Communiqué vum Aussen- an Europaministère zu den temporäre Restriktiounen am Beräich vun der Awanderung

Den Aussen- an Europaministère informéiert, dass déi temporär Restriktioun fir d'Arees an de Grand-Duché vu Staatsbierger aus Drëttstaaten, déi hire Wunnsëtz ausserhalb vun der EU oder dem Schengeraum hunn, bis den 30. Juni 2022 inklusiv verlängert goufen.

Weider ass et wichteg, wéinst der militärescher Aggressioun vu Russland géint d'Ukrain an der Degradatioun vun der Sécherheetssituatioun op der Plaz, fir d'Evakuatioun vun den ukrainesche Staatsbierger, déi aus hirem Land flüchten, z'ënnerstëtzen an den Accès op den Territoire vu Lëtzebuerg ze vereinfachen andeems dës Persoune kengen temporäre Restriktioune wéinst COVID-19 op de Baussegrenzen ausgesat sinn. Entspriechend gouf d'Ukrain op d'Lëscht vun den Drëttstaate gesat, wou d'Residenten net méi vun temporäre Restriktiounen op de Baussegrenze fir net essentiell Reesen an de Groussherzogtum betraff sinn.[1]

Esou dierfe Staatsbierger aus Drëttstaaten mat Wunnsëtz an der Ukrain, op den Territoire vu Lëtzebuerg areesen, ouni den temporäre Restriktioune fir Reesen op Lëtzebuerg ausgesat ze sinn, déi am Kader vun de sanitäre Mesuren agefouert goufen. Et sief awer drop higewisen, dass déi sanitär Mesurë fir Fluchreesen (cf. weider ënnen) och fir dës Persoune gëllen.

Gläichzäiteg informéiert de Ministère, dass opgrond vun de rezenten Entscheedunge vun der europäescher Kommissioun zur Equivalenz, d'Impfcertificaten, déi vun den Autoritéiten aus dem Benin a Jordanien ausgestallt goufen, ab elo als equivalent unerkannt ginn. Esou dierf ab elo all Staatsbierger aus Drëttstaaten, deen een Impfcertificat huet, deen ee kompletten Impfschema noweist a vum Benin oder Jordanien ausgestallt gouf, nees an de Grand-Duché areesen. Dëst gëllt och fir net essentiell Reesen, virausgesat dass den Impfstoff am Grand-Duché unerkannt ass.[2]

Doriwwer eraus wäert Lëtzebuerg, op Basis vun enger Ännerung vun der Recommandatioun (UE) 2020/912 vum Conseil zu den temporäre Restriktioune fir net essentiell Reesen an d'EU an eng méiglech Ophiewung vun dëse Restriktiounen, vun elo un och d'Arees an de Grand-Duché erlabe vu Staatsbierger aus Drëttstaaten, déi e Geheelt-Certificat hunn, inklusiv fir net essentiell Reesen. An dësem Kontext, gi Geheelt-Certificaten akzeptéiert, déi vun engem Memberstaat vun der EU oder dem Schengeraum (EU27 + Island, Liechtenstein, Norwegen, Schwäiz) oder verschiddenen Drëttstaaten ausgestallt goufen (cf Annex C fir eng komplett Lëscht vun de Geheelt-Certificater, déi zu Lëtzebuerg unerkannt ginn).

Den Aussen- an Europaministère an de Gesondheetsministère informéieren dass déi sanitär Mesuren, déi fir all Persoune gëllen, déi mam Fliger op Lëtzebuerg fléien, bis den 30. Abrëll 2022 inclus verlängert goufen.

All Persoun iwwert dem Alter vun 12 Joer an 2 Méint, déi autoriséiert ass a Lëtzebuerg anzereesen (onofhängeg vun hirer Nationalitéit), muss virum Boarding mat Destinatioun Lëtzebuerg Follgendes virweisen:

  • Entweder een Impfcertificat, deen ee kompletten Impfschema géint COVID-19 noweist. Ënnert der Konditioun, dass deen administréierten Impfstoff am Grand-Duché akzeptéiert gëtt. Akzeptéiert sinn Impfcertificaten, déi vu Lëtzebuerg, engem Memberstaat vun der EU oder engem Memberstaat aus dem Schengeraum (EU27 + Island, Liechtenstein, Norwegen, Schwäiz) ausgestallt goufen. Och Certificaten, déi vu verschiddenen Drëttstaaten ausgestallt goufen, ginn akzeptéiert (cf. Annex B fir d'Lëscht vun de betraffenen Drëttstaaten).
  • Oder ee Geheelt-Certificat, dee vun engem Dokter oder enger ëffentlecher Autoritéit vun engem Memberstaat vun der EU oder dem Schengeraum (EU27 + Island, Liechtenstein, Norwegen, Schwäiz) ausgestallt gouf, esouwéi Certificaten, déi vun enger Rei Drëttstaaten ausgestallt goufen (cf. Annex C fir d'Lëscht vun de betraffenen Drëttstaaten), fir Persounen, déi rezent a bannent 6 Méint virum Deplacement eng Infektioun mam SARS-CoV-2 haten an déi déi entspriechend Isolatiounsperiod an deene respektive Länner symptomfräi ofgeschloss hunn.
  • Oder een negatiivt Testresultat (op Pabeier oder elektronesch) vun engem Test op SARS-CoV-2 RNA duerch Nukleinseier-Amplifikatioun (NAT) (PCR, TMA oder LAMP Methoden), dee maximal 48 Stonne virum Fluch realiséiert gouf, oder vun engem Antigène-Schnelltest op SARS-CoV-2, dee maximal 24 Stonne virum Fluch realiséiert gouf, an dat vun engem Laboratoire fir medezinesch Analysen oder all aner dofir zougeloossener Entitéit. Dat negatiivt Testresultat muss, wann néideg zesumme mat enger Iwwersetzung, an enger vun den administrative Sprooche vu Lëtzebuerg, oder op Englesch, Italieenesch, Spuenesch, oder Portugisesch virleien.

Detailer zu deene verschiddene Reegelen an deene verschiddenen Exceptiounen, souwéi déi genau Modalitéiten, déi am Virfeld ze respektéiere sinn, fannt Dir ënnert folgendem Link: https://covid19.public.lu/lb/reesen/letzebuerg-besichen.html.

 

Annex A - Lëscht vun den Drëttstaaten, deenen hir Residenten och fir net essentiell Reesen op Lëtzebuerg dierfen

  • Staaten
    • Saudiarabien
    • Bahrain
    • Chile
    • China (ënner Virbehalt vu Géigesäitegkeet op EU-Niveau)
    • Kolumbien
    • Südkorea
    • Vereenegt Arabesch Emirater
    • Indonesien
    • Kuwait
    • Peru
    • Ruanda
    • Neuseeland
    • Katar
    • Ukrain
    • Uruguay
  • Sonderverwaltungszone vun der Volleksrepublik China
    • Hongkong SAR
    • Macao SAR
  • Territorial Entitéiten an Autoritéiten, déi vun op d'mannst engem EU-Memberstaat net als Staat unerkennt ginn
  • Taiwan

Déi betraffe Staatsbierger aus Drëttstaaten mussen an deem Fall hire Wunnsëtz noweise kënnen.

 

Annex B - Impfcertificaten, déi zu Lëtzebuerg akzeptéiert ginn

Fir dass en Impfcertificat zu Lëtzebuerg gülteg ass, mussen insgesamt 3 Bedéngungen gläichzäiteg erfëllt sinn:

  • den Impfstoff muss am Grand-Duché akzeptéiert sinn (cf. Lëscht hei drënner);
  • den Impfschema muss als komplett ugesi ginn[3];
  • de Certificat muss vun engem EU-Land oder engem Memberstaat aus dem Schengeraum (EU27 + Island, Liechtenstein, Norwegen, Schwäiz), oder vu follgenden Drëttstaaten ausgestallt gi sinn:
    • Staaten
      • Albanien
      • Andorra
      • Armenien
      • Benin
      • Brasilien
      • Cap Vert
      • Kanada
      • Südkorea
      • Vereenegt Arabesch Emirater
      • El Salvador
      • Amerika
      • Georgien
      • Färöer Inselen
      • Indien
      • Israel
      • Japan
      • Jordanien
      • Libanon
      • Marokko
      • Moldawien
      • Monaco
      • Montenegro
      • Neuseeland
      • Panama
      • Republik Nordmazedonien
      • Vereenegt Kinnekräich
      • San Marino
      • Serbien
      • Singapur
      • Thailand
      • Togo
      • Tunesien
      • Tierkei
      • Ukrain
      • Uruguay
      • Vatikan
    • Territorial Entitéiten an Autoritéiten, déi vun op d'mannst engem EU-Memberstaat net als Staat unerkennt ginn
      • Taiwan

An dësem Kontext ginn am Grand-Duché 4 Impfstoffer mat enger europäescher Maartzouloossung akzeptéiert, esouwéi 3 Impfstoffer, déi als bio-änlech (biosimilar) gëllen:

  • BioNtech Pfizer / Comirnaty
  • Moderna / Spikevax
  • AstraZeneca / Vaxzevria
  • Janssen / Vaccine Janssen
  • Covishield [Serum Institute of India Pvt. Ltd (SII)]
  • R-Covi (R-Pharm)
  • Covid-19 vaccine (recombinant) (FIOCRUZ)

Déi allgemeng Gültegkeet vun den Impfertificaten ass op 9 Méint fixéiert, ab dem Datum, wou d'Impfung als komplett gëllt. D'Gültegkeetsdauer vun de Certificate vun engem Impfrappel ass illimitéiert.

Et sief dorun erënnert, dass all Persoun, onofhängeg vun hirer Nationalitéit a vun hirem Wunnsëtz, déi am Besëtz ass vun engem Impfcertificat dee vun engem vun den uewe genannte Staaten ausgestallt ginn ass, dëse Certificat verwende kann, fir déi zusätzlech sanitär Mesuren z'erfëllen, déi fir Deplacementer mam Fliger mat Destinatioun Lëtzebuerg gëllen.

 

Annex C - Geheelt-Certificaten déi zu Lëtzebuerg akzeptéiert ginn

Fir dass e Geheelt-Certificat zu Lëtzebuerg unerkannt gëtt, muss e vun engem Memberstaat vun der EU oder dem Schengeraum (EU27 + Island, Liechtenstein, Norwegen, Schwäiz) oder vun engem vu follgenden Drëttstaaten ausgestal

  • Albanien
  • Andorra
  • Armenien
  • Benin
  • Cap Vert
  • El Salvador
  • Georgien
  • Israel
  • Moldawien
  • Monaco
  • Montenegro
  • Panama
  • Republik Nordmazedonien
  • Vereenegt Kinnekräich
  • San Marino
  • Serbien
  • Thailand
  • Tierkei
  • Ukrain
  • Uruguay

Et sief dorun erënnert, dass all Persoun, onofhängeg vun hirer Nationalitéit a vun hirem Wunnsëtz, déi am Besëtz ass vun engem Geheelt-Certificat dee vun engem vun den uewe genannte Staaten ausgestallt ginn ass, dëse Certificat verwende kann, fir déi zusätzlech sanitär Mesuren z'erfëllen, déi fir Deplacementer mam Fliger mat Destinatioun Lëtzebuerg gëllen.

Ee Geheelt-Certificat ass 180 Deeg gülteg, dat fir Persounen déi rezent a bannent 6 Méint virum Deplacement eng Infektioun mam SARS-CoV-2 haten an déi déi entspriechend Isolatiounsperiod an deene respektive Länner symptomfräi ofgeschloss hunn.

 

[1] Cf. Annex A fir déi komplett Lëscht vun den Drëttstaaten, deenen hir Residenten och fir net essentiell Reesen op Lëtzebuerg dierfen.

[2] Cf. Annex B fir d'Lëscht vun den Impfcertificaten, déi zu Lëtzebuerg akzeptéiert ginn.

[3]Ënnert engem kompletten Impfschema versteet een all Schema, wat d'Zuel an den Intervall vun den néidegen Injektiounen definéiert, fir een ausräichende Schutz opzebauen, an dat komplett ass ab der Administratioun vun all den néidegen Dosissen, fir Impfstoffer mat méi wéi enger Dosis, oder, fir Impfstoffer mat enger eenzeger Dosis, no enger Karenzzäit vu 14 Deeg. Fir geheelte Persounen, déi bannent 180 Deeg no hirem positive Resultat vun engem NAT-Test geimpft goufen, ass den Impfschema 14 Deeg no der Administratioun vun der éischter Dosis komplett, an dat onofhängeg vum Impfstoff.

 

Communiqué vum Aussen- an Europaministère

Aktualiséiert