Accueil vu Leit déi virum Krich an der Ukrain flüchten

De Ministère informéiert dass Prozeduren en place gesat gi si fir den Accueil an den Encadrement vun deplacéierte Persounen aus der Ukrain, an och de Persounen déi schonn zu Lëtzebuerg ukomm sinn, z'assuréieren.

All deplacéiert Persoun, déi zu Lëtzebuerg aus der Ukrain ukënnt, ass gebiede sech bei der Direktioun fir d'Immigratioun vum Aussen- an Europaministère ze mellen: immigration.desk@mae.etat.lu

Déi concernéiert Persoune kréien ee Formulaire auszefëllen, deen et de Lëtzebuerger Autoritéiten erméiglecht Kontakt mat de Leit opzehuelen, fir eng Demande de protection temporaire anzeleeden, oder iwwert een anere Wee hiren Openthalt zu Lëtzebuerg ze regulariséieren.

De Statut de protection temporaire, deen deemnächst misst um europäeschen Niveau agreéiert ginn, wäert duerno accessibel si fir ukrainesch Staatsbierger déi an deene leschten Deeg zu Lëtzebuerg ukomm sinn, oder deemnächst ukomme wäerten. Déi concernéiert Persoune ginn zäitno informéiert, wann déi Prozedur bis en place ass.

An der Tëschenzäit brauchen ukrainesch Staatsbierger keng aner Demarchen duerchzeféieren fir zu Lëtzebuerg ze bleiwen. Dëst gëllt och fir Leit déi eng Openthaltsgeneemegung hunn, déi deemnächst ofleeft, oder deenen hire Kuerzzäit-Openthalt (limitéiert op 90 Deeg) ofleeft. Dës Persounen sinn och gebieden sech bei der Direktioun fir d'Immigratioun ze mellen. Déi concernéiert Leit brauchen sech also keng Suergen ëm hir administrativ Situatioun ze maachen.

D'Regierung huet en Zenter fir Primo-accueil op d'Been gesat, fir Leit ënnerzebréngen, déi virum Krich an der Ukrain flüchten. Dësen Noutfall-Accueil-Zenter, dee 24h/24h, 7j/7 op ass, befënnt sech am SHUK (Structure d'hébergement d'urgence um Kierchbierg), 11 rue Carlo Hemmer an der Stad Lëtzebuerg. Dësen Zenter proposéiert een Ënnerdaach fir déi éischt Deeg, souwuel wéi Iessen a liewesnoutwenneg Gidder fir Leit, déi wëllen eng Protektioun zu Lëtzebuerg ufroen, oder Leit, déi vun hei aus an en anert europäescht Land wëlle reesen. Aus sanitäre Grënn sinn Hausdéiere leider net an dësem Zentrum erlaabt.

De Ministère rappelléiert och dass d'sanitär Mesuren, déi am Kader vum COVID-19 en place gesat goufen, en vigueur bleiwen.

All Lëtzebuerger Residenten, déi schonn offréiert hunn, oder offréiere wëllen, ukrainesch Staatsbierger bei sech doheem opzehuelen, si gebiede sech bei der Hotline, geréiert vun der Caritas an der Croix-Rouge, mam Support vum Ministère fir Famill, Integratioun an d'Groussregioun, ze mellen, entweder per Telefon: +352 621 796 780 oder per E-MailUkraine@zesummeliewen.lu

Fir all konsularesch Froe vu Leit, déi entweeder probéieren aus der Ukrain erauszekommen oder aktuell um Wee aus der Ukrain sinn, sinn d'Leit gebieden eng E-Mail un d'Assistance consulaire vum Aussen- an Europaministère ze schécken: assistance.consulaire@mae.etat.lu oder unzeruffen: +352 2478 2386

Vu dass et vill privat Initiative gi fir Transporter ze organiséieren, déi Leit op d'ukrainesch Grenz siche ginn, sinn d'Leit, déi esou Transporter plangen, gebiede sech onbedéngt mat all de Renseignementer beim Ministère ze mellen: transport.ukraine@mae.etat.lu

De Ministère recommandéiert och drénglechst sech z'informéieren éier een esou e Privattransport organiséiert, well den Accueil, den Hebergement an d'medezinesch Versuergung mussen assuréiert gi fir dës Leit, déi oft traumatiséiert ukommen, an deene beschte Konditiounen ze empfänken.

De Ministère ass informéiert ginn dass et eng héich Unzuel vun onbegleete Kanner ouni offiziell Pabeieren un der ukrainescher Grenz gëtt, déi bei privaten Transportméiglechkeeten u Bord geholl ginn. Et ass wichteg dass Persounen, déi dës Transportméiglechkeeten organiséieren, sech assuréieren dass et kee Risk vu Mënschenhandel gëtt.

 

Communiqué vum Ministère fir Famill, Integratioun an d'Groussregioun/ Aussen-an Europaministère

Aktualiséiert