Verlängerung vun de sanitäre Mesurë fir Deplacementer mat Destinatioun Lëtzebuerg

Wéinst der Evolutioun vum Coronavirus SARS-CoV-2 um internationalen Niveau, informéieren den Aussen- an Europaministère an de Gesondheetsministère dass déi aktuell sanitär Mesurë bis den 30. Juni 2021 inclus verlängert ginn, an dëst fir all Deplacementer mam Fliger mat Destinatioun Lëtzebuerg, a fir all Deplacement aus Indie mat Destinatioun Lëtzebuerg.

Bis den 30. Juni 2021 inclus, muss deemno jiddwereen dee 6 Joer oder méi al ass a mam Fliger Destinatioun Lëtzebuerg fléie wëll, onofhängeg vu senger Nationalitéit, virum Boarding een negatiivt Resultat (op Pabeier oder elektronesch) vun engem Test op SARS-CoV-2 duerch Amplifikatioun vum viralen RNA (PCR, TMA oder LAMP Methoden) [1] oder engem Antigen-Schnelltest [2] virleeën, dee maximal 72 Stonne virum Fluch vun engem Laboratoire fir medezinesch Analysen oder all aner zougeloossen Entitéit ausgestallt ginn ass. Dat negatiivt Testresultat muss, wann néideg zesumme mat enger Iwwersetzung, an enger vun den administrative Sprooche vu Lëtzebuerg, oder op Englesch, Spuenesch, Italieenesch oder Portugisesch virleien.

D'Obligatioune vun den Tester déi fir jiddwereen zoutreffen, dee mam Fliger op Lëtzebuerg areese wëll, kommen zu den temporäre Restriktiounen dobäi, déi scho fir net essentiell Reesen an d'Europäesch Unioun gëllen.

Bis den 30. Juni 2021 inclus, muss ausserdeem jiddwereen, dee sech bannent 14 Deeg viru senger Arrivée zu Lëtzebuerg an Indien opgehalen huet, ee COVID-19-Test (PCR-, TMA- oder LAMP-Methoden) duerchféiere loossen, soubal en hei am Land ukënnt. Wichteg ass, dass een beim Test de Laboratoire fir medezinesch Analysen iwwert säin Openthalt an Indien informéiert. Dës Test-Obligatioun gëllt fir all Persoun, déi sech 14 Deeg virun hirer Arees op Lëtzebuerg, an Indien opgehalen huet, an dëst onofhängeg vum Transportmëttel a vun der Dauer vum Openthalt an Indien oder zu Lëtzebuerg. All Persoun déi iwwert de Loftwee an de Grand-Duché areest, huet d'Méiglechkeet dësen Test gratis am COVID-19-Testzenter um Flughafen ze realiséieren.

Déi betraffe Persoune mussen direkt no hirer Arrivée am Grand-Duché fir eng Dauer vu 7 Deeg an eng strikt Quarantän, an ab dem 6. Dag vun der Quarantän een 2. COVID-19 Test duerchféiere loossen. Bei Verweigerung vum Test no der Arrivée oder no der Quarantän vu 7 Deeg, gëtt déi obligatoresch Quarantän ëm 7 Deeg verlängert, op also insgesamt 14 Deeg.

Déi betraffe Persoune si verflicht sech bei der Inspection sanitaire ze mellen (per E-Mail: contact-covid@ms.etat.lu oder Telefon: 247-65533), déi fir de Monitoring an den Tracing zoustänneg ass.

D'Detailer zu de Restriktiounen an den verschiddenen Ausnamen, fannt Dir op folgender Internetsäit: https://covid19.public.lu/lb/reesen/letzebuerg-besichen.html.

 

[1] PCR: polymerase chain reaction, TMA: transcription-mediated amplification, LAMP: loop-mediated isothermal amplification.

[2]  Entspriechend de Krittäre vun der Weltgesondheetsorganisatioun: Antigen-detection in the diagnosis of SARS-CoV-2 infection using rapid immunoassays, Interim Guidance, 11 September 2020)

 

Communiqué vum Gesondheetsministère a vum Aussen- an Europaministère

Aktualiséiert