Luxembourg Defence Open Air Days: d'Lëtzebuerger Defense invitéiert op d'Virféierung vun hirer Loft-Flott

De Weekend vum 1. an 2. Oktober, vun 10 bis 16 Auer, invitéiert d'Direktioun fir Verdeedegung den interesséierte Public am Kader vun de Luxembourg Defence Open Air Days op eng Presentatioun vun der Lëtzebuerger Loft-Flott um Findel. An de leschte Joren huet d'Lëtzebuerger Defense hir Capacitéite virun allem an de Beräicher vum Lofttransport a vun der Loftiwwerwaachung weider ausgebaut. Haut verfüügt Lëtzebuerg via national a multinational Programmer iwwert eng Rëtsch u Fligeren an Helikopter, déi fir d'Duerchféierung vu Missiounen an dëse Beräicher bestëmmt sinn. Mat der Ënnerstëtzung vun der Lëtzebuerger Arméi a vun nationalen an internationale Partner, stellt d'Direktioun fir Verdeedegung dës Loft-Flott fir de Public aus.

©Armée luxembourgeoise Airbus A400M
Airbus A400M

Um Programm

Obschonns d'Lëtzebuerger Arméi uganks vun de 60er Joren 3 liicht Iwwerwaachung- an Observatiounsfligeren an hirer Flott hat, handelt et sech, historesch gesinn, ëm eng Land-Arméi, déi am Beräich vun der Opklärung spezialiséiert ass. Fir national an international (EU, NATO) Besoinen ze decken, huet d'Defense allerdéngs iwwert déi lescht Joren hir Loft-Capacitéiten ausgebaut. Opgrond vun der relativ gerénger Gréisst vum Land, vun der spezifescher Expertise, déi am Beräich vum militäresche Loftraum gefrot ass, an aus Effikassitéits-Grënn, huet dësen Ausbau gréisstendeels an enker Zesummenaarbecht mat vertrauenswierdegen internationale Partner oder am Kontext vu multinationale Programmer stattfonnt. Esou huet d'Defense haut Zougank zu enger ganzer Gamme u Fligeren, wouvunner en Deel aus operationelle Grënn am Ausland stationéiert ass.

Fir der Lëtzebuerger Bevëlkerung an all interesséierte Persounen dës Capacitéiten ze presentéieren, gi follgend Fligeren den éischten Oktober-Weekend ausgestallt:

  • Airbus A400M – Transportfliger aus der binationaler Belsch-Lëtzebuerger Flott
  • Airbus A330 Multi-Role Tanker Transport (MRTT) - strateegesche Fliger fir den Transport, d'Loftbetankung an déi medezinesch Evakuéierung aus der multinationaler Flott MRTT (MMF - Multinational MRTT Fleet), déi aus sechs Natiounen zesummegesat ass (Däitschland, Belsch, Norwegen, Tschechesch Republik, Holland a Lëtzebuerg)
  • Beechcraft BE350 ISR – Fliger fir Opklärungs- a maritim Iwwerwaachungsmissiounen, dee bei der DEA Aviation kontraktéiert gëtt an deen zurzäit am Kader vun der IRINI Missioun fir d'Sécherung vum Mëttelmier op EU-Mandat agesat gëtt
  • Airbus H145M – liichten Helikopter vun der Lëtzebuerger Arméi, deen der Police Lëtzebuerg fir Iwwerwaachungsmissiounen a Sichaktioune vu Persounen zur Verfügung gestallt gëtt
  • Insitu Integrator – SRTUAS (Short Range Tactical Unmanned Aerial Systems) Dron fir Opklärungs- an taktesch Iwwerwaachungsmissioune vun der Lëtzebuerger Arméi

Den Airbus A400M ass op fir de Public a kann och vu banne besicht ginn. Demonstratioune vun den Observatiounskamerae vum Helikopter Airbus H145M an dem Beechcraft BE350 ISR Fliger stinn och um Programm.

Op der Plaz sinn och Spezialisten a militärescht Personal, déi dës Fligere fléie kënnen, fir eventuell technesch oder praktesch Froe vum Public ze beäntwerten.

Praktesch Informatiounen

Den interesséierte Public ka sech vum iwwert de Site https://identials.lu/gouv/registration/defence-open-air-days aschreiwen. D'Veranstaltung gëtt an engem gesécherten Deel vum Fluchhafen Findel organiséiert. Dës Zon ass just iwwert eng Navette z'erreechen, déi lafend tëschent dem "Parking M" vum Fluchhafen an dem Event-Site circuléiert.

Um Site ass just eng limitéiert Unzuel u Persounen autoriséiert. Dofir muss ee bei der Umeldung en Horaire uginn. Den Accès zum Site an zur Navette ass just zu dësem ausgewielten Horaire méiglech. D'Participante ginn dofir gebiede sech pünktlech um entspriechende Parking ze presentéieren.

Accès op de Parking M:

Mam Auto (Google Maps)

Ëffentlechen Transport: Busarrêt "Findel Business Center" op mobiliteit.lu

Communiqué vun der Direktioun fir Verteidegung

Aktualiséiert