Communiqué vum Aussen- an Europaministère zu den temporäre Restriktiounen am Beräich vun der Awanderung

Den Aussen- an Europaministère informéiert iwwert d'Ännerung vum Reglement grand-ducal vum 2. November 2021, deen d'Lëscht vun den Impfzertifikater aus Drëttstaaten etabléiert, déi am Grand-Duché unerkannt ginn. Dëse Reglement definéiert eng Lëscht vun Impfzertifikater, déi vun Drëttstaaten ausgestallt ginn an op nationalem Niveau am Grand-Duché unerkannt ginn. Dës Unerkennung implizéiert fir Staatsbierger aus Drëttstaaten, déi am Besëtz vun esou engem Certificat sinn, dass si nees fir net essentiell Reesen an de Grand-Duché areese kënnen.

Ab dem 21. Dezember 2021, kënnen an deem Kontext Staatsbierger aus Drëttstaaten, déi am Besëtz vun engem Zertifikat sinn, deen ee kompletten Impf-Schema noweist a vu Brasilien*, Kanada, Südkorea, Indien* oder Japan ausgestallt gi sinn, nees an de Grand-Duché areesen. Dëst gëllt och fir net essentiell Reesen, virausgesat dass den Impfstoff am Grand-Duché unerkannt ass.

Zu Lëtzebuerg ginn déi 4 Impfstoffer mat enger europäescher Maartzouloossung akzeptéiert:

  • BioNtech Pfizer / Comirnaty
  • Moderna / Spikevax
  • AstraZeneca / Vaxzevria
  • Janssen / Vaccine Janssen

Nieft dësen Impfstoffer, akzeptéiert Lëtzebuerg am Kader vun der Unerkennung vun Impf-Certificaten aus Drëttstaaten, och aner Impfstoffer, déi als bio-änlech (biosimilar) zu de benotzten Impfstoffer gëllen, nämlech:

  • Covishield (Serum Institute of India Pvt. Ltd (SII))
  • R-Covi (R-Pharm)
  • Covid-19 vaccine (recombinant) (FIOCRUZ)

Mam Akraafttriede vun dësem Reglement grand-ducal, ginn zu Lëtzebuerg, niewent den Impfzertifikater, déi an den EU-Länner oder vun engem Memberstaat aus dem Schengenraum ausgestallt gi sinn, och d'Zertifikater aus follgenden Drëttlänner unerkannt, déi ee kompletten Impf-Schema noweisen, virausgesat dass den Impfstoff zu Lëtzebuerg unerkannt ass (cf. uewe genannte Lëscht vun de betraffenen Impfstoffer):

  • Albanien
  • Andorra
  • Armenien
  • Brasilien
  • Cap Vert
  • Kanada
  • Südkorea
  • Vereenegt Arabesch Emirater
  • Amerika
  • Georgien
  • Färöer Inselen
  • Indien
  • Israel
  • Japan
  • Libanon
  • Marokko
  • Moldawien
  • Monaco
  • Neuseeland
  • Panama
  • Republik Nordmazedonien
  • Vereenegt Kinnekräich
  • Salvador
  • San Marino
  • Serbien
  • Singapur
  • Togo
  • Tierkei
  • Ukrain
  • Vatikan

Et sief dorun erënnert, dass all Persoun, onofhängeg vun hirer Nationalitéit a vun hirem Wunnsëtz, déi am Besëtz ass vun engem Impf-Certificat dee vun engem vun den uewe genannte Staaten ausgestallt gi sinn, dëse Certificat verwende kann, fir déi zousätzlech sanitär Mesuren z'erfëllen, déi fir Deplacementer mam Fliger mat Destinatioun Lëtzebuerg gëllen.

Weider dierfen och Staatsbierger aus Drëttstaaten op Lëtzebuerg reesen, wann hir Rees als essentiell gëllt. Dofir muss eng speziell Demande per E-Mail (service.visas@mae.etat.lu) un de Bureau des passeports, visas et légalisations geschéckt ginn, fir dass eng speziell Attestatioun ausgestallt ka ginn.

Et sief nach eng Kéier dorun erënnert, dass fir all Deplacementer mam Fliger mat Destinatioun Lëtzebuerg zousätzlech sanitär Mesurë gëllen. Jiddwereen deen 12 Joer an 2 Méint oder méi al ass, a mam Fliger op Lëtzebuerg fléie wëll, muss virum Boarding Folgendes virweisen:

  • entweder een Impf-Certificat, deen ee kompletten Impf-Schema géint COVID-19 virweist an deen entspriechend dem Artikel 3bis, Paragraph 1 bis 2, vum geännerte Gesetz vum 17. Juli 2020 iwwert d'Mesuren am Kampf géint d'Pandemie COVID-19 erstallt gouf. Also een Impf-Certificat dee vu Lëtzebuerg, engem Memberstaat vun der EU oder engem Memberstaat aus dem Schengenraum ausgestallt gouf. Och Certificaten, déi vu verschiddenen Drëttstaaten ausgestallt goufen, ginn akzeptéiert (d'Lëscht vun de concernéierten Drëttstaate steet weider ënnen):
  • ee Geheelt-Certificat, deen entspriechend den Dispositioune vum Reglement (EU) 2021/953 erstallt gouf, fir Persounen déi rezent a bannent 6 Méint virum Deplacement eng Infektioun mam SARS-CoV-2 haten an déi déi entspriechend Isolatiounsperiod an deene respektive Länner symptomfräi ofgeschloss hunn;
  • oder een negatiivt Testresultat (op Pabeier oder elektronesch) vun engem Test op SARS-CoV-2 RNA duerch Nukleinseier-Amplifikatioun (NAT) (PCR, TMA oder LAMP Methoden [2]), dee maximal 72 Stonne virum Fluch realiséiert gouf, oder vun engem Antigène-Schnelltest op SARS-CoV-2 [3], dee maximal 48 Stonne virum Fluch realiséiert gouf, an dat vun engem Laboratoire fir medezinesch Analysen oder all aner dofir zougeloossener Entitéit. Dat negatiivt Testresultat muss, wann néideg zesumme mat enger Iwwersetzung, an enger vun den administrative Sprooche vu Lëtzebuerg, oder op Englesch, Italieenesch, Spuenesch, oder Portugisesch virleien.

Et sief nach weider dorun erënnert, dass bis de 14. Januar 2022 mat abegraff zousätzlech sanitär Mesurë gëllen, fir all Deplacementer aus Südafrika, Botswana, Eswatini, Lesotho, Mosambik, Namibia a Simbabwe.

Detailer zu deene verschiddene Reegelen, inklusiv enger Definitioun vun essentielle Reesen an deene verschiddenen Exceptiounen, d'Lëscht vun den Drëttstaaten, deenen hir Staatsbierger och fir net essentiell Reesen nees op Lëtzebuerg reesen dierfen, souwéi déi genau Modalitéiten, déi am Virfeld ze respektéiere sinn, fannt Dir ënnert folgendem Link:

https://covid19.public.lu/lb/reesen/letzebuerg-besichen.html

 

*Fir Brasilien an Indien: d'Impfzertifikater déi vun de brasilianeschen Autoritéiten ausgestallt gi sinn an eng Impfung mam Impfstoff Coronavac vum Laboratoire Butantan zu Sao Paulo noweisen, an d'Impfzertifikater, déi vun den indeschen Autoritéiten ausgestallt gi sinn, an eng Impfung mam Impfstoff Covaxin vum Laboratoire Bharat Biotech Limited oder mam Impfstoff Sputnik-V, ginn am Grand-Duché net unerkannt. 

 

[1] a) Ënnert engem kompletten Impf-Schema versteet een all Schema, wat d'Zuel an den Intervall vun den néidegen Injektiounen definéiert, fir een ausräichende Schutz opzebauen, an dat komplett ass ab der Administratioun vun all den néidegen Dosissen, fir Impfstoffer mat méi wéi enger Dosis, oder, fir Impfstoffer mat enger eenzeger Dosis, no enger Karenzzäit vu 14 Deeg. b) Fir geheelte Persounen, déi bannent 180 Deeg no hirem positive Resultat vun engem NAAT-Test geimpft goufen, ass den Impf-Schema 14 Deeg no der Administratioun vun der éischter Dosis komplett, an dat onofhängeg vum Impfstoff.

[2] PCR: polymerase chain reaction; TMA: transcription-mediated amplification; LAMP: loop-mediated isothermal amplification

[3] Entspriechend de Krittäre vun der WHO: Antigen-detection in the diagnosis of SARS-CoV-2 infection using rapid immunoassays, Interim Guidance, 11. September 2020, an opgezielt an der Lëscht vun den Antigène-Schnelltester, op Basis vun der Recommandatioun 2021/C24/01 vum 22. Januar 2021.

Communiqué vum Aussen- an Europaministère

Aktualiséiert