Informatioun vum Aussen- an Europaministère iwwert Reesen an d'Schwäiz

D'Schwäiz bereet sech op d'Opnam vu Lëtzebuerg op d'Lëscht vun de Länner mat héijem COVID-19-Infektiounsrisiko vir. Déi Opnam kéint schonn den 22. Juli 2020 erfollegen. 

Déi aktuell schwäizeresch Quarantänebestëmmunge gesinn eng Obligatioun vir, fir sech direkt a säi Logement oder soss eng adaptéiert Wunnstruktur ze dirigéieren an do wärend 10 Deeg no der Entrée an d'Schwäiz ze verbleiwen. Ausserdeem muss ee sech bei der zoustänneger kantonaler Autoritéit bannent 2 Deeg umellen.  

Den Transit bleift weider erlaabt, ouni Quarantäneflicht. 

Ausname vun dëser Quarantäneflicht gëlle notamment fir Persounen, déi all Dag fir maximal 5 Deeg aus beruffleche Grënn (mat enger Attestatioun vum Employeur) oder aus medizinesch zwéngende Grënn, ouni Méiglechkeet fir de Rendezvous ze verleeën, an d'Schwäiz areese mussen.  

E medizineschen Attest oder en negative COVID-Test si fir déi schwäizeresch Autoritéite kee Grond, fir ee vun der Quarantäneflicht ze befreien. 

Begrënnten Ausname kënne vun de kantonalen Autoritéiten bewëllegt ginn. Dofir gëtt ugeroden, sech bei deene lokale kantonalen Autoritéiten ze renseignéieren. 

Adaptatioune vun de Modalitéite fir d'Applikatioun vun de Quarantänebetsëmmunge bleiwe weiderhi méiglech. Reesender aus Lëtzebuerg gëtt ugeroden, sech op deenen offizielle Schwäizer Internetsäiten z'informéieren: 

  • Bundesamt fir Gesondheet (BAG) 
  • Staatssekretariat fir Migratioun (SEM) 
  • Infoline vun de Schwäizer Autoritéite fir Persounen déi an d'Schwäiz reesen: (+41) 58. 464 44 88 (all Dag vu 6 bis 23 Uhr)

Communiqué vum Aussen- an Europaministère

Aktualiséiert