Communiqué vum Aussen- an Europaministère zu den temporäre Restriktiounen am Beräich vun der Awanderung

Den Aussen- an Europaministère informéiert, dass de Groussherzogtum der Recommandatioun vum Conseil vum 18. Juni 2021, déi d'Recommandatioun (UE) 2020/912 vum Conseil zu den temporäre Restriktioune fir net essentiell Reesen an d'Europäesch Unioun an eng méiglech Ophiewung vun dëse Restriktiounen, nokomm ass.

D'Lëscht vun den Drëttstaaten, deenen hir Staatsbierger net méi vun temporäre Restriktiounen op de Baussegrenze fir net essentiell Reesen an de Groussherzogtum betraff sinn, gëtt deemno aktualiséiert. Ab dem 28. Juni 2021, kommen Albanien, d'Vereenegt Staate vun Amerika, de Libanon, D'Republik Nordmazedonien, Serbien, esou wéi Taiwan, als territorial Entitéit an Autoritéit, déi vun op d'mannst engem EU-Memberstaat net als Staat unerkennt gëtt, mat op d'Lëscht. Parallel dozou, sinn net essentiell Reesen aus de Sonderverwaltungszonen Hongkong SAR a Macao SAR ouni déi obligatoresch Géigesäitegkeet op EU-Niveau erëm méiglech.

Bierger aus Drëttstaaten, déi hire Wunnsëtz an Albanien, an de Vereenegte Staate vun Amerika, am Libanon an der Republik Nordmazedonien, a Serbien, esou wéi an de Sonderverwaltungszonen Hong Kong SAR a Macao SAR, oder an Taiwan hunn, dierfen ab dem 28. Juni 2021 erëm op Lëtzebuerg reesen.

Déi betraffe Staatsbierger aus Drëttstaaten mussen an deem Fall hire Wunnsëtz noweise kënnen.

Déi aktualiséiert Lëscht vun den Drëttstaaten, deenen hir Staatsbierger an de Groussherzogtum areesen dierfen, ass folgendermoossen:

  • Staaten
    • Albanien
    • Australien
    • China (ënner Virbehalt vu Géigesäitegkeet op EU-Niveau)
    • Südkorea
    • Amerika
    • Israel
    • Japan
    • Libanon
    • Neuseeland
    • Republik Nordmazedonien
    • Ruanda
    • Serbien
    • Singapur
    • Thailand
  • Sonderverwaltungszone vun der Volleksrepublik China
    • Hongkong SAR
    • Macao SAR
  • Territorial Entitéiten an Autoritéiten, déi vun op d'mannst engem EU-Memberstaat net als Staat unerkennt ginn
    • Taiwan

Et sief unzemierken, dass dës Lëscht just d'Areese vu Bierger aus Drëttstaaten an de Groussherzogtum betreffen, an net d'Deplacementer vu Lëtzebuerger Residenten an déi betraffe Staaten, Zonen oder Entitéiten.

Als Rappell: Jiddwereen dee 6 Joer oder méi al ass a mam Fliger Destinatioun Lëtzebuerg fléie wëll, muss, onofhängeg vu senger Nationalitéit, virum Boarding Folgendes virweisen:

  1. Entweder een Impf-Certificat, deen ee kompletten Impf-Schema [1] mat engem Impfstoff mat enger Maartzouloossung vun der Europäescher Medikamentenagence attestéiert, also den Impfstoff vun den Entreprisen AstraZeneca, BioNTech/Pfizer, Johnson&Johnson a Moderna, an dee vun enger ëffentlecher oder medezinescher Autoritéit vun engem Memberstaat vun der EU oder dem Schengeraum ausgestallt gouf
  2. oder ee Geheelt-Certificat, dee vun engem Dokter oder enger ëffentlecher Autoritéit vun engem Memberstaat vun der EU oder dem Schengeraum ausgestallt gouf, fir Persounen déi rezent a bannent 6 Méint virum Deplacement eng Infektioun mam SARS-CoV-2 haten an déi déi entspriechend Isolatiounsperiod an deene respektive Länner symptomfräi ofgeschloss hunn
  3. oder een negatiivt Testresultat (op Pabeier oder elektronesch) vun engem Test op SARS-CoV-2 RNA duerch Nukleinseier-Amplifikatioun (NAAT) (PCR, TMA oder LAMP Methoden[2]), dee maximal 72 Stonne virum Fluch realiséiert gouf, oder vun engem Antigène Schnelltest op SARS-CoV-2oV-2[3], dee maximal 48 Stonne virum Fluch realiséiert gouf, an dat vun engem Laboratoire fir medezinesch Analysen oder all aner dofir zougeloossener Entitéit. Dat negatiivt Testresultat muss, wann néideg zesumme mat enger Iwwersetzung, an enger vun den administrative Sprooche vu Lëtzebuerg, oder op Englesch, Spuenesch, Italieenesch oder Portugisesch virleien.

Doriwwer eraus, gëlle bis den 30. Juni 2021 mat abegraff, fir all Deplacement aus dem Vereenegte Kinnekräich, a bis de 15. Juli mat abegraff, fir all Deplacement aus Indien, zousätzlech sanitär Mesuren.

D'Lëscht mat deene verschiddenen Exceptiounen an de genaue Modalitéiten, déi am Virfeld ze respektéiere sinn, fannt Dir op folgendem Link:

https://covid19.public.lu/lb/reesen/letzebuerg-besichen.html

 

[1] Ënnert engem kompletten Impf-Schema versteet een all Schema, wat d'Zuel an den Intervall vun den néidegen Injektiounen definéiert, fir een ausräichende Schutz opzebauen, an dat komplett ass ab der Administratioun vun all den néidegen Dosissen, fir Impfstoffer mat méi wéi enger Dosis, oder, fir Impfstoffer mat enger eenzeger Dosis, no enger Karenzzäit vu 14 Deeg. Fir geheelte Persounen, déi bannent 180 Deeg no hirem positive Resultat vun engem NAAT-Test geimpft goufen, ass den Impf-Schema 14 Deeg no der Administratioun vun der éischter Dosis komplett, an dat onofhängeg vum Impfstoff.

[2] PCR: polymerase chain reaction; TMA: transcription-mediated amplification; LAMP: loop-mediated isothermal amplification

[3] Entspriechend de Krittäre vun der WHO: Antigen-detection in the diagnosis of SARS-CoV-2 infection using rapid immunoassays, Interim Guidance, 11 September 2020, an opgezielt an der Lëscht vun den Antigène-Schnelltester, op Basis vun der Recommandatioun 2021/C24/01 vum 22. Januar 2021.

Communiqué vum Aussen- an Europaministère

Aktualiséiert