Communiqué a Relatioun mat den neie sanitäre Mesurë fir Deplacementer aus dem Südlechen Afrika mat Destinatioun Lëtzebuerg

Wéinst der Evolutioun vum Coronavirus SARS-CoV-2 um internationalen Niveau, a besonnesch am Südlechen Afrika, an der Zirkulatioun vu mutéierte Stämm vum Virus SARS-CoV-2, bei deenen d'Ustiechungsgefor méi héich soll sinn an déi dowéinst d'Populatioun engem méi héijen Infektiounsrisiko aussetzen, informéieren den Aussen- an Europaministère an de Gesondheetsministère iwwert déi nei zousätzlech sanitär Mesuren, déi vum 27. November 2021 bis de 14. Januar 2022 inclus gëllen, an dat fir all Deplacementer aus Botswana, Eswatini, Lesotho, Mosambik, Namibia, Südafrika oder Simbabwe mat Destinatioun Lëtzebuerg.

All Persoun, déi an de 14 Deeg virun hirer Arrivée zu Lëtzebuerg am Botswana, Eswatini, Lesotho, Mosambik, Namibia, Südafrika oder Simbabwe war, muss bei hirer Arrivée am Grand-Duché schnellstméiglech een Test op SARS-CoV-2 RNA duerch Nukleinseier-Amplifikatioun (NAT) (PCR, TMA oder LAMP Methoden[1]) maache loossen, an dem Labo, deen den Test duerchféiert, matdeelen, dass ee sech an engem oder méi vun dëse Länner opgehalen huet. Dës Test-Obligatioun gëllt fir all Persoun, déi sech 14 Deeg virun hirer Arees op Lëtzebuerg, an engem vun dëse Länner opgehalen huet, an dëst onofhängeg vum Transportmëttel a vun der Dauer vum Openthalt am an dëse Länner oder zu Lëtzebuerg.

Déi betraffe Persoune mussen direkt no hirer Arrivée am Grand-Duché fir eng Dauer vu 7 Deeg an eng strikt Quarantän, an ab dem 6. Dag vun der Quarantän een 2. Test op SARS-CoV-2 RNA duerch Nukleinseier-Amplifikatioun (PCR-, TMA- oder LAMP-Methoden) duerchféiere loossen. Bei Verweigerung vum Test no der Arrivée oder no der Quarantän vu 7 Deeg, gëtt déi obligatoresch Quarantän ëm 7 Deeg verlängert, op insgesamt also 14 Deeg.

Déi betraffe Persoune si verflicht sech bei der Inspection sanitaire ze mellen (per E-Mail: contact-covid@ms.etat.lu oder Telefon: 247-65533), déi fir de Monitoring an den Tracing zoustänneg ass.

Dovun ofwäichend gëllt dës nei Test- a Quarantäneflicht net fir Passagéier am Transit.

Dës zousätzlech sanitär Mesurë gëlle parallel zu de bestoende Restriktiounen an de Beräicher Gesondheet an Immigratioun. Detailer zu deene verschiddene Reegelen an deene verschiddenen Exceptiounen, souwéi déi genau Modalitéiten, déi am Virfeld ze respektéiere sinn, fannt Dir ënnert folgendem Link: https://covid19.public.lu/lb/reesen/letzebuerg-besichen.html.

[1] PCR: polymerase chain reaction; TMA: transcription-mediated amplification; LAMP: loop-mediated isothermal amplification

Communiqué vum Gesondheetsministère/ Aussen- an Europaministère

Aktualiséiert