Verlängerung vun de sanitäre Mesurë fir Deplacementer mam Fliger mat Destinatioun Lëtzebuerg

Den Aussen- an Europaministère an de Gesondheetsministère informéieren dass déi sanitär Mesuren, déi fir all Persoune gëllen, déi mam Fliger op Lëtzebuerg fléien, bis den 28. Februar 2022 inclus verlängert goufen.

Jiddwereen deen 12 Joer an 2 Méint oder méi al ass, a mam Fliger op Lëtzebuerg fléie wëll, muss virum Boarding Follgendes virweisen:

  • entweder een Impf-Certificat, deen ee kompletten Impf-Schema  géint COVID-19 virweist an deen entspriechend dem Artikel 3bis, Paragraph 1 bis 2, vum geännerte Gesetz vum 17. Juli 2020 iwwert d'Mesuren am Kampf géint d'Pandemie COVID-19 erstallt gouf. Also een Impf-Certificat dee vu Lëtzebuerg, engem Memberstaat vun der EU oder engem Memberstaat aus dem Schengenraum ausgestallt gouf. Och Certificaten, déi vu verschiddenen Drëttstaaten ausgestallt goufen, ginn akzeptéiert (d'Lëscht vun de concernéierten Drëttstaate steet weider ënnen):
  • ee Geheelt-Certificat, deen entspriechend den Dispositioune vum Règlement (EU) 2021/953 erstallt gouf, fir Persounen déi rezent a bannent 6 Méint virum Deplacement eng Infektioun mam SARS-CoV-2 haten an déi déi entspriechend Isolatiounsperiod an deene respektive Länner symptomfräi ofgeschloss hunn;
  • oder een negatiivt Testresultat (op Pabeier oder elektronesch) vun engem Test op SARS-CoV-2 RNA duerch Nukleinseier-Amplifikatioun (NAT) (PCR, TMA oder LAMP Methoden [2]), dee maximal 72 Stonne  virum Fluch realiséiert gouf, oder vun engem Antigène-Schnelltest op SARS-CoV-2 [3], dee maximal 48  Stonne virum Fluch realiséiert gouf, an dat vun engem Laboratoire fir medezinesch Analysen oder all aner dofir zougeloossener Entitéit. Dat negatiivt Testresultat muss, wann néideg zesumme mat enger Iwwersetzung, an enger vun den administrative Sprooche vu Lëtzebuerg, oder op Englesch, Italieenesch, Spuenesch, oder Portugisesch virleien.

Et sief nach weider dorun erënnert, dass bis de 14. Januar 2022 mat abegraff zousätzlech sanitär Mesurë gëllen, fir all Deplacementer aus Südafrika, Botswana, Eswatini, Lesotho, Mosambik, Namibia a Simbabwe.

No de rezenten Decisioune vun der Europäescher Kommissioun, gi Certificaten, déi vun den Autoritéiten aus Cap Vert, den Arabeschen Emirater a Libanon ausgestallt ginn, als gläichwäerteg unerkannt. Esou dierfen Awunner aus Drëttstaaten, déi een Impf-Certificat hunn, deen ee kompletten Impf-Schema noweist a vun den Autoritéiten aus Cap Vert, den Arabeschen Emirater a Libanon ausgestallt gi sinn, nees op Lëtzebuerg areesen, och fir net essentiell Reesen.

Nieft den Impfzertifikater, déi an den EU-Länner oder vun engem Memberstaat aus dem Schengenraum ausgestallt gi sinn, ginn och d'Zertifikater, déi ee kompletten Impf-Schema noweisen, aus follgenden Drëttlänner unerkannt, virausgesat dass den Impfstoff zu Lëtzebuerg autoriséiert ass [4]:

  • Albanien
  • Andorra
  • Armenien
  • Cap Vert
  • Vereenegt Arabesch Emirater
  • Amerika
  • Georgien
  • Färöer Inselen
  • Israel
  • Libanon
  • Marokko
  • Moldawien
  • Monaco
  • Neuseeland
  • Panama
  • Republik Nordmazedonien
  • Vereenegt Kinnekräich
  • Salvador
  • San Marino
  • Serbien
  • Singapur
  • Togo
  • Tierkei
  • Ukrain
  • Vatikan

Et sief dorun erënnert, dass all Persoun, onofhängeg vun hirer Nationalitéit a vun hirem Wunnsëtz, déi am Besëtz ass vun engem Impf-Certificat dee vun engem vun den uewe genannte Staaten ausgestallt gi sinn, dëse Certificat verwende kann, fir déi zusätzlech sanitär Mesuren z'erfëllen, déi fir Deplacementer mam Fliger mat Destinatioun Lëtzebuerg gëllen.

Den Detail vun de Reegelen an den Ausnamen, genau wéi déi exakt Modalitéite vun den Demarchen, déi virdru musse geholl ginn, fannt Dir ënnert folgendem Link:

https://covid19.public.lu/lb/reesen/letzebuerg-besichen.html

[1]  a) Ënnert engem kompletten Impf-Schema versteet een all Schema, wat d'Zuel an den Intervall vun den néidegen Injektiounen definéiert, fir een ausräichende Schutz opzebauen, an dat komplett ass ab der Administratioun vun all den néidegen Dosissen, fir Impfstoffer mat méi wéi enger Dosis, oder, fir Impfstoffer mat
enger eenzeger Dosis, no enger Karenzzäit vu 14 Deeg. b) Fir geheelte Persounen, déi bannent 180 Deeg no hirem positive Resultat vun engem NAAT-Test geimpft goufen, ass den Impf-Schema 14 Deeg no der Administratioun vun der éischter Dosis komplett, an dat onofhängeg vum Impfstoff.

[2] PCR: polymerase chain reaction; TMA: transcription-mediated amplification; LAMP: loop-mediated isothermal amplification

[3] Entspriechend de Krittäre vun der WHO: Antigen-detection in the diagnosis of SARS-CoV-2 infection using rapid immunoassays, Interim Guidance, 11. September 2020, an opgezielt an der Lëscht vun den Antigène-Schnelltester, op Basis vun der Recommandatioun 2021/C24/01 vum 22. Januar 2021.

Zu Lëtzebuerg ginn déi 4 Impfstoffer mat enger europäescher Maartzouloossung akzeptéiert:

  • BioNtech Pfizer / Comirnaty
  • Moderna / Spikevax
  • AstraZeneca / Vaxzevria
  • Janssen / Vaccine Janssen

Nieft dësen Impfstoffer, akzeptéiert Lëtzebuerg am Kader vun der Unerkennung vun Impf-Certificaten aus Drëttstaaten, och aner Impfstoffer, déi als bio-änlech (biosimilar) zu de benotzten Impfstoffer gëllen, nämlech:

  • Covishield (Serum Institute of India Pvt. Ltd (SII))
  • R-Covi (R-Pharm)
  • Covid-19 vaccine (recombinant) (FIOCRUZ)

Communiqué vum Aussen- an Europaministère

Aktualiséiert