Verlängerung vun de sanitäre Mesurë fir Deplacementer mam Fliger mat Destinatioun Lëtzebuerg

Den Aussen- an Europaministère an de Gesondheetsministère informéieren dass déi sanitär Mesuren, déi fir all Persoune gëllen, déi mam Fliger op Lëtzebuerg fléien, bis den 18. Dezember inclus verlängert goufen.

Parallel zu den Ännerungen um COVID-19-Gesetz, goufen déi sanitär Reegele fir Deplacementer mam Fliger mat Destinatioun Lëtzebuerg. ugepasst, esou dass dës just nach fir Persounen iwwert dem Alter vun 12 Joer an 2 Méint gëllen.

Den Detail vun de Reegelen an den Ausnamen, genau wéi déi exakt Modalitéite vun den Demarchen, déi virdru musse geholl ginn, fannt Dir ënnert folgendem Link:

https://covid19.public.lu/lb/reesen/letzebuerg-besichen.html

Communiqué vum Gesondheetsministère a vum Aussen- an Europaministère

Aktualiséiert