Mort de Nelson Mandela

Réaction de Jean Asselborn au sujet de la mort de l'ancien président sud-africain Nelson Mandela

De Mandela huet jo dacks vu sech selwer gesot, datt e keen Hellege wier, datt e kee Prophéit wier, datt e keen Herrgott wier – Fakt ass allerdéngs, datt e Milliarde vu Mënschen, esouguer d’Mënschheet, kann ee soen, grad wéi Gandhi oder Martin Luther King, mat sengem Charisma staark geprägt huet. 

Hie steet jo virun allem fir d’Ofschafe vun der Apartheid. Dir wësst, datt hien Ufanks der 90er Joeren, zesumme mat dem leschte President vu Südafrika, de Klerk, de Friddensnobelpräis dofir kritt, datt dat ouni Biergerkrich, ouni datt Blutt vergoss ginn ass iwwer d’Bühn gaangen ass. 

Ech mengen awer, datt, virun allem beim Mandela muss een déi Gedold an déi Wëllenskraaft wierklech an de Virdergrond stellen. Well, no 23 Joer Haft, 1985, huet hien ugebuede kritt vum deemolege President Botha, datt hie géif fräigelooss ginn, ënner der Konditioun, datt hien op all Oppositioun géif verzichten. Dunn huet hie refuséiert, hien huet gesot, hie kéint seng ugebuere Rechter net verkafen, an nëmme Leit déi fräi si kéinte verhandelen. Ech mengen, dat ass eng immens grousse Geste.

Dernière mise à jour