Déclaration de Jean Asselborn sur la politique étrangère et européenne

"Et muss een d'Migratioun net als Gefor gesinn, déi just muss gestoppt ginn, mä och als Chance (...)"

Seul le discours prononcé fait foi

"Här President,

Dir Dammen an dir Hären Deputéiert,

1. D’Äerd dréint nach ëmmer ëm d’Sonn, zelwecht wéi am November 2014 bei menger viregter Ried zur Aussepolitik an eis Welt ass leider nach ëmmer grad esou zerrappt wéi deemools. Si ass haut éischter nach méi gespléckt, méi desorientéiert a méi geféierlech ginn. Kricher a Biergerkricher an eiser direkter Noperschaft, Terroruschléi uechter d’ganz Welt, sinn déi Realitéit, an där mir haut liewe mussen. D’Biller vu Flüchtlingen, déi hiert Liewen um Mëttelmier riskéieren, oder déi op europäesche Grenzen ënnert pickegem Drot duerchkrauche oder ënnert fräiem Himmel am Bulli schlofe well kee si wëllt, loossen äis net méi lass.

Erlaabt mer awer och direkt, haut um 8. Mäerz, dem internationale Fraendag, ze soen, dass et d’Frae sinn, déi am meeschten ënnert der Flüchtlingskris leiden. Ech hunn dat op Lesbos a Lampedusa selwer gesinn, an d’Biller an de Medien, zum Beispill vun Idomeni, illustréieren et ëmmer erëm. Et sinn d‘Fraen, déi oft Affer vun Iwwergrëff an Erniddregungen an dëser Kris ginn. An dach sinn et ganz dacks d’Fraen, déi sech matt hire Kanner matt gréisstem Courage bis an eis Länner duerchschloen. Grad haut verdéngen dës Fraen eise Respekt awer och eis Bereetschaft, si op hirem Wee bei eis ze verstoen an ze ënnerstëtzen.

2. D’Eurokris fir d’éischt an elo d’Migratiounskris, verbonne matt der Instabilitéit an der europäescher Noperschaft, hunn d’Europäesch Unioun zolitt un d’Wackele bruecht. D’Solidaritéit, d‘Gemeinschaft tëschent all äis Europäer, déi äis bis dohin charakteriséiert hat, ass haut net méi automatesch ginn.

3. D’Migratiounskris stellt Europa fir de Moment haart op d’Prouf. Si huet grouss Auswierkungen op de Fonctionnement vun der Europäescher Unioun. An där Kris hu mer als Presidence, am zweete Semester 2015, probéiert, europäesch Léisungen zu sichen, well dat deen eenzege Wee ass, fir déi Problematik unzegoen. Leider gouf a gëtt haut deen Usaz net vun allen 28 gedroën. Individuellt Handele vun eenzele Länner oder Regioune setzt eise kollektiven Aquis op d’Spill.

4. Et gouf sécher schonn an der Vergaangenheet Problemer an Europa, doru besteet keen Zweiwel, mä et war ee vläicht nach ni esou zerrappt wéi haut. Mir Europäer hunn äis matt Momenter zum Beispill iwwert d‘Präisser vu landwirtschaftleche Produkter gestridden, oder mir waren äis net eens bei den Verhandlunge fir den europäeschen Budget, mä ni ware mir an enger Situatioun an där eis fundamental Wäerter a Prinzipien esou a Fro gestallt goufen, wéi haut.

5. D‘Divergenzen tëschent dem Norden a Süden, a virun allem tëschent den ëstlechen a westleche Memberstaate vun der Unioun, si schwiereg ze iwwerbrécken. Dat läit och drun, dass a ville Memberstaaten geféierlech Tendenze vu Populismus an Nationalismus un Terrain gewannen, während déi traditionnel Parteien an hir Politiker struewelen. Grondwäerter déi äis zanter de Grënnungsjore wichteg sinn, an déi äis haut méi wéi jee um Häerz léien, déi Prinzipien déi d‘Réckgrat vun der Unioun duerstellen, ginn haut zum Deel kontestéiert, an dobäi sinn d‘Fräiheet, d‘Demokratie, d‘Gläichheet an d’Rechtsstaatlechkeet ageschriwwen an den Traitéë vun der Europäescher Unioun. Déi wichteg Prinzipie vum europäeschen Integratiounsprozess gi matt Féiss getrëppelt an d’Zukunft vun Europa gët liichtfankeg op d’Spill gesat. Dat ass net eist Europa. Dat ass net dat Europa wat mir wëllen a wat mir brauchen. Solidaritéit an Europa kann net just nach à la carte fonctionnéieren!

6. Dobäi kommen dann Diskussioune ronderëm e méigleche Brexit: et war ee sech eens, dass dat Méiglecht muss gemaach ginn, fir Groussbritannien an der Europäescher Unioun ze halen. Um Conseil européen vum 17-18. Februar si grouss Efforte gemaach ginn an deem Sënn. Et ass e Kompromëss fonnt ginn : kee gudden, awer och kee katastrophalen. Elo ass et un der britescher Regierung, fir hir Bierger ze iwwerzeegen, dass Groussbritannien eng fest an eng zukunftsorientéiert Plaatz an der Europäescher Unioun anhuele kann. Dat wier dat Bescht fir d’Unioun an dat schéngt mir och dat Bescht fir Groussbritannien ze sinn.

7. All dës kombinéiert Krisen, zesumme matt der Gefor vun engem Brexit, sinn en explosive Cocktail fir Europa a kéinten e Choc provozéieren vun deem d’EU sech just schwéier géif erkréien. Während vill Leit an Europa matt guddem Wëllen, zu deene Lëtzebuerg och gehéiert, alles maachen, fir un europäesche Léisungen ze schaffe fir déi Krisen ze meeschteren, gëtt et anerer déi mengen, si kéinte Profit aus dëser Situatioun zéien, an der EU mä och ausserhalb. Dëse musse mer weisen dass mir un Europa gleewen an de Wëllen an d’Kapazitéit hunn dës Krisen ze meeschteren.

8. Eis Presidence vum Ministerrot vun der Europäescher Unioun war d’Geleeënheet, an alle Beräicher no esou europäesche Léisungen ze sichen. Mir hu versicht, eng kohärent Strategie fir d’Migratiounskris opzestellen, en Ensembel vu Moossnahmen deen et misst erlaben d’Kris besser ze géréieren, am Interessi vun der Mënschlechkeet, am Interessi vun den Migranten a matt der Hëllef och vun eise Bierger. Mir hu prioritär Aktiounen ëmgesat fir konkret géint den Terrorismus virzegoen. Doriwwer eraus hu mir ëmmer versicht, déi aner Dossieren, déi mir äis an de Programm vun der Presidence gesat haten, net aus den Aen ze verléieren.

9. Mir haten äis am Kader vun eiser Presidence als Zil gesat, de Bierger erëm an d’Mëtt vum europäesche Projet ze setzen. Mir hunn alles gemaach, fir de Leit hir Suergen an d’Gestaltung vun eiser Europapolitik anzebezéien. Mir hunn äis fir eng „Unioun fir d’Bierger“ staark gemaach. Mir hunn eise Partner an der Unioun och nees eng Kéier gewisen, datt mir e modernt, oppent an zukunftsorientéiert Land sinn, dat parfaitement kapabel ass, d’Geschécker vun der Unioun fir sechs Méint ze leeden.

10. Déi griichesch Kris war knapps eenegermoossen am Grëff, du goufe mir matt zwou neien Erausfuerderungen konfrontéiert : ech schwätze vun der Migratiounskris a vun den terroristeschen Attacken an an ëm Europa, a besonnesch vum Attentat vum 13. November zu Paräis.

11. An der Migratiounskris war eis Aktioun vun Ufank un drop konzentréiert, deenen Mënschen, déi an hirer Nout vun doheem hu misse flüchten, ze hëllefen. Ech soen haut wat ech och scho viru sechs Méint gesot hunn: D’Migratiounskris kann net geléist ginn matt enger Ofschottung vun Europa a sécher och net mam Opriichte vun enger Mauer oder engem Zonk. Europa huet genuch pickegen Drot an Tréinegas gesinn. An d’Geschicht huet äis geléiert, dass pickegen Drot an Tréinegas nach ni Problemer geléist huet. Mir mussen, an dat hun mir an der Presidence gemaach, d’Kris matt Verstand an Ëmsiicht geréieren an am Respekt vun der Mënschlechkeet, esou wéi dat an der internationaler Konventioun vu Genf vun 1951 festgehalen ass. Wat virun 65 Joer mënschlech war, dat ass och haut mënschlech an mir hunn d’Verflichtung, déi Wäerter ze liewen an am Alldag ëmzesetzen. Mir mussen och a grad fir d'Flüchtlingen, déi virun deene schlëmmsten Zoustänn op eisem Planéit fortlafen, sécher stellen, dass si den héchsten Niveau vu Schutz vun hire Mënscherechter garantéiert kréien. Dat kënne mer nëmme matt enger kohärenter Politik, déi op de Prinzipie vu Responsabilitéit a Solidaritéit berout.

12. Anerersäits muss Europa awer och aus der aktueller Lag eng Léier zéien a sech bewosst ginn, dass et net méiglech ass jiddereen opzehuelen. E verstäerkte Message muss un déi Leit goen, déi net ënnert d’Genfer Konventioun falen, éier se hiert Land verloossen, an d‘EU muss matt deene Länner Accorde fannen, fir dass déi hir Landsleit nees zréckhuelen. Mä dat geet net duer. D’EU huet och d’Flicht, sech staark ze maachen fir dass d‘Aarmut an dëse Länner reduzéiert gëtt, dass och dës Leit eng Perspektiv gesinn, wa se an hire Länner bleiwen. Kee Mënsch, mengen ech, verléisst fräiwëlleg säi Land, wann en net muss.

13. D’Kommissioun schafft de Moment och un sougenannte Paquets incitatifs déi déi Länner géife bevirdeelegen, déi bereet wieren, an deem Sënn matt de Memberstaaten zesummenzeschaffen. Dës Mesure sollen och individuell op all Land zougeschnidde ginn. Et handelt sech heibäi elo ëm Bangladesh a Pakistan, awer och ëm afrikanesch Länner wéi Côte d’Ivoire, Ghana, Mali, Marokko, Nigeria a Senegal.

14. Europa muss de Leit och legal Weeër ubidden, fir heihinner ze kommen. Et muss een d'Migratioun net als Gefor gesinn, déi just muss gestoppt ginn, mä och als Chance, déi muss erkannt an organiséiert ginn, och am Interêt vun der economescher a sozialer Zukunft vum europäesche Kontinent, deen d'Zouwanderung brauch. Demographesch Previsioune ginn dervun aus, dass Europa no 2050 u Bevëlkerung wäert verléieren. Virun allem gëtt eis Bevëlkerung ëmmer méi al, a Migratioun ass e wichtegt Element fir d’demographesch Erneierung vun Europa. Ouni Zouwanderung géif et an deenen nächsten 30 Joer schwéier ginn fir déi aktiv Populatioun an Europa, déi Leit matt ze droen, déi nach net oder net méi schaffen. Vun enger Relatioun 4:1 kéim een op ee Verhältnis 2:1, wat berufflech aktiver par Rapport zu den net aktiven an der EU ugeet.

15. Ënnert eiser Presidence hu mer et fäerdeg bruecht, de schwieregen Dossier iwwert d’Chercheurs/étudiants duerchzebréngen. Deen Accord, dee mir mam Europaparlament fonnt hunn, bidd eng Perspektiv fir ronn 250.000 Jonker aus aller Welt. Desweideren ass zu la Valletta e Plan d’action matt eisen afrikanesche Partner ënnerschriwwe ginn, deen et och soll erméiglechen, dass Leit iwwer legal Weeër an Europa kënne kommen an awer och dass Opportunitéite fir déi Jonk an Afrika selwer entstinn.

16. Gëschter um EU-Tierkei Sommet zu Bréissel huet sech engersäits kloer bestätegt, dass d’EU d’Tierkei a Saache Léisungen an der Flüchtlingsfro brauch, anerersäits ass et awer och vill méi kloer ginn, dass d’Tierkei och d’EU brauch. Et sinn Denkustéiss opgetaucht, déi sech och am Statement erëmfannen, a fir déi de President Tusk opgefuerdert gëtt, matt der tierkescher Säit ze kucken, ob se realistesch a machbar sinn. Erlaabt mer hei spontan Douten juristescher Natur - wat d’Convention de Genève vun 1951 ugeet – wéi och politescher a mënschlecher Natur auszedrécken, wa Flüchtlingen – och Syrer – déi a Griicheland sinn, sollen an d’Tierkei zréckgefouert ginn an déi selwecht Zuel Flüchtlingen als Echange aus der Tierkei sollen an der EU opgeholl ginn. Hei ass nach vill Klärungsbedarf. Et schéngt mer jiddefalls gewot, elo scho vun Duerchbroch ze schwätzen.

Méi einfach ëmzesetzen wäerte Visaliberaliséierunge fir tierkesch Bierger sinn, grad wéi d’Opstocke vu Fongen aus der EU fir d’Tierkei. Och d’Opmaache vu weidere Kapitelen am Erweiderungsprozess, virun allem 23 a 24 wou et ëm d’Justiz an d’Rechtsstaatlechkeet geet, ass ëmsetzbar wa mir eis zu 28 eens sinn, a just elo wier dat eng Initiative déi der EU an der Tierkei géif gutt doen, mengen ech.

17. Et ass wichteg, fir den Duerchbléck ze behalen, dass déi Moossnahmen, déi geholl goufen, och séier an efficace ëmgesat ginn. Zu dëse Moossnahmen gehéieren d’Relokalisatioun an d‘Reinstallatioun vun de Flüchtlingen, d‘Ëmsetze vun der neier Politik vum Retour an der Readmissioun, den Accueil an den "Hotspots" a virun allem d‘Stäerke vun de Baussegrenze vun der Europäescher Unioun. Mir si frou, dass et an eiser Presidence gelongen ass, en Accord fir d'Relokalisatioun vun 160.000 Persounen an d'Reinstallatioun vun 22.504 Persounen ze fannen. Deen Accord muss allerdéngs ëmgesat ginn. Eng finanziell Hëllef vu 455,7 Milliounen Euro gouf am Oktober vum Conseil adoptéiert fir der Flüchtlingskris kënne Meeschter ze ginn. Déi zweet Phas vun der EUNAVFOR MED SOPHIA-Missioun gouf lancéiert, fir aktiv géint d’Mënscheschmuggler am Mëttelmier virzegoen. Conclusioune konnten adoptéiert ginn fir eng nei Retour- an Readmissiounspolitik.

18. All dës Moossnahmen sinn, ouni Ausnahm, en onverzichtbare Bestanddeel vun der Reform vun der europäescher Migratiounspolitik, mä dat geet nach net duer. Et ass et och wichteg dass déi Propositiounen, déi d‘Kommissioun den 15. Dezember 2015 an hirer Kommunikatioun iwwert d’efficace Gestioun vun de Baussegrenze gemaach huet, séier duerch den europäeschen Entscheedungsprozess kommen an dass d’Unioun domatt besser opgestallt ass, fir de Flüchtlingsstroum, deen an deenen nächste Méint nach wäert zouhuelen, besser ze bewältegen.

19. An deem Kontext ass virun allem d’Propositioun iwwert e Corps européen de gardes-frontières et de gardes-côtes (Frontex plus) wichteg. Hei gëllt et esou séier ewéi méiglech en Accord mam Europaparlament ze fannen fir dass eng nei Form vu Kooperatioun um Terrain Realitéit gëtt. Tëschenzäitlech kann et net d’Léisung sinn fir individuell Decisiounen ze huelen andeems een stur op d’Uwendung vun der nationaler Souveränitéit besteet. Dat bréngt keen vun äis all och nëmmen e Millimeter weider. Mir brauchen eng kollektiv Responsabilitéit matt kollektiven Äntwerten an deem Fall wou e Land et net packt fir seng Grenzen ze bewaachen an ze schützen. En Upgrade vun Frontex ass e wichtegen Schrëtt no vir, fir der aktueller Situatioun Meeschter ze ginn.

20. Et geet em d’Zukunft an ëm d’Integritéit vum Schengen Raum. Schengen fonctionnéiert nëmmen dann, wann all déi gemeinsam Reegelen agehale ginn. Ech ka verstoen, dass eng Rei vu Memberstaaten erëm zäitweileg Grenzkontrollen aféieren, mä et ass kloer dass dat nëmme ka geschéien am Kader vun den Akkorden a matt dem Verständnis dass déi Kontrollen zäitlech a raimlech begrenzt sinn. Et ass inakzeptabel, dass mir Grondprinzipie wéi d’fräi Zirkulatioun opginn, an domatt och nach de Fonctionnement vum Bannemaart a Fro stellen. Wa Schengen auserneenbrecht, da steiert d’Unioun nees direkt op eng nei grouss economesch Kris zou. Eng rezent Studie huet ausgerechent, dass, wann Grenzkontrollen nees à long terme agefouert géife ginn, et zu engem Schued vu 470 Milliarden Euro kéim. Enger méi pessimistescher Approche no kéint déi Zomm awer och bei 1400 Milliarden Euro leien!

21. Dofir nach eng Kéier : et ass héich Zäit, dass an Europa all déi Decisiounen, déi mir um Niveau vum Ministerrot geholl hunn, och an d’Wierklechkeet ëmgesat ginn. Et geet net duer, dass zu

Bréissel eppes decidéiert gëtt an dass verschidde Memberstaaten da maache wéi wann näischt geschitt wär. Jiddereen huet seng Verflichtungen ze respektéieren an et ass einfach inakzeptabel dass et Länner gëtt, déi sech hirer Verantwortung wëllen entzéien. Wa verschidde Visegrad Länner menge si kënnten d’Migratiounskris eleng léisen, da sinn si um falsche Wee. A wa Léisunge gedriwwe gi vun Demagogie a Populismus, dann ass dat eng Approche, déi riicht an eng Sakgaass geet. An dat um Bockel vu Leit, déi viru Krich a Grujelegkeete fortlafen.

22. Et geet hei ëm Solidaritéit tëschent de Memberstaaten, an dat ass eng politesch an net just eng juristesch Affaire. Solidaritéit ass kee Sens unique, vun där ee profitéiert wann dat ee grad arrangéiert, a bei där een de Kapp an de Sand stécht wann ee keng Responsabilitéit wëll droen. D’Solidaritéit gebitt eis, haut Griicheland ze hëllefen, déi onméiglech Situatioun op senger Grenz matt der fréierer jugoslawescher Republik Mazedonien, zu Idomeni, an de Grëff ze kréien. Ech begréissen an deem Kontext, dass d’Kommissioun Griicheland an aner EU-Länner, déi massiv Flüchtlingen empfänken, matt engem neie Paquet vu 700 Milliounen iwwert dräi Joer ënnerstëtze wëll.

23. Fir eis Decisioune konkret ëmzesetze musse mer all zesumme schaffen, an dat op verschiddenen Niveauen. Mir mussen duerch koordinéiert Mesure matt eisen Drëttstaatepartner kucken dass keng alternativ Migratiounsrouten opginn, an déi Gefor ass do, wéi zum Beispill a Richtung Italien. Eis Aktioune mussen dat internationalt Völker- an EU-Recht respektéieren andeems se sech op de Prinzip vun der Net-Diskriminéierung baséieren. Déi Länner déi schlussendlech d’Balkanroute zougemaach hunn, sollen elo ëmsou méi Griicheland hëllefen, an dat och andeems se humanitär Hëllef zur Verfügung stellen. Dësweidere musse mer awer och matt de Balkanlänner kucken, dass keng Problemer um Niveau vun der ëffentlecher Uerdnung a Sécherheet opkommen. All des Elementer wäerten natierlech e gewësst Investissement erfuerderen. Dat am finanziellen ewéi och am personelle Beräich. A Lëtzebuerg muss do och säin Deel bäidroen!

24. Mir zu Lëtzebuerg sinn amgaang, eis Engagementer ëmzesetzen. E puer Zuele fir dat ze illustréieren: fir de Moment logéiert den OLAI ronn 3000 Leit a senge Strukturen. Ugangs 2015 waren et der nach nëmme 1500. Den OLAI huet elo eng Capacité d’accueil vu 4000 Better, dat ass dat duebelt wéi virun der Kris. D’lescht Joer hunn 2.447 Leit zu Lëtzebuerg Asyl ugefrot, dovunner waren der 669 Syrer a 539 Iraker. Bis Enn Februar hunn 89 Syrer an 99 Iraker hei am Land dëst Joer Asyldemande gemaach. Mir hunn eis engagéiert, duerch den EU Relokalisatiounsmechanismus 751 Leit iwwer zwee Joer opzehuelen, déi elo a Griicheland oder Italien sinn. Déi éischt 30 Leit sinn am November d’lescht Joer aus Griicheland komm. Sollt de System fonctionnéieren, an ech hoffen dat, si mer vun elo u prett all Mount eng 30 Flüchtlingen an deem Kader hei zu Lëtzebuerg opzehuelen. Doniewt droe mir eisen Deel bäi zum Reinstallatiounszil vun der EU. D’lescht Joer hu mir 46 syresch Flüchtlingen aus der Tierkei hei reinstalléiert, an dëst Joer sollen et der och ronn 50 sinn. Lëtzebuerg dréit och en Deel zur Verstäerkung um Terrain vun den Agence Frontex an EASO bäi. Fir de Moment sinn dräi Polizisten a Frontex-Missiounen integréiert : een op Sizilien an zwee op Lesbos. D’Immigratiounsdirektioun stellt dëst Joer 6 Leit zur Verfügung fir EASO, déi europäesch Agence fir Asyl, een dovunner ass schon an Italien. Am Regierungsrot leschte Freideg hu mir decidéiert, 5 zousätzlech Leit ze rekrutéieren, déi mir da Frontex kënnen zur Verfügung stellen. Aus der Police dierften och 4 Leit Frontex zousätzlech zur Verfügung gestallt ginn.

25. D’Presidence huet sech och aktiv am Kampf géint den Terrorismus engagéiert. Vill Länner hunn zanter der leschter aussepolitescher Deklaratioun hei en héije Präis wéinst dem Terrorismus bezuelt. Paräis, Kopenhagen, Karachi, Sousse, Tunis, d’Universitéit zu Garissa a Kenia, Istanbul, Ankara, de russeschen Airbus iwwert dem Sinaï, d’Attack op Hotelen zu Bamako an Ouagadougou, d’Selbstmordattentater vu Boko Haram, Damaskus, Homs, Jerusalem, Jakarta, Mogadisho an nach aner Plazen. Déi terroristesch Menace ass eng weltwäit an dowéinst gëllt dass all Land seng Roll bei der Bekämpfung muss spillen.

26. D’Terroriste wëllen äis splécken, eis Gesellschaften zerstéieren a fanatiséieren, Europa an d’islamesch Welt openeen hetzen. Dat dierfe mer net zouloossen. Déi Barbare schrecke viru kengem Verbriechen zréck, och net virum Verbrieche géint d’Geschicht, wann se zu Palmyra oder zu Timbuktu Patrimoine vun der Mënschheet zerstéieren. Déi rezent Attacken zu Paräis hu gewisen, dass de Kampf géint Daech op verschiddene Fronten stattfanne muss: souwuel op militärescher, mä virun allem op politescher an natierlech och ideologescher Front.

27. D’Kontroll vun de Baussegrenzen, den Informatiounsaustausch, d’Konsultatioun an d’Alimentatioun vun den existéierenden Datebanke waren d’Haaptpunkten, déi an eiser Presidence verstäerkt sollte ginn, genee ewéi d’Kapazitéiten am Kampf géint d’Radikaliséierung an eng besser Kooperatioun matt Drëttlänner. No Paräis konnte mir en Accord iwwert d'Aféierung vun engem europäesche System fir d'Erfaasse vu Passagéierdonnéeën, de sougenannte PNR, duerchsetzen. Et ass äis och gelongen, den Dateschutz an der Europäescher Unioun ze verbesseren. Et war äis wichteg, dee Package parallel zum PNR ze halen an domatt e Gläichgewiicht ze schafen tëschent den noutwendege Moossnahmen am Beräich vum Kampf géint den Terrorismus an dem Schutz vun der Privatsphäre vun eise Bierger. Mir mussen oppassen, dass mir äis bei der Bekämpfung vum Terrorismus net op eng Schinn beginn, wou mer d'Fräiheeten am Numm vun der Sécherheet opginn. Mënscherechtsverletzungen am Numm vu kuerzfristegem Sécherheetsdenke sinn inakzeptabel: mëttelfristeg menacéiert d'Beschneidung vun der Fräiheet, de Staat ze destabiliséieren an zu engem Klima vun ëmmer méi Onsécherheet ze féieren. Mir däerfen net eis fundamental Wäerter an eis Fräiheeten afferen am Numm vu méi Sécherheet, well mir matt deem Geschéck à terme weder Fräiheet nach Sécherheet wäerten hunn.

28. Ech sinn och frou, dass et äis gelongen ass e politeschen Accord iwwert den EUROPOL Reglement ze fannen. Am Kader vun der Ëmsetzung vun der europäescher Strategie vun der banneschter Sécherheet fir d’Joren 2015-2020 hu mir e Programm zesummegesat, deen eng Grondlag fir déi weider Aarbechte bitt. Et weidert Resultat vun eiser Presidence ass d’Reform vum Europäesche Geriichtshaff. D’Geriicht kann domatt méi séier an méi efficace schaffen. Och dat ass am Interessi vun eisen Bierger.

29. Lëtzebuerg huet deen éischte politeschen Dialog matt alle Memberstaaten iwwert d’Rechtsstaatlechkeet gefouert – en Exercice, deen déi nächst Presidencen wäerte weiderféieren an dat an engem Kontext deen sech no de Wahlen a Polen dramatesch geännert huet. Pressefräiheet an eng onofhängeg Justiz sinn onverzichtbar Elementer vun all Rechtsstaat a mir kënnen net akzeptéieren dass si an der Europäescher Unioun net méi garantéiert sinn. Dofir wäerte mir äis och an Zukunft asetze fir d’Grondfräiheeten a Mënscherechter net nëmmen ausserhalb vun Europa, mä och a ganz besonnesch am Kader vun der Europäescher Unioun. Mir ënnerstëtzen d’EU Kommissioun an der Ëmsetzung vun deem neie Mechanismus fir d‘Rechtsstaatlechkeet, a begréisse ganz besonnesch d’Roll vun der Commission de Venise vum Europarot, op där hir Analys d’EU zréckgräift. Am polnesche Kontext ass d’Commission de Venise amgaang, hiren Avis iwwert d’Reform vun dem Verfassungsgeriicht ze finaliséieren. Éischten Informatiounen no recommandéiert d’Commission de Venise de polneschen Autoritéiten, déi meescht Elementer vun der Reform vum Verfassungsgeriicht réckgängeg ze maachen, well se net kompatibel si matt der Demokratie, de Mënscherechter an dem Rechtsstaat.

30. Am economesche Beräich erlaben ech mer, hei just e puer grouss Dossiere kuerz unzeschneiden. Et war eng vun eise Prioritéiten, Investissementer fir Wuesstem an Aarbecht ze ënnerstëtzen. Mir hunn drun geschafft, favorabel Konditiounen ze schafen, fir Investissementer an alle Regioune vun der EU ze mobiliséieren, mir hu wichteg Décisioune geholl a Richtung vun enger Unioun vun de Kapitalmäert, mir hunn d’Sécherheet vun de Finanzmäert gestäerkt, an d’Kompetitivitéit vum europäesche Stolsecteur. Am Beräich Fuerschung an Innovatioun hu mer d'Entwécklung vum Europäesche Fuerschungsraum virubruecht.

31. Eng aner wichteg Prioritéit vun eiser Presidence war et, déi sozial Dimensioun an der Europäescher Unioun ze stäerken, matt enger Referenz op den Triple A social. Eng Unioun fir d’Bierger ouni eng gutt entwéckelt a gerecht sozial Dimensioun ass net virstellbar. Et geet net duer, dass mir den europäeschen Integratiounsprozess just am wirtschaftlechen an am finanzielle Beräich virundreiwen. Déi Sozialbedürfnisser vun deenen Äermsten an Europa dierfen net matt Féiss getrëppelt ginn, wa strukturell Reformen ouni e Kär vu Mënschlechkeet duerchgezu ginn. Als Presidence hu mir virun allem am EPSCO-Rot eng ganz Rei vun Echangen iwwer di sozial Dimensioun organiséiert. Si wor d’Haaptthema um „Sommet social tripartite“ am Oktober 2015. Virun allem am Beräich vun der Wirtschafts- a Währungsunioun hu mir äis dofir agesat déi sozial Dimensioun ze stäerken. Doriwwer eraus goufen eng Rei vun neien Direktiven am Aarbechtsberäich adoptéiert. D‘Gesondheet an d‘Sécherheet op der Aarbecht waren e wichtegt Thema, souwéi d’Integratioun vu Laangzäitaarbechtslosen.

32. Eng aner Prioritéit vun eiser Presidence war d’Stäerke vum Bannemaart. Den digitale Bannemaart konnt weiderentwéckelt ginn, zum Beispill duerch déi definitiv Ofschafung vun den Roaminggebühren am EU-Raum bis Mëtt 2017. Mir hunn domatt bewisen, dass et méiglech ass d’Interesse vun eise Bierger iwwert de Profit vun e puer grousse Konzerner ze stellen.

33. Ech kéint iech elo nach schwätze vun dem Dossier vun der propriété intellectuelle, vun der Energie-Unioun, oder vum véierten Eisebunnspaquet, a vun den Decisiounen am Finanz- a Fiskalitéitsberäich, déi fir méi Transparenz am Steierberäich suergen, mä ech géif mech gären e bësse méi am Détail op d’Handelspolitik konzentréieren.

34. Den internationalen Handel ass en integralen Deel vun eiser Aussen- a Wirtschaftspolitik ginn, besonnesch wann et drëms geet, eis europäesch Wäerter a Standarden no baussen ze droen. Dat gëllt fir eis sozial- a Aarbechtsrechter, eis Konsumentenrechter oder eis Emweltstandarden mä et heescht och, dass mir als EU wëllen un den Normen beispielsweis vu neien Technologien mattschaffen.

35. Lëtzebuerg huet sech matt Nodrock fir eng kohärent, inklusiv a responsabel EU-Handelspolitik agesat. Kohärent, well Wuesstem a wirtschaftlech Entwécklung, Schutz vu soziale Rechter a vun der Ëmwelt zesumme gehéieren. Inklusiv, well vun dëser Politik jidderee soll profitéieren, d’Betriber wéi d’Aarbechter, déi och gläichzäiteg Konsumente sinn. Inklusiv awer och, well eng global Wirtschaft, déi hire lokale Réckhalt verléiert, keng laang Iwwerliewensdauer huet. Responsabel, well d’EU sech fir en oppenen, fräien a fairen Handel asetzt, dee virun allem déi äermste Länner op dëser Welt endlech méi integréiert. Dës Grondprinzipie fanne sech och an de Conclusioune vum Conseil, déi Enn November iwwert déi nei europäesch Strategie fir d‘Handels- an Investitiounspolitik “Trade for all” adoptéiert goufen. Ech bestinn dorop, well dës Conclusiounen d’Handelspolitik vun deenen nächste 5 Joer ganz kloer wäerte beaflossen. Et war ënnert eiser Presidence, dass mir eng ganz Rei kriddleg Sujeten – déi och schonns an dësem Haus dacks ugeschwat goufe – an deem Kontext op Pabeier bruecht hunn. Mir hunn och net gefaart, eng kloer Sprooch zu Themen wéi den ëffentlechen Déngschtleeschtungen, dem Dateschutz oder der Transparenz vun eise Verhandlungen ze schwätzen.

36. Et muss een awer och, aus europäescher Siicht, zouginn, dass mir als Europa alleng d’Reegele vum Handel am 21. Joerhonnert net kënne festleeën: fir do kënnen e Wuert matzeschwätzen, brauche mir e staarke Partner. Een, deen, bei allen Differenzen, déi et ginn, déi selwecht Iwwerzeegungen dozou deelt wéi mir selwer. Et geet äis als EU selbstverständlech net dorëms, iergendeen auszegrenzen, mä mir wëlle matbestëmmen, wéi dës Reegelen ausgesinn an net anerer iwwert äis bestëmme loossen. An dat bréngt mech op d’Verhandlungen zum Partnerschaftsofkommes matt den USA, dem TTIP.

37. Wann een den Diskussiounen ëm den TTIP nolauschtert, da stellt ee fest, dass dës Diskussioune manner ëm de Pro an de Kontra vun oppene Marchéen dréinen, déi fir eist Land ausser Fro stinn, mä dass et virun allem dorëms geet, wéi een Afloss d’Staaten an enger globaliséierter a vernetzter Welt iwwerhaapt nach behalen, fir ëffentlech Servicer am Interessi vun der Allgemengheet z’organiséieren. Dat sinn déi Froen, déi d’Leit beschäftegen an dofir ass och d’Fro vun der Transparenz vun dëse Verhandlungen esou wichteg.

38. Während eiser Presidence hu mir virun allem versicht, d’Negociatioune zu engem vun de méi sensibelen Theme weider ze bréngen: der Reform vum Investititounsschutz am Sënn vun engem dauerhaften Investitiounsgeriicht, matt qualifizéierte Riichter, déi engem strikten Verhalenskodex ënnerleien, matt Verhandlungen, déi ëffentlech ofgehalen ginn a wou jiddereen Abléck an d’Verhandlungsënnerlage kritt a wou ee schliisslech och an Appell ka goen. Dat ass eng kleng Revolutioun, well se de sougenannten ISDS-Mechanismus ofschaaft, deen awer nach weiderhin an enger Abberzuel vu bilateralen europäesche Investitiounsschutzverträg erëmzefannen ass. Och dowéinst ass et esou wichteg, dass deen neie System sech zu engem globale Standard a Saachen Investitiounsschutz duerchsetzen kann. Dësen neie System konnt dann och schonn an den Handelsaccord matt dem Vietnam opgeholl ginn an och an de CETA, mam Kanada, an deem schonn eenzelnen Elementer vun dëser Reform virgegraff gouf, konnten elo déi reforméiert Reegelen zum Investitiounsschutz integral erageholl ginn. Et sinn also ëmmer méi vun eise Partner iwwerzeegt, dass dëst dee richtege Wee ass, fir kloer an transparent Investitiounsschutzreegelen opzestellen, well deen ale System, den ISDS, seng Legitimitéit verluer huet, an ech erënneren drun, dass dës Regierung scho ganz fréi e Bréif an dësem Sënn un d’europäesch Kommissioun geschriwwen hat.

39. Ech well an deem Kontext och nach een Thema kuerz uschwätzen, vun deem ech weess, dass et Iech wichteg ass, nämlech den Zougang zu Dokumenter vum TTIP. Mir hunn virun kuerzem, ähnlech wéi eng Majoritéit vun Memberstaten, e Liessall fir vertraulech TTIP-Dokumenter am Ausseministère ageriicht. Vertraulech sinn an dësem Zesummenhang iwwregens just déi amerikanesch Virschléi op eis europäesch Textproposen. Vun den europäesche Proposen kann jiddereen sech e Bild maachen, well déi stinn alleguer op der Websäit vun der Kommissioun. Dat heiten ass eng wichteg Etapp fir d‘Transparenz a fir eng Debatt iwwert de Fong op Basis vun de Fakten kënnen ze féieren.

40. Loosst mech och e Wuert zu den Handelsrelatioune matt China soen. D‘Verhandlungen iwwert en Investitiounsofkommes tëscht der EU a China hunn sech konstant weider entwéckelt. Dësen Accord ass eng Prioritéit am Kader vun der Ausweidung vun eisen Relatioune matt China, déi natierlech op Géigesäitegkeet mussen berouen.

41. Lëtzebuerg engagéiert sech weiderhi fir multilateral Léisungen am Kader vun der Welthandelorganisatioun. Ënnert eiser Presidence huet d’EU d‘Wichtegkeet vun engem staarken a kohärente multilaterale Kader fir Verhandlunge betount, an deen och deene Länner méi Engagement zoumutt, déi um gudden Entwécklungswee sinn wéi deenen, déi eréischt am Ufank vun hirer Entwécklung stinn. Et ass och an dëser Perspektiv dass ech d‘Instrument vum Bäitrëtt vun der EU zum Ofkommes iwwert Handels-Erliichterunge (Trade Facilitation Agreement – TFA) am Oktober 2015 zu Istanbul en Marge vum G20 deposéiert hunn.

42. Am Dezember 2015 konnte sech d‘Memberstaate vun der Welthandelorganisatioun zu Nairobi, bei der Zéngter Minister-Konferenz vun der WTO, op e wichtegen Accord eenegen iwwert d’Froe vun der Export-Konkurrenz an der Landwirtschaft an enger privilegéierter Behandlung, dat heescht engem verbesserten Zougang op eis Marchéen, vun deenen am mannsten entwéckelte Länner.

43. Eng aner grouss Prioritéit vun eiser Presidence war den Asaz fir eng gréng Wirtschaft matt manner Emissiounen. Mir hunn intensiv un de Preparatioune vun der COP21 zu Paräis mattgeschafft sou wéi un de Preparatioune fir den UNO-Sommet op deem d’Agenda 2030 fir nohalteg Entwécklung ugeholl gouf. Den Erfolleg vun der COP21 ass och en Erfolleg vun eiser Presidence, déi vill derzou bäigedroen huet, fir d’Positioun vun deenen 28 duerchzebréngen. Den Accord vu Paräis ass e staarken Accord, well en déi éischte Kéier all d’Länner verpflicht, hir obligatoresch Engagementer fir Emissiounsreduktiounen all fënnef Joer ze erneieren a wa méiglech ze renforcéieren. An dësweidere gëllt dat fir entwéckelt Länner wéi fir Entwécklungslänner, also och fir déi grouss pays émergents wéi China an Indien. Am Kader vum Kampf géint de Klimawandel huet d’Presidence sech fir eng Reform vum System fir den Handel matt Emissiounszertifikater agesat. Mir hu bei der Revisioun vun der europäescher Strategie fir d’Biodiversitéit a bei der Ëmsetzung vun enger nohalteger Politik am Beräich vun der Fëscherei a Landwirtschaft eng Hand matt ugepaakt.

Här President, Dir Dammen an Hären Députéiert,

44. Erlaabt mer e puer Wuert iwwert d’Bäitrëttspolitik vun der Unioun. Et ginn zur Zäit fënnef Bäitrëttskandidaten: d’Tierkei, Serbien, Montenegro, d’fréier jugoslawesch Republik Mazedonien an Albanien. D’Bäitrëttsverhandlunge ginn am Moment just matt dräi vun deene Länner gefouert, an zwar matt Serbien, Montenegro an der Tierkei. D’Konditioune fir Verhandlunge matt den aneren zwee Kandidaten unzefänken, si bis ewell nach net erfëllt. Kosovo a Bosnien falen zur Zäit nach an d’Kategorie vun de „potentielle Kandidaten“.

45. 2003 huet d’Europäesch Unioun sech zu Thessaloniki dozou engagéiert, dass d’Zukunft vum Balkan an der EU läit. Trotz der aktueller Kris déi Europa duerchmécht, trotz de schwéiere Fuerderungen déi de Prozess matt sech bréngt, bleift den Interessi vun eisen Noperen un der Erweiderungspolitik erhalen. An et bleift dat efficact Instrument, wat d’EU huet, fir déifgräifend an dauerhaft Verännerungen an deene Länner ze bewierken. Déi bosnesch Decisioun, hir Kandidatur de 15. Februar dëst Joer ze stellen, déi grouss Fortschrëtter am Normalisatiouns-Prozess tëscht Belgrad a Pristina de leschte Summer, an den Engagement vun den anere Balkan-Länner, fir der EU hire Kritäre gerecht ze ginn, sinn e klore Beweis dofir.

46. Ech sinn dofir ëmsou méi frou, dass eis Presidence de leschten Dezember fir d’éischt zanter laange Jore konnt nei Verhandlungs-Kapitele matt dräi Kandidate-Länner opmaachen. Dat war matt der Tierkei, matt där zanter 2013 d’Verhandlungen net fortgeschratt waren. Erlaabt mer, heizou ze ënnersträichen, dass eng Demokratie déi sech eescht hëlt net matt der Dampwalz iwwert d’Pressefräiheet fueren dierf. Dës Fräiheet ass den Ecksteen vun enger fräier Gesellschaft. Ouni Pressefräiheet ass e Land net fräi a säi Vollek och net. Et ass dësem groussen a wichtege Land ze wënschen, dass d’Generositéit, matt där 2,5 Millioune syresch Flüchtlingen zanter 2011 opgeholl gi sinn, sech och a Saache Rechtsstaatlechkeet erëmfënnt. D’EU ass bereet bei dësen zwee Aspekter ze hëllefen.

47. Mir hunn och nei Verhandlungskapitele mam Montenegro konnten opmaachen, matt deem d’Zuel vun den oppene Kapitele mëttlerweil bei 22 (vu 35) läit; a matt Serbien, matt deem mer déi alleréischt Kapitelen opmaache konnten, nodeems Belgrad a Pristina sech am August 2015 op wichteg Accorden an hirer Normalisatioun eenege konnten – wat fir kee vun deenen zwee eng einfach Decisioun war a grousse politesche Courage erfuerdert huet. Dës Accorden hunn der EU et och erméiglecht, am Oktober d’Stabilisatiouns- an Associatiouns-Ofkommes mam Kosovo z‘ënnerschreiwen.

48. Fir dass d’Kandidate besser verstinn, wéi d’EU intern hir Decisiounen hëlt, hat d’lëtzebuergesch Presidence decidéiert, se op 8 informell Réuniounen op héijem Niveau z‘invitéieren, dat ass duebel souvill wéi ënnert viregen Presidencen.

49. Eis Bezéiunge matt Asien stounge während der Presidence och ganz héich op der Prioritéitelëscht. Mir hunn am November déi 12. Sëtzung vun den Ausseministere vum "Asia-Europe-Meeting", kuerz ASEM, organiséiert. Et war déi gréisst Manifestatioun vun eiser Presidence : eng 53 Ministeren a 500 Delegéiert koumen um Kierchbierg zesummen, fir iwwert d'Relatiounen tëscht Europa an Asien ze schwätzen, notamment de Klimawiessel an d’Connectivitéit tëscht deenen zwee Kontinenter. D’Situatioun an Nordkorea an am Afghanistan gouf och ugeschwat.

50. Ënnert dem Stréch mengen ech dass mir, eemol méi, eng gutt, eng korrekt Presidence gemaach hunn. Et war keng einfach Presidence, mä mir hunn eis Verspriechen, déi mir an eisem Programm festgeluecht haten, gehal. Eis Presidence war do fir de Bierger a mir hunn alles gemaach fir de Bierger aus der Unioun ze beweisen, dass d’Unioun fir si do ass an dass d’Unioun sech ëm hir Suergen an Uleies këmmert.

51. Ech profitéiere vun dëser Geleeënheet fir jidderengem, a speziell deene bal 200 jonke Chargés de mission, e grousse Merci ze soe fir den Asaz an d’Leeschtung am Kader vun eiser Presidence. Mir waren e gutt Team, zu Bréissel an zu Lëtzebuerg an op villen anere Plazen an Europa an doriwwer eraus, a mir hu gutt op allen Niveauen zesummegeschafft. Ech wëll och der Chamber Merci soe fir déi Aarbecht, déi si an der Presidence geleescht huet an déi Ënnerstëtzung déi si der Regierung ginn huet.

Här President, Dir Dammen an Hären Députéiert,

52. Genau sou wéi 2014 war och d‘Joer 2015 matt vun der Kris an der Ukraine gezeechent. Erënnere mir drun, dass Russland no der Maidan Revolutioun d’Krim am Fréijoer 2014 besat an illegal annexéiert huet, an duerno den Oste vun der Ukraine a Brand geroden ass. Méi wéi 9.000 Leit sinn zanter Abrëll 2014 bei Kämpf am Oste vun der Ukraine ëm d’Liewe komm, dorënner 298 Leit u Bord vun der Malaysia Airlines MH17, déi de 17. Juli 2014 erofgeschoss ginn ass.

53. Nodeems et am Wanter 2014 eng schlëmm Eskalatioun vun der Gewalt gouf, huet den Accord iwwert d‘Ëmsetzung vun den Ofkommes vu Minsk vum 12. Februar 2015 rëm Hoffnung ginn, eng dauerhaft politesch Léisung fir de Konflikt ze fannen. Dëse Paquet gesäit net nëmmen e Waffestëllstand an e Réckzuch vun de Waffe vir, en ligne mam Minsk Memorandum vu September 2014, mä och e politesche Prozess vun enger Dezentraliséierung a lokale Wahlen, um Enn vun deem d’Ukraine rëm soll hir Souveränitéit iwwert hir ëstlech Grenz zréckkréien.

54. No laange Verhandlunge souwuel am Normandie-Format, wou Däitschland a Frankräich tësche Russland an der Ukraine vermëttelen, wéi och an der trilateraler Kontaktgrupp, wou d’OSZE tëschent der Ukraine engersäits, a Russland an de Separatisten anerersäits vermëttelt, gëtt de Waffestëllstand mëttlerweil plus ou moins respektéiert. Bei dem Réckzuch vun de schwéiere Waffe mussen nach weider Fortschrëtter gemaach ginn.

55. D’Konfliktparteie mussen och matt der Ëmsetzung vun der politescher Dimensioun vu Minsk weiderfueren. Eng Verfassungsreform déi eng Dezentraliséierung virgesäit ass am August an éischter Lecture duerch d’ukrainescht Parlament gaangen. Et ass elo wichteg dass déi Reform sou séier wéi méiglech an der zweeter Lecture duerchgeet. Parallel dozou ginn d’Verhandlungen an der trilateraler Kontaktgrupp weider fir sech op d’Modalitéite vun de lokale Wahlen an de Gebidder vun de Separatisten ze verstännegen. Dës mussen och weidergedriwwe ginn, fir dass d’ukrainesch Regierung legitim Uspriechpartner am Osten huet, déi vu jidderengem akzeptéiert ginn. D’Kris an der Ukraine kann nëmmen duerch den Dialog geléist ginn. Déi intern politesch Kris, an där d’Ukraine fir de Moment stécht, hëlleft der Ëmsetzung vu Minsk net, an dofir sinn de franséischen an den däitschen Ausseminister kierzlech op Kiew gereest fir déi politesch Responsabel opzefuerderen, hir Differenzen ze iwwerwannen a weider un den néidege Reformen ze schaffen.

56. Am Kontext vun der Ukraine-Kris huet d’OSZE, wéi der wësst, eng Speziell Monitoring Missioun op d’Bee gestallt fir dofir ze suergen, dass d’Faiten, déi sech um Terrain zoudroen, kënne festgehalen a retracéiert ginn. Dës Missioun dréit och derzou bäi, dass den Dialog tëscht den Akteuren um Terrain ka stattfannen an domatt d’Situatioun um Terrain sech stabiliséiert. Mir schaffen aktiv drun, fir och kënnen ee Lëtzebuerger Observateur an déi Missioun op den Terrain ze schécken.

57. No der Annexioun vun der Krim, an opgrond vun der Destabiliséierung vum Oste vun der Ukraine hat d’Europäesch Unioun keng Alternativ wéi geziilte Sanktioune géint d’Separatisten a géint Russland ze huelen. D’EU Sanktioune géint Russland sinn a bleiwen e Mëttel zum Zweck, kee Selbstzweck. Lëtzebuerg ass fest dervun iwwerzeegt, dass Sanktiounen nëmmen een Instrument sinn fir de Konflikt ze entschäerfen. Se sinn enk verbonne matt der integraler Applikatioun vun de Minsker Ofkommes a kënnen opgehuewe ginn, soubal d‘Konditiounen dofir erfëllt sinn. Déi sektoriell Sanktioune si fir de Moment verlängert bis den 31. Juli 2016. Da muss de Conseil vun der EU d’Situatioun nees kucken. An deem Kontext ass e konstruktiven Engagement vun alle Parteien néideg, fir d’Mise en oeuvre vun de Minsker Ofkommes ze erreechen.

58. Déi voll Ëmsetzung vun de Minsker Accorden ass extrem wichteg, net nëmme fir den Oste vun der Ukraine ze stabiliséieren, mä och fir ons Relatioune matt Russland rëm ze normaliséieren. Mir musse weider den Dialog matt Russland sichen, well op d’laang Dauer ass sech net virzestellen, wéi mir matt Russland e Kontinent kënnen deelen, ouni mateneen ze schwätzen, an ouni zesummen un der Gestaltung vun deem gemeinsamen Espace ze schaffen. Zréck an de Kale Krich goen ass weder an eisem nach a Russland sengem Interessi. An deenen Domainer, déi vun de Sanktiounen net betraff sinn, a virun allem an der Terrorismuspräventioun a -bekämpfung, kann a soll d’Kooperatioun matt Russland verbessert ginn. Mir sinn äis och bewosst dass eng Léisung a Syrien net méiglech ass ouni Russland, an dofir ass et wichteg dass mir matt Moskau weiderhin am Dialog bleiwen. Fir den Dialog matt Russland oprecht ze erhalen, war ech, zanter dem Ufank vun der Kris, zweemol zu Moskau bei mengem russeschen Homolog, an eise Premier Minister war am Oktober beim President Putin a Premier Minister Medvedew. Am Februar war de Vize-Premier Minister Etienne Schneider zu Moskau am Kader vun der Commission mixte UEBL-Russland.

59. Wat den Iran betrëfft hu mir vun Ufank un de Prozess vun den E3+3 Staaten ënnerstëtzt, deen eng zweespureg Approche verfollegt huet. Also Drock op de Regime duerch Sanktiounen engersäits, d'Offer, iwwer politesch an economesch Bezéiungen ze verhandelen, anerersäits, wann den Iran matt der Internationaler Atomenergie Agence – AIEA – kooperéiert. D'EU hat zu dësem Zweck eng Rei vu komplexe Sanktioune geholl. Si hunn de Regime an d'Membere vum Regime viséiert a sollten den Opbau vun engem militäreschen Nuklearprogramm verhënneren. Dës Sanktiounen hunn dem Regime ganz staark zougesat. Si hunn zu engem Ëmdenken zu Teheran bäigedroen, an zu engem konkreten Engagement fir d’Relatiounen tëschent dem Iran an dem Westen ze normaliséieren.

60. Den Accord iwwert de gemeinsame globalen Aktiounsplang (den Joint Comprehensive Plan of Action – JCPOA), am Juli 2015, no 12 Joer haarde Verhandlungen, war en decisive Schrëtt fir de Problem vum iraneschen Nuklearprogramm op eng diplomatesch Manéier ze léisen, an e groussen diplomateschen Duerchbroch.

61. Dësen Accord hëlleft, de Risiko vun der Verbreedung vun Atomwaffen am Noen Osten ze miniméieren. Et ass ee gudden Accord: en ass staark, nohalteg an verifiabel. Et ass e wichtegen a richtege Schrëtt an eng vun de wéinege gudden Nouvellen, déi aus dem Mëttleren Osten an der leschter Zäit komm sinn.

62. Den Iran huet, et muss een et widderhuelen, wéi all Land Recht op zivil Nuklear-Energie. Déi eenzeg Bedingung ass, dass den Iran a voller Transparenz handelt an all seng Obligatiounen am Kader vu sengen internationalen Engagementer respektéiert, an also voll a ganz matt der AIEA kooperéiert. D’Mise en oeuvre vum Accord erméiglecht et ebe grad, sech vun enger reng ziviller Natur vum iraneschen Nuklearprogramm ze iwwerzeegen, an am Géigenzuch beneficiéiert den Iran vun de Rechter, déi sech aus dem Non-Proliferatiounsvertrag am Beräich vun der ziviler Nuklearenergie erginn.

63. De President Rohani a säin Ausseminister Zarif hunn den Accord méiglech gemaach, a mer hunn se dobäi ënnerstëtzt. Am Juni 2014 an am November d‘lescht Joer war ech zu Teheran, eng Delegatioun vun dëser Chamber elo am Januar. Den Ausseminister Zarif war am September 2014 op enger bilateraler Visite zu Lëtzebuerg. Am Juni 2015 huet hei zu Lëtzebuerg eng Verhandlungsronn tëschent den Iraner an den Europäer stattfonnt.

64. Den Accord ass de Beweis, dass politesch Efforte kënne laangjäreg Konflikter zu engem gudden Enn bréngen, déi hätte kënnen zu enger militärescher Eskalatioun féieren. Dat beweist, dass

Diplomatie an Ausdauer sech lounen an ass dowéinst en Modell fir d‘Léisung vun anere Konflikter op anere Plazen.

65. D’Ophiewe vun den internationale Sanktioune géint den Iran ass Deel vun dësem Accord. Dëst betrëfft zum engen d’Ophiewe vun alle Sanktioune vum Weltsécherheetsrot géint den Iran, zum aneren d’Ophiewe vun de multilateralen a regionale Sanktiounen, déi den iraneschem Nuklearprogramm viséieren awer och den Handel, den Accès zur Technologie an op d’Finanzmäert, sou wéi den Energie-Secteur betreffen.

66. Fir deen éischte Volet huet de Weltsécherheetsrot kuerz nom Accord d’Resolutioun 2231 ugeholl. D’Resolutioun suspendéiert all d’UNO-Sanktioune géint den Iran, gesäit awer gläichzäiteg e Mechanismus vir, de sougenannte “snap back”, deen d’Sanktioune matt Effet immédiat reaktivéiert wann den Iran sengen Obligatiounen ënnert dem Accord net nokomme sollt.

67. D’EU huet déi Resolutioun duerch Conclusioune vum Conseil endosséiert. Ënnert der Lëtzebuerger Presidence sinn duerno d’Rechtsakten adoptéiert ginn, matt deenen d’Suspensioun vun den EU-Sanktioune konkret ëmgesat gëtt. Dës Rechtsakte gesi vir, dass d’Sanktiounen um sougenannten “Implementation Day”, dat war den Dag op deem d’AIEA festgestallt huet dass den Iran seng wichtegst Engagementer aus dem Accord iwwert säin Nuklearprogramm ëmgesat huet, suspendéiert ginn.

68. Deen “Implementation Day” ass de 16. Januar erreecht ginn. Dësen Datum markéiert also de Moment vun der Transitioun vum Accord als eng ambitiéis Serie vu Verspriechen op Pabeier zu konkreten Aktiounen a miessbare Fortschrëtter an der Realitéit.

69. Matt dem “Implementation Day” sinn deemno d’Sanktioune géint den Iran suspendéiert. Definitiv opgehuewe ginn d’Sanktiounen eréischt no zéng Joer, wann d’AIEA festgestallt huet dass den iraneschen Nuklearprogramm net vu senger ziviler Natur ofgewach ass.

70. Loosst mech hei ënnersträichen: D’Verificatioun ass de Pilier vun dësem Accord. Ech begréissen ausdrécklech, dass den Iran op seng Versprieche matt konkreten Aktioune geäntwert huet. En huet säi Wuert gehalen. An d’EU wäert weiderhin dat selwecht maachen. Mä mir wäerten och wuechsam bleiwen fir d'Anhale vum Iran sengen Obligatiounen ënnert dem Accord ze verifiéieren. All déi involvéiert Parteien hu Wëllen a Courage während de Verhandlunge gewisen an eng roueg an zäitlech Ëmsetzung ass noutwenneg fir wichtegt Vertrauen opzebauen. D’Qualitéit vum Accord wäert sech bei senger Ëmsetzung weisen.

71. D’Resultater vun de Wahlen d’lescht Woch hu gewisen, dass dem President Rohani seng Politik vun der Ouverture och am Iran selwer staark ënnerstëtzt gëtt. Mir hoffen och dass all dës

Entwécklunge weider verstäerkt ginn duerch eng konkret Verbesserunge vun der Mënscherechtssituatioun.

72. Et kann een zouversiichtlech sinn, dass den Accord d’Dir wäert opmaachen, fir dem Iran seng regional an international Relatiounen ze verbesseren. D’Nuklear-Ofkommes huet d’Potential fir den Dialog vun der internationaler Gemeinschaft mam Iran weider ze verdéiwen an domatt och zu enger Entschäerfung vu regionalen Tensiounen a Konflikter bäizedroen. Et ass an eisem Interessi dass den Iran konstruktiv un der Léisung vun de Sécherheetsproblemer an der Regioun matschafft, an dat virop a Syrien.

73. Nieft dem Iran ass am Mëttleren an Noen Osten net vill Positives geschitt, ganz am Géigendeel. D‘Konflikter an Nord Afrika an am Noen Osten daueren alleguerten un: zanter der leschter aussepolitescher Deklaratioun ginn et leider keng substantiell Fortschrëtter, an d‘Konflikter a Syrien, am Irak, a Libyen an am Jemen hunn sech dramatesch verschäerft. Do si Muecht-Vakuumen entstanen, déi vun islamisteschen Extremiste gefëllt gi sinn.

74. Duerch kritesch humanitär Situatioune gëtt d‘Lag zousätzlech verschlëmmert an d‘Stabilitéit vun den Nopeschlänner ass a Gefor. D’Konflikter an där Regioun, also och an eiser Noperschaft, hunn en Impakt op d‘Zukunft vun Europa. Direkt an dauerhaft Konsequenzen op Europa gi virun allem kloer bei der Flüchtlingskris a beim Phänomen vun de „Foreign terrorist fighters“. Dat si Kämpfer déi aus iwwer 80 Länner fortgaange sinn, dorënner och Lëtzebuerg wéi mer wëssen, fir sech a Syrien extremistesche Gruppen unzeschléissen.

75. De Mëttleren Osten ass eng Regioun voller Divisiounen: tësche Souverainitéit a Konfessionalismus, Sunniten a Schiiten an anere reliéisen an ethnesche Gruppen, säkulären a reliéisen Nationalisten, Modernitéit an Traditioun, Staat a Religioun, Elitten an der Populatioun, Stad a Land, super-räich a super-aarm, an et kéint een nach laang matt dëser Lëscht weiderfueren.

76. Jo, 100 Joer no de geheime Sykes-Picot Accorde vun 1916 tëschent Frankräich a Groussbritannien iwwert d’Opdeelung vum Mëttleren Osten ass dës Regioun an eng Phase vun déiwem Ëmbroch geroden. Déi kann een net eleng mam Konflikt tëschent Sunniten a Schiiten zesummefaassen oder ënnert engem sougenannte „clash of civilisations“, dat wier ze vill vereinfacht fir déi komplex Realitéit ze erklären. Déi aktuell Krise baséiere vill méi op klassesche politesche Grënn, oft handelt et sech ëm ganz profan Froe vun der Opdeelung vun der Muecht, ëm d’Ariichtung vu Grenzen, ëm d’politesch Representatioun, oder ëm e Kampf fir méi Afloss souwuel bannen ewéi och baussent de Grenzen. Ech sinn iwwerzeegt, dass et kee „clash of civilizations“ gëtt, et gëtt allerdéngs e Clash tëschent der Zivilisatioun an der Barbarei.

77. Alles weist drop hin, dass d’„arabescht Fréijoer“ an enger Sakgaass ass. Tunesien ass bis elo dat eenzegt Land an der Regioun wou den Iwwergank zu enger Demokratie eenegermoossen um gudde Wee ass, mä Extremiste versichen ëmmer erëm, dës jonk Demokratie ze torpedéieren, wéi d’Attack vun Djihadiste gëschter géint eng Militärbase op der Grenz matt Libyen, matt 53 Doudegen, nees eng Kéier gewisen huet. A Syrien, Libyen an am Jemen ass net vun Demokratiséierung ze schwätzen. An Ägypte bleift d’Situatioun extrem komplizéiert a weist wéi schwéier et ass Stabilitéit, Sécherheet an Demokratie mateneen ze verbannen.

78. A Syrien ass aus engem friddleche Protest géint en diktatoresche Regime e bluddege Krich entstanen. Eigentlech hu mer et a Syrien matt Kricher am Krich ze dinn, an dat mécht d’Situatioun sou komplex: den Assad Regime an seng Alliéiert géint eng Rebellioun, d’Global Coalition géint Daech, d’Tierkei géint kurdesch Gruppen, den Iran géint Saudi Arabien, an dat Ganzt an engem Kontext vun Tensiounen tëschent der Tierkei a Russland, an tëschent Russland an dem Westen. De Konflikt ass esou geféierlech dass e kéint zu onkontrolléierbare Konsequenze féieren, déi kee wollt. Den Incident tëschent der Tierkei a Russland huet gewisen, wéi explosiv d’Situatioun ass. Mir appeléieren un déi zwou Säiten, den Dialog ze siche fir d’Situatioun ze entschäerfen.

79. Dëse Konflikt huet déi gréissten humanitär Kris zanter dem 2. Weltkrich ausgeléist. Iwwer 260.000 Doudeger, iwwert eng Millioun Blesséierter, an oft fir hiert Liewe handicapéiert, Millioune vu Flüchtlingen an eng dramatesch Situatioun zemools an de belagerte Stied, wou geschat gëtt dass méi wéi 480.000 Leit ënnert extreme Konditioune liewen an oft virum Hongerdoud stinn. An deene villen ondiskriminéierte Bombardementer si Spideeler a Schoule muttwëlleg zerstéiert ginn. Och de Krich huet Regelen, festgeschriwwen am internationale Recht, mä a Syrien kennt den Zynismus keng Grenzen an d’Konfliktparteie schrecken net virdrun zréck, souguer déi minimal Reegele vum Krich ze briechen.

80. Fir en Enn vum Biergerkrich a Syrien ze fannen an domadder och d’Flüchtlingsproblematik un der Wuerzel unzepaken, muss virun allem eng politesch Léisung fonnt ginn. Dofir ass ze hoffen, dass d’Verhandlungen tëschent dem Regime an der Oppositioun effektiv starten an sech déi humanitär Situatioun sou séier wéi méiglech verbessert – virun allem duerch d‘Garantie fir en humanitären Accès, d’Enn vun den Attacke géint déi zivil Populatioun an d’Enn vun de Belagerungen. An dësem Kontext ass d’Wafferou, op déi sech d‘Vereenegt Staaten a Russland den 22. Februar gëeenegt haten, an déi rezent a Kraaft getrueden ass, zentral, fir kënnen déi humanitär Moossnahmen sou séier wei méiglech ëmzesetzen, fir d’Leed vun der Zivilbevëlkerung e bësse méi erdréiglech ze maachen. Dës Wafferou tësche Regime an net-djihadistescher Oppositioun ass extrem fragil, mä d’Zivilbevëlkerung profitéiert dovun an et ass ganz kloer en Hoffnungsschimmer. Wann d’Wafferou géif halen, da wier de Beweis erbruecht dass och eng politesch Léisung machbar ass. D’Verhandlunge sollen an deenen nächsten Deeg erëm zu Genève ufänken, an et ass ze hoffen, dass den Envoyé spécial vum Generalsekretär vun der UNO, de Staffan de Mistura, Succès an dëse Verhandlungen huet.

81. Ech géif hei och en Appel maache fir eng Wafferou tëschent der Tierkei an de Kurden a Syrien. Hei bekämpfen zwee vun eise Partner sech. D’Kurden, wéi ech op enger Rees an den irakesche Kurdistan am leschten Abrëll konnt op der Plaz gesinn, sinn eis Alliéiert am Kampf géint d’Extremisten, souzesoen d’Buedemtruppe vun der “Global Coalition”. Wéi mer gesinn hunn zu Kobané a Syrien, waren et déi kurdesch Milizen, déi den Daech am Juni vun do verdriwwen hunn, an esou de Mythos vu senger Invincibilitéit gebrach hunn.

82. Eng Verbesserung vun de Liewensbedingunge vun de Flüchtlingen an den Nopeschlänner ass och dréngend noutwenneg, och fir eng weider Destabiliséierung an dëse Länner ze verhënneren. Dat géing zwangsleefeg och d’Fluchtuersaache begrenzen. An dëst ass am fundamentalen Interessi vun Europa. Ech erënneren drun, dass den UNHCR 4,8 Millioune syresch Flüchtlingen zielt, dovunner 2 an eng hallef Millioun an der Tierkei, eng Millioun am Libanon an iwwer 600.000 a Jordanien. An an enger zweeter Etapp vum politesche Prozess muss dann d’Fro vun enger Iwwergangsregierung endlech serieux abordéiert ginn.

83. Ech mengen et däerf een trotz der méi wéi dramatescher Situatioun den Optimismus net komplett verléieren. Et schéngt mer effektiv wéi wann déi international Communautéit sech net grondsätzlech oneens wier iwwert déi final Objektiver déi erreecht musse ginn: déi lescht Wochen hu bewisen, dass et en eenheetlecht Verständnis zu wichtege Punkte gëtt: 1) Erreechen a Stabilisatioun vun enger Wafferou, 2) déi séier Ëmsetzung vun enger politescher Transitioun, déi de Wëlle vun der syrescher Bevëlkerung respektéiert, 3) d’Respektéiere vun der syrescher territorialer Integritéit an 4) d’Zerstéierung vun Daech.

84. D’politesch Transitioun däerf net dozou féieren dass et zu engem Zesummebrieche vun de syreschen Institutioune kënnt. Eng ähnlech Situatioun wéi a Libyen 2011 oder am Irak 2003 muss verhënnert ginn. Den doraus folgende Vakuum géing vun Extremiste gefëllt ginn.

85. Eng nohalteg politesch Léisung hänkt awer och zu engem groussen Deel of vun der Attitude vun de Länner déi eng politesch, militäresch oder economesch Influenz op déi syresch Konfliktparteien hunn. Dës Länner sollen déi syresch Parteien dervun iwwerzeegen un de Verhandlungsdësch ze kommen a serieux ze negociéieren. E wichtege Punkt, deen dobäi hëllefe kéint de Konflikt ze léisen, läit doran, d’Relatioun tëschent dem Iran a Saudi Arabien ze verbesseren, an natierlech och an engem Rapprochement tëschent den USA a Russland.

86. E Grondproblem vum Konflikt ass weiderhin, dass et Parteie gëtt, déi nach ëmmer dervun iwwerzeegt sinn, dass dëse Konflikt militäresch ze gewannen ass an si dowéinst net kompromëssbereet sinn. Eng Situatioun an där et nëmmen nach de Choix géif ginn tëschent

Assad oder den Djihadiste géif en Neistart fir e pluralistescht Syrien ganz schwéier maachen. D’Wiel a Syrien kann net déi tëschent zwou Tyranneie sinn. Aus dëse Grënn gëtt et keng Alternativ zu de Verhandlungen zu Genève. D’Resolutioun 2254 vum UNO-Sécherheetsrot huet am Dezember en ambitiéisen Zäitplang festgeluecht fir zu enger politescher Léisung ze kommen: d’Bildung vun enger “vertrauenswierdeger, inklusiver an net-eesäiteger” Iwwergangsregierung innerhalb vu 6 Méint esou wéi demokratesch Wahlen innerhalb vun 18 Méint.

87. En anere wichtege Punkt ass d’Finanzéierung vum Terrorismus. Fir e kredibele Waffestëllstand ze erreechen, ass et entscheedend, dass keng djihadistesch Organisatioune méi vu bausse finanzéiert ginn. All déi Länner déi direkt oder indirekt a Syrien intervenéieren hätte besser, hir Ressourcen op eng politesch Léisung ze konzentréieren.

88. A Libyen hu mer et matt engem geféierleche politesche Vakuum ze dinn, deen esou séier ewéi méiglech muss matt Stabilitéit a Rechtsstaatlechkeet gefëllt ginn. Et ass wichteg, e Maximum dran ze investéieren dass Daech net och an deem Land Wuerzele schléit an sech ausbreet, mä si si schonn do, a besetzen iwwer 300km Territoire laanscht d’Küst. Fir déi politesch Situatioun a Libyen ze stabiliséiere soll esou séier wéi méiglech eng Regierung vun der Nationaler Eenheet d’Geschécker vum Land leeden. Déi Regierung ass forméiert, mä muss vu béide Parlamenter, vun Tobrouk a vun Tripoli, unerkannt ginn. Déi international Communautéit muss d’Efforte vum Représentant spécial vum Generalsekretär vun der UNO, dem Här Kobler, weider ënnerstëtzen. Sech fir d’Stabilitéit a Libyen anzesetzen ass net nëmmen indispensabel fir d’Stabilitéit vu ganz Nord- a West-Afrika, mä och fir d’Sécherheet vun Europa.

89. Fir dass eng Regierung vun der nationaler Eenheet och schaffe kann, muss zemools Drock op déi verschidden arméiert Gruppe gemaach ginn, déi nach net vun enger Regierung vun der nationaler Eenheet iwwerzeegt sinn.

90. Déi humanitär Situatioun a Libyen ass weiderhin amgaang sech ze verschlechteren. Méi wéi dräi Millioune Leit, also d’Halschent vun der Populatioun, sinn direkt vum arméierte Konflikt an der politescher Instabilitéit betraff. 2,4 Millioune vun hinne brauche Protectioun an humanitär Hëllef. 1,3 Millioune si souguer op aide alimentaire ugewisen, an dat an engem räiche Land!

91. Bei all dësen Efforte mussen och déi regional Akteuren, virun allem d‘arabesch Liga an d’Nopeschlänner, mathëllefen. Fir d’Kris Meeschter ze ginn, gëllt et och den Noperen an der Regioun dobäi ze hëllefen hir Grenze besser ze kontrolléieren an eng besser Kooperatioun an der Lutte géint den Terrorismus opzebauen.

92. Soulaang wéi Libyen an engem Zoustand vu Biergerkrich bleift, ouni dass eng zentralstaatlech Autoritéit de Milizen entgéint wierkt, wäert Daech a Libye schwéier ze bekämpfe sinn. Nëmmen eng durabel politesch Léisung déi den institutionellen Divisiounen am Land en Enn setzt, kann a Libyen eng efficace Strategie géint Daech opbauen.

93. Mä och dës Krise loossen äis de laangjärege Konflikt tëschent Israel a Palästina net vergiessen. Dëse Konflikt huet näischt u senger strategescher Zentralitéit verluer: bal all Dag hu mer Doudeger ze bekloen an Israel, der Westbank oder zu Ost-Jerusalem, an zu Gaza koum et am Summer 2014 zur drëtter Gewaltexplosioun a 5 Joer, an déi déidlechst bis elo. Dëse Konflikt bleift och e Grond fir Radikalisatioun am Mëttleren Osten an an Europa. Eng Léisung géif hëllefen, den Extremisten de Wand aus de Segelen ze huelen a regional Spannungen ze reduzéieren.

94. De Friddensprozess dréit nëmmen nach den Numm, an d’Populatiounen aus Palästina an och Israel mussen nach ëmmer e vill ze vill héije Präis bezuelen, wéinst engem ongeléiste Konflikt fir deen d’Parameter vun enger Léisung bekannt sinn.

95. Hei ass et héich Zäit fir déi international Communautéit weider ze kommen, an zwar dës Kéier fir eng nohalteg Léisung ze fannen. Bei aller Kritik déi een de Moment muss un der aktueller israelescher Regierungspolitik äusseren, ass d’Recht op Existenz vun Israel nimools a Fro ze stellen. Dat israelescht Vollek huet e Recht drop, kënnen a Fridden an a Sécherheet ze liewen, sou wéi dat palästinensescht Vollek e Recht op Selwerbestëmmung huet. Béides gëtt vu Lëtzebuerg ënnerstëtzt.

96. Leider muss ee feststellen, dass déi illegal israelesch Siedlungspolitik weidergeet, an dës Politik steet enger politescher Léisung am Wee. Mä et dierf een d’Iddi vun der Zwee-Staate-Léisung net opginn. Haut ass den direkte Kontakt tëschent Palästina an Israel leider ofgebrach, dëst zanter dem Scheitere vum John Kerry senger Initiative am Fréijoer 2014. D’Verantwortung dofir läit virun allem bei der Regierung vum Här Netanyahu, déi beschloss huet d’Kolonisatioun weiderzeféieren: bal 600.000 Israeli wunnen elo an der Westbank an am besatenen Ost-Jerusalem.

97. Duerch d’Ukënnegung vun neie Baupläng vu Wunnengen an de Kolonie vun Ost-Jerusalem an der Westbank, matt Hausdemolitiounen a matt Provokatioune ronderëm den Haram al-Sharif/Tempelbierg gëtt ëmmer erëm Uelech op d’Feier gegoss.

98. Dës Politik ass en Affront géint dat palästinensescht Vollek an och géint déi international Communautéit. Donieft léisst d’Virgoe vun Israel bei der Siidlungspolitik Zweiwelen opkommen ob Israel et matt enger Zwee-Staaten-Léisung iwwerhaapt nach eescht mengt. Fir Weeër aus där aktueller Sakgaass ze fannen, ass et zentral dass d’israelesch Politik sech ännert.

99. Net nëmmen an der Westbank bleift d’Situatioun schwiereg, mä och zu Gaza bleiwen d’Sécherheet an déi humanitär Situatioun precaire. Bal 2 Joer ass dee leschte Konflikt zu Gaza hir mä zanterdeem gouf et nach net déi néideg Verbesserungen. D’Prioritéit vu Lëtzebuerg an der internationaler Communautéit muss et sinn dass d’Blockade opgehuewe gëtt an dass den Opbau vum zerstéierte Gaza-Sträife méi séier virugeet. Leider gouf et heibäi a leschter Zäit ëmmer nees Réckschléi duerch Sécherheetsproblemer an duerch e Manktem u finanzieller Ënnerstëtzung, wéi ech nach selwer am November op der Plaz konnt gesinn.

100. Gaza ass an der jetzeger Form intenabel. 1,8 Millioune Leit op engem Siwentel vum Lëtzebuerger Territoire agepiercht, ouni Perspektiv, ouni Motivatioun, meeschtens ouni Aarbecht an ouni Hoffnung. Gaza wäert, wann sech näischt Entscheedendes ännert, nees explodéieren, sou wéi dat an der Vergaangenheet all zwee bis dräi Joer de Fall war. Dëst dann erëm matt vill Doudegen, Haass a Leed. Gaza opmaache géif villes erliichteren, mënschlech wéi diplomatesch. Gaza zouloossen heescht forcément Gewalt a Leed, fir Palästina awer och fir Israel.

101. Virun allem d’Iddi dass et eng Alternativ zu enger Zwee-Staate-Léisung kéint ginn, ass vläicht déi geféierlechst Illusioun, an déi gëtt ëmmer méi beléift a verankert sech. E permanente Fridden am Noen Oste kann nëmmen duerch Koexistenz vun zwee souveränen an onofhängege Staate garantéiert ginn.

Wéi kéint ee virukommen um Wee fir eng diplomatesch Léisung?

102. Fir d’éischt ass déi israelesch Regierung dovun ze iwwerzeegen, dass d’Existenz vun engem palästinensesche Staat déi bescht Garantie fir hir eege Sécherheet ass.

103. Zweetens musse mir äis kollektiv eens ginn iwwert e Kader an e Kalenner fir Verhandlungen, am beschten duerch eng Resolutioun vum Sécherheetsrot.

104. Drëttens muss en neit Format vun de Verhandlunge gefuerdert ginn: d’Europäesch Unioun an déi Arabesch Staate mussen zesummeschaffe fir eng Léisung fir dëse Konflikt ze fannen. Europa däerf net nëmmen als „a payer” ugesi ginn. Et muss och ”a player“ sinn. Europa muss all disponibel politesch a finanziell Mëttel benotzen, fir déi Betraffen zréck un en Dësch ze bréngen, fir déi positiv Aspekter vun enger friddlecher Léisung ervirzehiewen a schlussendlech och, fir konkret Moossnahmen huelen ze kënnen, wann déi Zwee-Staate-Léisung a Fro gestallt gëtt.

105. Véiertens muss d’Europäesch Unioun d’Beméiunge vum President Mahmoud Abbas ënnerstëtzen, déi op de Retour vun de palästinenseschen Autoritéiten op Gaza an op e Reconciliatiounsprozess, deen de Prinzipie vun der internationaler Communautéit entsprécht, berout. Matt enger gespléckter palästinensescher Representatioun ass et schwéier ze verhandelen.

106. Schlussendlech, ech hunn et gesot, muss d’Blockade vu Gaza ophalen, fir eng grondsätzlech Verbesserung vun de Liewenskonditioune vun der Populatioun ze erlaben.

107. Schonn zanter laanger Zäit probéiert d’international Gemeinschaft en Accord an dësem Dossier ze erreechen. Wat ass wann et op en Neits keng substantiell Fortschrëtter a Verhandlunge gëtt, déi Frankräich erëm probéiert ze relancéieren an déi mir ënnerstëtzen? Wéi vun der Chamber am Dezember 2014 gefuerdert, wäert Lëtzebuerg an sou engem Fall, bestëmmt matt aneren EU Länner, e palästinensesche Staat unerkennen. Eng Unerkennung ass keng Faveur oder e Fräibréif, mä verdäitlecht ganz einfach d’Recht fir d’palästinensescht Vollek op hire Staat. Lëtzebuerg huet fir eng Léisung vum Konflikt ëmmer d’Konditioune vun der Sécherheet vun Israel an der Gerechtegkeet fir dat palästinensescht Vollek virun Aen.

108. D’Instrument vun der Unerkennung soll allerdéngs net einfach symbolesch sinn, mä och konkret zum Fridde bäidroen. Eng bilateral Unerkennung muss op enger gutt iwwerluechter Entscheedung berouen, an déi muss den internationale politesche Kontext berücksichtegen. D’Regierung wäert all Schratt an dësem Kontext matt der Chamber ofstëmmen.

109. Afrika steet och an dësen Zäiten op wichteger Plaz an eiser Aussepolitik. De Sommet vun der Afrikanescher Unioun zu Addis Abeba am Januar ass fir mech all Joer e wichtege Rendez-Vous. Och dëst Joer war ech do fir eis Solidaritéit vis-à-vis den afrikanesche Länner ze ënnersträichen. Grad elo, matt der Flüchtlingskris an der Verbreedung vum Terrorismus och an Afrika, musse mir dem Kontinent als staarke Partner zur Säit stoen.

110. D’Flüchtlings- a Migratiounskris hällt äis och däitlech virun Aan, wéi no uneneen Afrika an Europa op der Weltkaart sinn. Europa huet nach ëmmer eng grouss Ausstrahlung fir all déi Leit, déi Aarmut, Repressioun, Korruptioun a Krich hannert sech wëlle loossen a voller Hoffnung op ee bessert Liewen de geféierleche Wee duerch d‘Sahara an iwwert d'Mëttelmier op sech huelen. Ënnert eiser Presidence huet dee grousse Sommet zu la Valletta tëschent der EU an den afrikanesche Partner iwwert d’Migratioun stattfonnt, deen ech scho kuerz ugeschwat hunn. Et war eng wichteg Geleeënheet, fir an engem oppenen an heiansdo net einfachen Dialog iwwert déi grouss Erausfuerderungen ze schwätzen, matt deenen d’Krisen an d’Migratioun eis zwee Kontinenter konfrontéieren.

111. Afrika an Europa hu vill gemeinsam Interessien a Wäerter, déi et heescht ze verdeedegen. Den Respekt fir d'Mënscherechter, d'Mënschewürd a Solidaritéit si wichteg Viraussetzunge fir ee fräien an demokratesche Staat an en internationale System, dee gutt fonctionnéiert. Afrika an Europa hunn awer och gemeinsam Feinden: Terrorismus, Extremismus, Korruptioun an Intoleranz – eng Kultur vun der Exklusioun, wou mer mussen zesumme schaffen.

112. Déi rezent terroristesch Attacken zu Ouagadougou am Burkina Faso beweisen op en Neits dass Terror a Gewalt keng Grenzen hunn. Dat selwecht gëllt fir den Nigeria wou d‘Regierung e schwéiere Kampf géint Boko Haram féiert, de Mali wou zwee Joer no der franséischer Interventioun déi extremistesch Gefor nach ëmmer bestoe bleift, oder Somalien, wou dem Terror vun der Al-Shabab Miliz weiderhi keen Enn gesat ass.

113. Am Kampf géint Terrorismus an Extremismus muss een sech géigesäiteg zur Säit stoen an dofir ass et ëmsou méi wichteg eis Partnerschaften an Afrika ze fleegen an nach weider ze consolidéieren. Fir Lëtzebuerg ass dat selbstverständlech, an an der Kohärenz vun eisem joerzéngtelaangem Engagement an Afrika a besonnesch am Sahel, matt eise Partnerlänner Mali, Niger, Senegal a Burkina Faso. Lëtzebuerg bleiwt och engagéiert an Afrika am Kader vun der gemeinsamer Sécherheets- a Verdeedegungspolitik. Lëtzebuerg mécht matt bei de Militär-Missiounen am Mali (EUTM Mali) an och bei der Missioun EUFOR RCA an Zentralafrika, zu Bangui, a bei den zivilen EUCAP Missiounen, matt Polizisten, am Niger an am Mali.

114. Awer och intern bleift déi politesch Situatioun a villen afrikanesche Länner ugespaant. Am Burundi gesäit een eemol méi zu welchen Extremer e President bereet ass ze goe fir sech un der Muecht ze halen. A wann dann och nach déi ethnesch Kaart gespillt gëtt, dann ass dat e Rezept fir Krich, Aarmut a Verzweiflung.

115. D‘Krisen am Osten an am Süde vun Europa hunn dozou gefouert, dass d‘Verdeedegungsbündnis NATO hir Haltung ugepasst huet an nees méi a gemeinsam, kollektiv Sécherheet investéiert. An deem Zesummenhang ginn d’Decisioune vum leschten NATO-Sommet zu Wales ëmgesat an och Lëtzebuerg dréit hei säin Deel dozou bäi an ënnersträicht domatt seng Solidaritéit matt sengen Alliéierten.

116. Am Kontext vun der ziviler gemeinsamer europäescher Sécherheets- a Verdeedegungspolitik si mir houfreg, dass et äis 2015 gelonge war, am zivile Beräich un net manner wéi fënnef zivile Missioune gläichzäiteg ze participéieren, an zwar am Kosovo (EULEX), a Georgien (EUMM), am Niger (EUCAP Sahel), am Mali (EUCAP Sahel) an och an der Ukraine (EUAM). Mir freeën äis och, dass et äis fir d’éischte Kéier gelongen ass, ee Magistrat ze detachéieren an eng europäesch Zivilmissioun, an zwar an d’EULEX Kosovo Missioun. Dës Augmentatioun vun eiser

Participatioun un den zivile Missiounen ass eng Prioritéit vun dëser Regierung, well et dee logesche Complément ass fir Konfliktsituatioune laangwiereg ze stabiliséieren.

117. Lëtzebuerg hält och weiderhin u sengem Striewen no enger méi sécherer Welt fest, enger Welt matt manner Waffen. An dësem Sënn bedeelege mir äis weiderhin aktiv un Initiativen, deenen hiert Ziel d’Ofrüstung souwéi d’Rüstungsbegrenzung ass. Mir hale besonnesch drop, dass Fortschrëtter op der Basis vu bannende Verträg a Konventiounen erreecht ginn, déi däitlech a kloer Kritäre festleeën, déi d’Staaten zu konkreten Ziler engagéieren.

118. Mir hunn de Vertrag iwwert de Waffenhandel, den Arms Trade Treaty, ratifizéiert a setzen dësen zanter sengem Akraafttriede virun engem Joer ëm. Mir hunn dofir ee Projet de loi deposéiert, deen eisen Exportkontrollsystem weider verstäerkt. Ech sinn iwwerzeegt, dass d’Chamber dee Projet séier kann examinéieren, soudass déi kompetent Autoritéiten hire Responsabilitéiten no kënne goen.

119. Ee weideren Aspekt ass och d’Fro vum Finanzement vum Waffenhandel a vum Reguléiere vun esou Finanzementer. D’Lëtzebuerger Regierung hëlt dëse Problem immens eescht. Mir sinn eent vun de ganz wéinege Länner, dat zum Beispill an onsem Approbatiounsgesetz fir de Verbuet vu Streebommen och de Finanzement vun dëser Kategorie Waffe verbueden huet. Mir sinn domat iwwert d’Engagementer aus der Conventioun erausgaangen. Mir wëllen eng ähnlech Regel integréieren an d‘Gesetz iwwert de Verbuet vu Landminnen.

120. D’Gefor vum Gebrauch vu Massevernichtungswaffen ass nach ëmmer net gebannt. Der gemeinsamer UNO-OIAC Missioun ass et gelongen, de chemesche Waffeprogramm vum syresche Regime an enger Rekordzäit, ënner ganz schwieregen a riskanten Ëmstänn a matt virbildlecher internationaler Zesummenaarbecht ze zerstéieren. A Libyen allerdéngs, wou ee gewësse Stock vu chemesche Substanzen nach ze zerstéiere bleift, besteet d’Gefor, dass dës an d’Hänn vun Terrorgruppe kéinte falen. Dofir wäert Lëtzebuerg sech weiderhi fir d’Universalisatioun vun der Konventioun fir de Verbued vu chemesche Waffen asetzen.

121. Eng aner Kategorie vu Massevernichtungswaffe mécht äis weider grousst Kappzerbrieches: d’Nuklearwaffen. Trotz dem Ofkommes mam Iran konnt d’international Staategemeinschaft sech op der wichteger Konferenz vum Net-Proliferatiounsvertrag fir d’Nuklearwaffen net eenegen, wéi verschidde Kär-Problemer an Zukunft solle geléist ginn. Nuklear Ofrüstung a d’Verhënnere vun der Verbreedung vun Nuklearwaffen – virun allem am Mëttleren Osten – sinn essentiell Froen op déi d’international Staategemeinschaft onbedéngt Äntwerte muss fannen.

122. Lëtzebuerg wäert weiderhin konsequent Projete fir Minnen, Streebommen an onexplodéiert Krichsiwwerreschter ze raumen finanzéieren, zemools an deenen am schlëmmste betraffene Regiounen, fir déi nefast Konsequenze vu verseuchten Terrainen op d’Zivilgesellschaft, a virun allem op d‘Kanner, ze bekämpfen.

123. Lëtzebuerg huet den 1. Januar fir ee Joer d’Presidence vum Ministerrot vum Benelux iwwerholl. Mir ginn déi Presidence matt Ambitiounen un: de Benelux bleift fir eis, nieft der Groussregioun, e wichtege Vecteur vun eiser aussepolitescher Aktioun. D‘Roll vun der Presidence besteet doranner, déi Dossieren, an deene mir gemeinsam Positioune matt eise belschen an hollännesche Frënn huele kënnen, z’identifizéieren, fir esou matt gemeinsame Stellungnahmen eisen dräi Länner an der EU méi Gewiicht ze ginn. Et ass net vun ongeféier dass eis dräi Länner zesummen am Ministerrot déi selwecht Stëmmenunzuel hunn wéi déi gréisste Memberstaaten. An enger vergréisserter EU vun 28 Memberen huet esou eng Concertatioun an de läschte Joer erëm u Pertinenz gewonnen: Wann de Benelux sech eens ass, huet dat eng gewëssen Influenz op aner Memberstaaten an eis gemeinsam Positioune ginn eescht geholl. A menger Kapazitéit als President vum Benelux-Ministerrot hunn ech och menge belschen an hollännesche Kollege virgeschloen, fir eng Reunioun matt de balteschen Ausseministeren, sou wéi matt den Ausseministere vun de Visegrad-Staaten z’organiséieren. Et läit Lëtzebuerg effektiv vill dorunner, d’Kontakter tëschent dem Benelux an anere klengen a mëttelgrousse Länner an der EU ze fleegen. Net nëmme stelle mir dacks fest dass mir méi gemeinsam Interessi hunn wéi dat vu bausse schéngt, ma och erlaabt et eng aner Perspektiv op verschidden aussepolitesch Dossieren. D’Réunioun matt de Visegrad-Länner ass mir net nëmme wichteg well eis tschechesch Frënn am Ament d’Presidence dovunner hunn, mä och well ech iwwerzeegt sinn, dass grad wann een Divergenzen op verschiddenen Dossieren huet, wéi dat aktuell de Fall ass, d’Noutwendegkeet vun engem Dialog nach méi besteet wéi a Schéi-Wieder-Zäiten. Ech wäert menge Kollegen vum Benelux ausserdeem virschloen eng gemeinsam Rees an en Drëttland z’ënnerhuelen. Leschten Hierscht ware mir zesummen op Kiew gefuer an ech konnt mech dovunner iwwerzeegen dass esou eng gemeinsam Visite als wichtegt Signal consideréiert gëtt.

124. A Saache Prioritéite stinn d’Mobilitéit a Sécherheet vun de Persoune ganz uewen: dat betrëfft souwuel d’grenziwwerschreidend Mobilitéit um Aarbechtsmaart wéi och d’Ausschaffe vum 4. Senningen-Aktiounsplang am Beräich vun der Zesummenaarbecht vun der Police an der Protection civile.

125. D’Promotioun vum Ëmweltschutz: Wéi kënne mir zum Beispill eis Engagementer vun der COP 21 gemeinsam ëmsetzen?

126. D’Verdéiwung vum Benelux-Bannemaart: Firwat gin et zum Beispill ëmmer nach territorial Aschränkungen am Benelux wat d’Beliwwere vun de Commerçanten ugeet?

127. Wéi dir gesitt sinn dat ganz konkret Dossieren déi eise Bierger zu gutt komme sollen. Och wann d’Beneluxzesummenaarbecht an deenen Dossieren dacks ënnert dem Radar leeft, heescht dat net, dass se manner wichteg ass, a mir wäerten eist Bescht maachen an eiser Benelux-Presidence fir e Maximum vu Fortschrëtter z’erreechen.

128. Am Kader vun eiser Strategie Nation Branding, déi d’Regierung 2014 ugeholl huet, ass an deene leschte Méint vill a gutt geschafft ginn. Zesumme matt all den Akteuren an och der Zivilgesellschaft ass de Profil vun eisem Land erstallt ginn. Deemno ass Lëtzebuerg een oppent, dynamescht an zouverléissegt Land. Elo geet et ëm d'Ëmsetze vun dëse Wäerter an dofir gouf een Aktiounsplang ausgeschafft deen amgaang ass ëmgesat ze ginn, an enker Zesummenaarbecht matt allen Akteuren. Dëst ass ee Prozess deen sech op der Zäitschinn aschreift an zu deem jiddereen säin Deel bäidroe kann wann en dat wëllt.

129. Als „Etat-hôte“ vu verschiddenen europäeschen an internationalen Institutioune setzt Lëtzebuerg alles drun fir de Leit, déi bei dësen Institutioune schaffen, déi beschtméiglech Aarbechts- a Liewensbedingunge bei äis ze garantéieren. Vun engem wirtschaftlechen, sozialen a kulturelle Standpunkt ass d’Präsenz vun den ongeféier 12.000 Beamten an hire Familljen ee wichtegt Element fir eist Land.

130. Wat déi nei Bauprojete betrëfft, komme mer gutt viru mam neie Gebai fir d’Europäescht Parlament, dem Konrad Adenauer II, deen all d’Servicer vum Parlament wäert ënnert een Daach bréngen. De Chantier fir de Konrad Adenauer II konnt a gudde Konditiounen ufänken an eis Zesummenaarbecht mam Parlament leeft och beschtens.

131. Wat den neie Jean Monnet 2 betrëfft, si mer nach an der Planungsphase. Hei sollen och an e puer Joer sämtlech Leit vun der Kommissioun regroupéiert ginn.

132. D’Kommissioun hat jo decidéiert, am Numm vum Prinzip vun der Precautioun de Jean Monnet 1 ze verloosse wéinst der Präsenz vun Asbest am Gebai. Matt der Regierung hu mer decidéiert, der Kommissioun bei der Sich vun neie Gebaier behëlleflech ze sinn. D’Kommissioun huet hir Fonctionnären an zwee Gebaier op der Cloche d’Or ënnerbruecht an d’lëtzebuergesch Autoritéiten ënnerstëtzen d’Kommissioun andeems se ënnert anerem e provisorescht Gebai fir ongeféier 500 Agenten um Kierchbierg bauen. Dëst Gebai soll Ufank Mee fäerdeg sinn. Als Konterpartie fir eist Entgéintkommen hu mer verséchert kritt, dass de finanziellen, de juristeschen an den digitale Pilier vun der Kommissioun hei zu Lëtzebuerg solle verstäerkt ginn. An Zukunft muss och e feste Prozentsaz (12,48%) vu Beamte vun der Kommissioun hei zu Lëtzebuerg schaffen.

133. Den Chantier fir den 3. Tuerm vum Europäesche Geriichtshaff soll deemnächst ulafen. Dës lescht Erweiderung, dei 2019 soll fäerdeg sinn, wäert der Cour erméiglechen, all hir Leit op engem Site ënnerzebréngen.

134. D’Planungsaarbechte fir de Sëtz vun der Cour d’Appel vun der neier Juridiction unifiée vum Brevet sinn amgaangen a mir erwaarden eis, dass dës nei Juridictioun nach dëst Joer hei zu Lëtzebuerg kéint ufänken.

Här President, dir Dammen an dir Hären,

135. De Willy Brandt sot „Frieden ist nicht alles, aber ohne Frieden ist alles nichts.“ Wa mir rondrëm äis kucken, duerch d’Noperschaft vun der Europäescher Unioun, gesi mir wéineg Fridden. Mir hu keng Alternativ, wéi alles ze maachen, fir zum Fridde bäizedroen, soss ass näischt méi iwwreg vun eisem Weltbild an eise Wäerter. Wa mer déi Problemer net zesummen uginn, da riskéiere mer, villes ze verléieren.

Fir déi Problemer unzegoen, musse mir d’Wuerzele vun deene Konflikter upaken, déi d’Mënschen zu Milliounen an d’Flucht dreiwen. Ech hunn iech ugangs meng Meenung gesot, dass d’Welt haut méi geféierlech, méi gespléckt a méi desorientéiert ass wéi nach virun annerhallwem Joer. Mir sinn all Dag konfrontéiert matt Biller vu schrecklechem Misère rondrëm Welt an direkt virun eiser Dir. Déi Biller di wéi, mä si dierfen äis net decouragéieren a lähmen. Mir dierfen déi Zoustänn net als Fatalitéit akzeptéieren, mä si sollen äis ëmmer erëm kollektiv mobiliséieren, fir zesummen, an der EU an op der Weltbühn, no Léisungen ze sichen, déi Fridde schafen. Gemeinsam Léisungen, fir dat, wat mir zesummen opgebaut hunn, zënter de Grënnungsjoren, ze versuergen an ze festegen. D’nächst Joer feiere mer 60 Joer Réimer Verträg. Dat ass de Moment, mengen ech, äis nees nei bewosst ze ginn, wat um Spill steet. D’Unioun huet scho vill Krisen iwwerstanen, an ass un deene Krise gewuess. Ech bleiwen iwwerzeegt dervun, dass dat äis an der Flüchtingskris och muss geléngen.

Mä materiell Krisen si materiell ze iwwerwannen, mënschlech Krisen allerdéngs nëmme matt Mënschlechkeet. Däers sollt jiddereen an der EU sech bewosst sinn. Dës Asiicht mécht d’Partikularitéit vum Friddensprojet EU aus.

Ech soen iech Merci."

Dernière mise à jour