien ass extrem enttäuscht iwwer déi Konferenz, an e setzt elo eben all d’Hoffnung op d’Suite vun der Konferenz, wéi Dir et sot, den 10. Februar dann. Bis dohinner stierwen awer nees honnerten an dausende Leit an deem Land.

Här Asselborn, ech stellen Iech d’Fro elo emol wéi d’Leit se dobausse sech stellen. Wéi kann et sinn, datt déi international Communautéit déi Situatioun a Syrien einfach net an de Grëff kritt? Dräi Joer dauert déi Katastroph jo awer schonn.

Jean Asselborn: Jo. Et gëtt Katastrophen op der Welt, wou ee mat engem militäreschen Agrëff ka Schlëmmeres verhënneren. Dat gesitt Dir zum Beispill an zwee Länner an Afrika, am Mali oder an der République centrafricaine, béid all Kéier mat engem Mandat, wëll ech hei ënnersträichen, vum UNO-Sécherheetsrot.

Et gëtt da Situatioune wéi déi a Syrien, wou et net zu engem Mandat vum UNO-Sécherheetsrot kënnt, op jiddwer Fall net esou wéi een dat kann ofgesinn.

An dat zweet dat ass, déi Eenzeg, menger Meenung no, déi kéinten ee kapitalen Afloss huelen, vläicht och esouguer mat anere Mëttele wéi deenen diplomateschen, ass d’Arabesch Welt. Stellt Iech vir ee Moment datt déi westlech Welt, Europa, Amerika, Japan, ech weess net wien nach alles, géif militäresch a Syrien agräifen. Mat wat fir engem Zil, wat do géif entstoe vun engem Ausbroch vun Déstabilisatioun. Stellt Iech vir an deem Moment géif et den Iraner an de Kapp komme fir Israel unzegräifen, et géif esouguer vläicht de Saudien an de Kapp komme fir den Iran unzegräifen, wat dat fir eng Ausmooss hätt vu Gewalt, a vun Déstabilisatioun an där Regioun. Dofir loosse mir eis do net zevill laang de Kapp zerbriechen. Et gëtt nëmmen eng diplomatesch Léisung, leider, leider.

Ech kennen alleguer déi Kritiken déi kommen. Mir hunn als international Communautéit et fäerdegbruecht, och de Sécherheetsrot, fir datt keng chemesch Waffe méi applizéiert ginn. Op déi aner Manéier, mat konventionelle Waffen, zënter datt Montreux war, si bal 2.000 Leit gestuerwen. Ech kennen dat alles, domat ass ee konfrontéiert, do schléift ee selbstverständlech net roueg driwwer. Jiddwereen, e brauch elo net Politiker oder Ausseminister ze sinn, jiddweree gesäit dat.

Mä sot mir wat d’international Communautéit kéint anescht maache wéi et fäerdegbrénge mat Hëllef vu Russland, mat Hëllef vun Amerika, dat sinn déi zwee déi am meeschten Influenz do hunn, fir diplomatesch en Auswee ze fannen. An ech mengen dat ass och déi eenzeg Solutioun déi och wäert an deenen nächste Méint bleiwen.

Lynn Gaspar: Schwätze mir dann emol e bëssen ebe vun der Virgoensweis vun der internationaler Communautéit fir Konflikter ze léisen.

Op der Sécherheetskonferenz huet de Bundespresident Joachim Gauck a senger Ried vun engem Richtungswiessel vun Däitschland zum Beispill geschwat wat seng Europapolitik betrëfft.

De President vun der Münchener Sécherheetskonferenz, de Wolfgang Ischinger, deen hofft op eng grondleeënd Debatt an deem Kontext. Ech zitéieren de Mann emol. E Problem vun der däitscher sécherheetspolitescher an aussepolitescher Debatt ass, datt se ganz dacks reaktiv fonctionnéiert. Wann zum Beispill aus Frankräich d’Demand kënnt, hëlleft eis an Afrika, dann diskutéiert Däitschland esou iwwer Afrika wéi wann de Kontinent eréischt zanter gëscht op der Landkaart wier. Eng hefteg Kritik.

Här Asselborn, wat sot Dir generell zu der däitscher Aussepolitik, an där vun aneren EU-Länner?

Jean Asselborn: Bon, ech hu fir d’alleréischt mat ganz groussem Interesse gëschter Mëtteg der Ried nogelauschtert vum President Gauck. An ech mengen en huet zwou Saache kloer a senger Botschaft eriwwerbruecht. Dat eent dat ass, an dat stëmmt, datt Däitschland zënter Joerhonnerten et nach ni fäerdegbruecht huet 6 Joerzéngte Fridden ze hunn. Ech mengen dat ass ee ganz staarke Message deen erauskënnt. An dat ass och eng Verflichtung. Däitschland ass haut wirtschaftlech esou staark, vläicht zevill staark fir Muenecher, datt et sech och muss implizéieren an deene Fäll wou ebe Gewalt applizéiert gëtt, wou d’Mënscherechter mat de Féiss gerannt ginn, a wou eben nëmmen eng militäresch Gewalt kann nach méi Gewalt stoppen. Ech schwätzen hei net, dat huet de President Gauck net gemaach, an dat mécht den Ausseminister Steinmeier net, iwwer d’militäresch Aktioune wéinst de militäreschen Aktiounen. Mä deen Tabu muss gebrach ginn, datt an Däitschland, oder déi Gläichgültegkeet muss ofgeluegt ginn, 6 Joerzéngten nom Zweete Weltkrich, datt Däitschland eigentlech kee Land wier wat sech misst implizéieren an esou Fäll. Natierlech, ech soen et nach eng Kéier, ëmmer nëmmen da wann een UNO-Mandat virläit.

D’Fransousen, do si jo ganz kloer Biller och gemoolt ginn, hunn agegraff am Mali, well soss de Mali an d’Hänn vun Terroriste gefall wier, an den Niger hannendrun, a vläicht nach anerer, wéi Mauretanien och. An dat ass à charge gaangen, déi militäresch Operatioun, no dem Mandat vum UNO-Weltsécherheetsrot vu Frankräich. Ouni Frankräich wier de Mali, an dëser Form géif net méi existéieren.

Ähnleches spillt sech elo of an der République centrafricaine. An ech mengen et ass wichteg fir Europa och, datt och op deem Niveau do, deen Duo tëschent Frankräich an Däitschland, datt dee fonctionnéiert. Dat ass och en Opruff un d’Europäesch Unioun fir do net a Gläichgültegkeet ze verfalen, mä fir mat unzepaken, datt eben d’Gewalt muss gestoppt ginn, a wann et net anescht geet, ebe mat militäreschen Operatiounen.

An dat ass eppes wat menger Meenung no, an ech war dës Woch jo zu Paräis beim Laurent Fabius, wat ganz gutt do opgeholl gëtt, an datt een och emol eng Kéier dovunner ewech kënnt, datt d’Fransousen an Afrika wëllen hir militäresch Stäerkt weisen.

Ech ginn dovunner aus, an dat kënnt Dir mir gleewen, datt esouwuel de President Hollande wéi och de Laurent Fabius, a wéi d’franséisch Natioun eigentlech léiwer hätten, dat do bräichte se net ze maachen.

An dofir, wann eng besser Zesummenaarbecht kënnt tëscht Däitschland a Frankräich, gëtt se méi efficace, an d’Crédibilitéit vun Europa, wat jo den, loosse mir soen, de Block ass an der Welt, deen d’Mënscherechter verdeedegt, an deen d’Rechtstaatlechkeet verdeedegt. Dat steet Europa gutt zu Gesiicht, et steet och Däitschland gutt zu Gesiicht.

Lynn Gaspar: Ech hat elo en Zitat iwwer Afrika geholl, dat ass och eise Sujet nom Journal vun halwer 1, do schwätze mir da méi am Detail dodriwwer. Merci Här Asselborn.

[Noriichteniwwerbléck]

Lynn Gaspar: Suite vun der Emissioun Background am Gespréich haut mam Ausseminister Jean Asselborn, dee live vu München aus op ons Froen äntwert, do ass jo zanter gëscht déi 50. Münchener Sécherheetskonferenz. Virum Mëttesjournal hate mir ugefaangen iwwert d'Situatioun an Afrika ze schwätzen an op deem Kontinent sinn den Ament op ganz ville Plaze Krisen, Kricher, Ausenanersetzungen, déi humanitär Katastrofe mat sech bréngen. Zentralafrika, Kongo, Südsudan sinn nëmmen e puer Beispiller. Déi afrikanesch Unioun ass zanter virgëscht nees zesummen Här Asselborn, fir Léisungen ze sichen. Ginn et där dann iwwerhaapt? Dat kléngt lo pessimistesch, ech weess. No all deene Joere vu Kris, Hongersnout, Biergerkrich ass déi Fro jo awer berechtegt. Wat gedenkt déi international Communautéit an dësem Fall ze maachen?

Jean Asselborn: Jo also ech komme jo dës Woch, ier ech zu Paräis war, war ech zu Adis Abeba um Sommet vun der afrikanescher Unioun. An et kann een ëmmer nëmmen rëm ënnersträichen an et muss een dat maachen, datt Afrika, c'est un continent d'espoir. A si sinn awer, a verschidde Länner ass Afrika konfrontéiert mat ganz ganz schrecklechen Ereegnesser, déi vläicht am Südsudan, wou net souvill driwwer geschwat gëtt, ee kann am beschte skizzéieren. Südsudan ass ee Land wou d'Liewenserwaardung 46 Joer ass. 80% vun de Männer sinn Analphabeten, kënnen net liesen, kënnen net schreiwen. 90% vun de Fraen, 80% och vun den Zaldoten, vun der Police kënnen net liesen an et schreiwen. De Moment ass eppes ausgebrach do, wou ee muss kloer d'Analys maachen. De President, deen heescht Kiir, de Vizepresident heescht Machar. Dee President Kiir ass vun der Tribu vun den Dinka an de President Maschar ass vun der Tribu vun den Nuer, déi zwee hu Kaméidi kritt a si sinn allenzwee an der nämmlechter Partei an op eemol huet de President Kiir geduecht d'Garde présidentielle déi géif hie wëllen ëmbréngen an et koum zu Gewalttätegkeeten. Bis lo si 75000 Leit, dat huet de Ban Ki-moon de Moien och nach eng Kéier widderholl, an de Componten do vun der UNO, verschidde Plazen am Südsudan. Et si 500000 Leit déi hiert Liewe verlooss hunn. Et sinn Dausenden Doudegen, Dausenden. Dat huet och dem UNO-Generalsekretär seng Représentante spéciale, eng Madame aus Norwegen mir confirméiert. Dat heescht et geet hei ëm Muecht, allen ëm Muecht an doduerch sinn Dausende Leit déi hiert Liewe verléieren an d'international Communautéit, selbstverständlech, déi afrikanesch fir d'éischt ass implizéiert. Virun allem Äthiopien mécht do eng grouss Aarbecht an ech hoffe wierklech, datt mir och, och Lëtzebuerg, och d'Europäesch Unioun kënnen eng Hand mat upaken, datt dat do sech stabiliséiert, virun allem fir deenen ze hëllefen déi hiert Heem verluer hunn oder déi souguer hiert Liewe verluer hunn an lo an enger ganz schwiereger Phase sinn.

Mä wann Dir mir erlaabt, doriwwer eraus ass nach méi eng schrecklech Entwécklung an der République centrafricaine. Dir wollt mech dat bestëmmt froen, dofir huelen ech Iech dat lo ewech, mä do ass keng strukturéiert Brutalitéit. Dat ass vläicht dat Schlëmmst. Do si spontan op eemol Mouvementer wou d'Moslemen géint d'Chrëschte ginn an d'Chrëschte géint d'Moslemen, een deem aneren de Kapp erofschneiden, op Lëtzebuergesch gesot. Et ass sou schlëmm an total Anarchie herrscht. An op Grond vun där Entwécklung huet de Conseil de Sécurité jo ee Mandat ginn, fir datt ka gehollef ginn. Dir wësst d'Fransousen sinn intervenéiert, haten och schonn Doudeger, fir Zentralafrika. Mir hunn an der Europäescher Unioun ee klenge Geste gemaach, deen awer an déi richteg Richtung geet, datt mir fir Bangui, also limitéiert op den Territoir Bangui 500 bis 700 Leit als Europäesch Unioun schécken, Forces d'appui ze si fir de Fluchhafen virun allem vu Bangui ze stabiliséieren. Déi fréier Buergermeeschtesch vu Bangui ass eng Présidente transitoire lo genannt ginn. An d'MISCA, dat ass déi Force d'intervention vun den Afrikaner, déi muss Sue kréien, si muss gestäerkt ginn a virun allem ass et d'Zil an deem Land an der République centrafricaine fir datt d'UNO eng Opération de maintien de la paix decidéiert. Dat wäert am Mäerz geschéien, fir rëm Rou do ze kréien.

Mä do ass dat Schlëmmst dobäi, datt dat net op déi zwee Länner lo do limitéiert ass. Et gëtt aner Länner, de Laurent Fabius huet mir nach virgëschter zu Paräis gesot, souguer am Angola, an aneren afrikanesche Länner ass eppes ausgebrach wat net ënner Kontroll ze kréien ass, een Haass tëschent Chrëschten, Net-Chrëschten a Moslem, wou et zu sou Resultater kënnt an ech mengen dat ass eppes wou een Afrikaner muss, den afrikaneschen Institutioune muss hëllefen, fir datt dat do een Enn kritt.

Lynn Gaspar: Iwwert Afrika kéinte mir wierklech nach ganz ganz laang schwätzen. Mir kommen awer och nach op aner Saachen, vu datt et och nach anerwäerts Problemer ginn. Ee brenzelege Sujet ass zum Beispill nämlech d'Atompolitik vum Iran. Uganks des Joers war jo zu Genf d'Atomkonferenz, wou zum Schluss een Assouplissement vun de Sanktiounen iwwer 6 Méint lo géintiwwer dem Land decidéiert ginn ass. Déi Decisioun gëtt lo offiziell zanter dem 20. Januar ëmgesat. Wat ännert sech do konkret Här Asselborn. Wat huet déi Decisioun fir wirtschaftlech Auswierkungen op Europa an op de Westen? Et heescht jo, datt europäesch Exporteuren zum Beispill géinge vun deem Relâchement vun de Sanktioune profitéieren.

Jean Asselborn: Also et deet mir fir d'éischt Leed, datt ech, ech gesinn Iech jo net an d'Aen, datt ech net weess ob ech soll weiderfueren oder net.

Lynn Gaspar: Kee Problem.

Jean Asselborn: Dir stellt Froen an ech versiche sou gutt wéi ech kann drop ze äntweren.

Wat den Iran ugeet, do ass een Duerchbroch erreecht ginn no 10 Joer, deen een net däerf futti maachen. An ech soe lo mol wat ech fillen a wat vill Leit hei zu München och fillen a wat ech gëschter och mat verschiddene Kollege konnt beschwätzen, dat ass datt muss verhënnert ginn, datt d'Tea-Party a verschidden och anerer am amerikanesche Kongress eigentlech déi Ouverture do net bloquéieren. Op Englesch heescht et Freeze for Freeze, dat heescht d'Sanktioune ginn agefruer an esouguer reduzéiert, wann den Iran d'accord ass, fir seng Uräicherung vum Uran an och dee Plutonium Reakter zu Arrak net un d'Lafen ze kréien oder net unzemaachen, wann Dir wëllt. Dat heescht den Iran gëtt vun der internationaler Communautéit, virun allem vun der Agence vu Wien lo kontrolléiert, datt en net ka weiderfueren mat Uräicherung vun Uran, well si sinn iwwer 5% eraus. Si sinn zum Deel schonn iwwer oder no bei 20%, souguer driwwer. A vun do ass et net méi wäit, datt een 90% kënnt uräicheren an dann eben d'Méiglechkeet huet eng Atombomm zur Verfügung, also kënnen ze bauen. Bon dat ass déi Ouverture déi geschaf ginn ass an lo geet et net drëm fir ze kucke wie profitéiert, wie profitéiert net. D'Welt profitéiert wann et kann ëmgesat ginn, datt ee mam Iran zu enger Léisung kënnt, enger Léisung, datt net den Iran weiderschafft fir als eenzegt Zil eng Atombomm ze kréien an datt een dat ka kontrolléieren an op déi aner Manéier, datt een awer den Iran, wat eng Geschicht ass, Persien, wou net vill Länner op der Welt sinn, déi déi Geschicht hunn, awer och strategesch gesinn ee Land ass wat ee muss aus der Isolatioun erauskréien an dat wier och, menger Meenung no ass et dee schwieregsten awer och dee wichtegsten Konflikt op der Welt dee misst geléist ginn, tëscht den Amerikaner, dem Westen an dem Iran, awer och tëscht dem Iran a Saudi-Arabien zum Beispill an ech mengen do ass eng Ouverture do an do muss d'international Gemeinschaft, ech hoffen Europa mécht sech do méi einfach, mä och an Amerika, datt do net, wann ech soe politesch Extremisten, da wësst Dir wat ech mengen, datt déi net do blockéieren, well dat wier fatal.

Lynn Gaspar: Dir hutt grad vun Amerika geschwat, ech enchainéieren dann, wann ee vun Amerika schwätzt kann een am Moment den NSA Skandal net aus der aussepolitescher Agenda eraushuelen. Zu München ass den Datenaustausch dëse Weekend zum Beispill och een Thema. En Dënschdeg war den Europäeschen Dag vum Dateschutz an an deem Kontext hat d'Vizepresidentin vun der EU-Kommissioun, d'Viviane Reding Tacheles geschwat. Si huet Amerika ganz oppen domat gedréit de Programm Safe harbour auszesetzen wann d'USA deen am Zesummenhang mam Datenaustausch vu Betriber net verbessert. Dem President Barack Obama seng Ried iwwert d'Refrom vun der NASA gesäit d'Viviane Reding ganz kritesch. Dir och Här Asselborn?

Jean Asselborn: Nee net vun der NASA, vun der NSA.

Lynn Gaspar: Vun der NSA, pardon.

Jean Asselborn: Jo et ass näischt. Mä ech wollt just soen de President Obama huet effektiv een éischte Schrëtt gemaach, deen awer laang net duergeet. Ech mengen et ass dach normal, datt d'Amerikaner sech net umoossen si missten den Handy vun der Bundeskanzlerin oder vum franséische President oder ech weess net vun anere wichtege Persounen oflauschteren. Datt en dat mol seet, ass jo mol ee Schrëtt an déi richteg Richtung, mä ech mengen net, datt dat berouegend ass.

Do wou de Problem ass an dat ass och gëschter hei ganz kloer gesot ginn, dat ass, datt d'Amerikaner eigentlech grenzelos kënnen an d'Netzer erakommen, datt si och déi Netzer net nëmme kënnen oflauschteren, mä se och futtimaachen, wa si mengen dat wier richteg an alles opgebaut op d'Reaktioun vun 9/11, datt alles muss kontrolléiert ginn, soss wier et onsécher. Ech verstinn zu engem Deel d'Verdeedegung oder d'Argumentatioun vun den USA, datt een hir Sécherheet an datt de Kampf géint den Terror eppes Essentielles ass. Mä zanter 9/11 ass an Amerika einfach d'Akzeptanz, datt alles kontrolléiert gëtt an alles iwwerwaacht gëtt ass do, déi ass glécklecherweis an Europa awer nach op enger ganz anerer Schinn. An dofir déi Däitsch, dat kann ech Iech soen hei vu München, ech hu jo e wéineg konne mat hinne schwätzen, déi sinn net frou, datt kee Wuert vun Entschëllegung komm ass, och net vum Här Kerry. Si hate sech do vläicht e wéineg méi erwaart. Ech wëll lo net dem Här Kerry ënnerstellen, datt hien dat alles deckt wat an Amerika leeft, mä wat wichteg wier, dat ass datt een awer als Bierger wéisst an Europa, datt et an Amerika de Pouvoir politique ass, deen deen d'politesch Responsabilitéit huet, decidéiert wéi et ass a wat an a wat fir engem Mooss, datt déi Ofwaachungssystemer do agesat ginn. No spy, mengen ech bleift op der Dagesuerdnung selbstverständlech. Ech sinn net sécher ob ee soll dee Sträit féieren mat deem free trade agreement, datt een dee soll stoppe fir eppes ze erreechen op deem anere Gebitt. Mä wat awer muss kommen, a mengen Aen, dat ass wierklech, datt d'Amerikaner musse bereet sinn mindestens mat den Europäer, wat jo hir Partner sinn oder hir éierlech Partner sinn, datt ee Grenze kënnt fixéieren a Konventiounen. Well wann dat net de Fall ass, ech hunn dat d'lescht Woch oder déi Woch virdrun, wou ech an der Chamberkommissioun war gesot. Da kafe mir rëm Enveloppen, pechen een Timber op de Bréif a mir schécken ee Bréif. Da gëtt zwar kontrolléiert wie wiem ee Bréif schéckt, mä et kann ee wéinstens net kontrolléiere wat drasteet. Dat ass vläicht dann déi, no där ganzer Evolutioun vun den elektroneschen Technologien d'Konsequenz dovunner, datt d'Leit näischt méi kënnen trauen an eben rëm op déi gutt al Post zeréckkommen, dat wier vläicht och net sou schlecht.

Lynn Gaspar: Här Asselborn, ech hunn nach 2 3 kleng Froen, komm mir kucken, datt mir déi nach duerchkréie virun 1 Auer.

Jean Asselborn: Selbstverständlech.

Lynn Gaspar: Méi genee Sujet Europa virun de Wahlen. De 25. Mee gëtt d'Europaparlament gewielt. Iwwert dee Sujet hat Dir dës Woch zu Paräis mat Ärem Homolog Laurent Fabius Rieds an do war ee vun de Sujeten d'Ännerung vun Traitéen déi d'Bundeskanzlerin Merkel an de britesche Premier Cameron fuerderen. Wat heescht dat konkret fir d'Zukunft vun deene Wahlen?

Jean Asselborn: Jo, also wa mir eis doropper lo konzentréieren, da mengen ech ass Frankräich der Meenung déi – ech hoffen och an ech wäert och alles do dofir maachen, mir hunn nach ni kënnen präzis an der Regierung doriwwer schwätzen, mä d'Regierung och meng Meenung deelt – datt een net däerf lo rëm all seng Energie virun den Europawahlen an no den Europawahlen op Treaty change, op Changement de traité setzen. A Frankräich ass d'Positioun extrem kloer. Et muss ee gesinn, datt d'Madame Merkel jo Unzeeche ginn huet fir dat do nach eng Kéier opzegräifen, ouni awer lo all ze däitlech ze ginn. Mä et muss ee gesinn, et ass kloer, den Här Cameron, de Premier aus England, wëll Treaty change hunn, mä aus enger ganz anerer Ursaach wéi d'Madame Merkel. Déi eng wëlle méi Integratioun, méi Kontroll, déi aner wëlle manner Europa an ech si mam Laurent Fabius eens, mir hunn allenzwee gesot, wat England ugeet, ech mengen Europa muss drun interesséiert sinn Groussbritannien an der  europäescher Unioun ze behalen, soss wier d'Europäesch Unioun eng aner.

Mä op déi aner Manéier kann awer och net England all Latitude kréien, fir den Europäesche Gedanke futti ze maachen. Do dertëschent muss sech beweegt ginn. An England ass jo eng Evolutioun am gaangen, datt 2017 soll ee Referendum stattfannen. Den Här Cameron huet Problemer fir dat op de Leescht ze kréien. Mä hie fiert do virun domatter. Dat gëtt natierlech eng Debatt an England iwwert Europa, wou kee Mënsch weess de Moment wéi se ausgeet. Mä ech menge mir sollen eis konzentréieren bei den Europawahlen, virun allem op eent, Europa ass ee Projet de paix tout court. Et ass och ee Projet de paix sociale. An dat mengen ech, do hu mir genuch ze dinn, datt mir aner Europäescher Unioun an alle Länner mussen de Wuesstem stimuléieren, fir d'Aarbechtsplazen nei ze schafen an déi déi mir hunn ze halen an net rëm do eng theoretesch Diskussioun wéivill Pouvoir soll de President vun der Kommissioun hunn oder de President vum Europaparlament. D'Leit hunn es genuch domatter. An ech soen Iech eent, wann lo Referendume kommen iwwert Europa, oder et misst a verschidde Länner ee Referendum ginn iwwert eng Verfassungsännerung, da kéint et mol liicht schif goen.

Lynn Gaspar: Mir hu lo vill iwwert Europa geschwat. Ganz zum Schluss dann awer nach ee klengt Wuert zu der nationaler Politik. Här Asselborn, Dir sidd dem Land och an der neier Regierung op Ärem Posten als Ausseminister erhale bliwwen, de Poste vum Vizepremier ass un den Etienne Schneider gaangen. Wat haalt Dir vun all de Changementer an de leschte Méint?

Jean Asselborn: Also et gëtt eng Regel Madame an ech wëll mech awer lo net derobéieren, datt een aus dem Ausland ni iwwer Lëtzebuerger Politik schwätzt.

Bon ech kann Iech just eent soen, ech sinn och gefrot ginn op enger Tëlevisiounsstatioun zu Paräis lo an der Woch an do hu si mech gefrot, zu Lëtzebuerg huet jo eigentlech eng kleng Revolutioun stattfonnt. Am Fong huet dat normaalst vun der Welt stattfonnt, mir sinn eng Demokratie. Et si Wahlen decidéiert ginn, et hu Wahle stattfonnt an et huet sech eng Regierung gebilt déi eben déi ass déi et ass. An ech mengen déi déi an der Regierung lo sinn, déi 3 Parteien déi stinn do derzou. An ech sinn iwwerzeegt, datt déi Partei, déi grouss Partei déi net méi an der Regierung ass net wäert an eng Deprime falen. Dat geet ganz séier erëm op een normaalt Gleis.

Mir wëssen an der Regierung, déi 3 Parteien wëssen alleguerten, datt d'Kiischten net méi sou séiss sinn an net méi sou rout si wéi se eng Zäit waren, datt eis absolut näischt méi an de Schous fält, datt mir am Ausland näischt geschenkt kréien och, datt mir eis Positioune musse verdeedegen. Do hu mir immens vill ze dinn. Ech sinn och iwwerzeegt, datt mam Premier Xavier Bettel a mat deenen 3 Parteien déi do sinn – ech si jo e wéineg de Papp do vun deenen alleguerten – mä datt bewosst ass wat fir eng Responsabilitéit datt mir hunn a mir wäerten all Energie draleeën, fir dat fäerdeg ze bréngen an d'Oppositioun, virun allem d'CSV, wäert och all Energie drabréngen, fir eng konstruktiv Oppositiounspolitik ze maachen. Dann huet jidderee seng Aarbecht a mir mussen eist Land virubréngen. Méi hunn ech net ze soen, do dozou wat de Vizepremier ugeet, also ech sinn Integratiounsminister ginn.

Ech soen Iech awer dozou ganz kloer meng Meenung: ech war ëmmer ee schlechte Vizepremier, well ech vill ze vill fort war. Ech wëll Iech och soen, datt e Vizepremier a mengen Aen prioritär sech ëm d'Lëtzebuerger Innepolitik ze bekëmmeren huet, dat ass seng Haaptaufgab. An datt den Ausseminister muss just de Contraire maachen. Zemools an enger Zäit wou mir am UNO-Sécherheetsrot sinn, wou mir och d'Présidence och lo vun der Europäescher Unioun an engem gudde Joer kréien. Et ass eng gutt Repartitioun. Mir huet dat absolut net schéiwergefall. Ech sinn net protokolaresch sou tordu, datt do bei mir villes hänke bliwwen ass. Ech menge mir hunn dat anstänneg gemaach, mir hunn dat gutt gemaach, an eiser Partei an och lo an der Regierung an do wäerte mir, hu mir schonn d'Saachen op dat richtegt Gleis gesat an ech hunn absolut kee Problem domatter.

Ech soen Iech just, wou ech ee Problem heiansdo hunn, et ass dee véierte Weekend wou ech net méi oder praktesch net méi doheem sinn a praktesch ëmmer fort sinn. Dat ass physesch eng Ustrengung an ech wëll hei soen, et ass ëmmer ee Mann bei mir, dee Mann heescht Thomas Barbancey, Diplomate sinn ëmmer anerer, hien an ech mir hänke vill an de Fligeren, mir hänke vill an den Hotellen, mä mir maachen dat mat Begeeschterung an ech mengen, datt mir et och maachen an engem Sënn, datt d'Leit dat e wéineg appréciéieren, datt mir eist Land ebe sou gutt wéi een dat kann, am Ausland vertrieden.

Lynn Gaspar: Gutt Här Asselborn, Dir sot et lo selwer, Dir sidd vill ënnerwee, Dir hutt an Zukunft och nach vill Aarbecht. Ech soen Iech op alle Fall villmools Merci, datt Dir vu München aus disponibel waart fir dëse Background. Merci.

Jean Asselborn: Merci och. Et war ganz flott.

Dernière mise à jour