Informatioun vum Aussen- an Europaminister zu den däitsche Grenzen

  • Déi däitsch Bundesregierung huet Lëtzebuerg de 14. Juli als Risikogebitt agestuuft.
  • Et si vun Däitschland weder Grenzschléissungen nach Grenzkontrollen agefouert ginn. An kee Bundesland verbitt et Leit déi aus Lëtzebuerg kommen anzereesen.
  • An der Praxis sin och d'Quarantänemoosnamen déi d'Bundesländer fir déi Länner virgesinn, déi als Risikogebitt agestuuft sinn (esou ewéi Lëtzebuerg), keen absolut Hindernis fir kënnen an Daitschland ze reesen.
  • Grouss Kategorië vu Leit si ganz vun enger Quarantäneflicht entbonnen. An all Bundesland ass dat liicht anescht, mee et ass emol ervirzehiewen, datt déi däitsch Frontalieren aus Rheinland-Pfalz an dem Saarland net dovu betraff sinn. Och fir vill aner Trajeten, déi als "essentiell" ("triftig") ugesi ginn, ginn et jee no Bundesland offiziell Ausnamen, a Rheinland-Pfalz z. B. sinn dat besonnesch fir Studenten, Leit déi wëlle Familljenmembere besiche goen, oder bei medezinescher Noutwendegkeet.
  • An all Bundesland ass och d'Durchrees ëmmer erlaabt.
  • Ganz wichteg ass ervirzehiewen, datt och all déi Leit, déi nët an eng vun deenen Ausnamekategorië falen, trotzdem dierfen eng Rees an Däitschland machen, ouni Obligatioun an eng Quarantän ze goen, wann se e Certificat vun engem Dokter ("ärztliches Zeugnis") virweise kann, dat sech op en negativen molekularbiologesche Corona-Test baséiert, deen net méi al wéi 48h (virun der Arees an Däitschland) däerf sin. De Certificat an däitscher oder englescher Sprooch muss fir 14 Deeg gehale ginn.
  • Fir Residenten aus Däitschland, déi op Lëtzebuerg kommen, ass et méi schwéierfälleg. Mee och do ginn et Ënnerscheeder tëschent de Bundesländer. Esou kënnen Däitscher aus Rheinland-Pfalz 72h zu Lëtzebuerg bleiwen, ouni mussen a Quarantän ze goen, wann se nees zeréck heem fueren. Am Saarland leeft eng Diskussioun fir déi Limitt op de selwechten Niveau ze hiewen. Fir Leit aus Baden-Württemberg, Bayern, Hamburg a Schleswig-Holstein ass déi Limit bei 48h Openthalt.
  • Generell kënne mir net ausschléissen, datt déi Bestëmmunge vun de verschiddene Bundesländer änneren. Virun engem Depart an Däitschland soll ee sech op den offizielle Websiten vun de jeeweilegen Bundesländer informéieren. 

 

Jean Asselborn

16.07.2020

 

Communiqué vum Aussen- an Europaministère

Aktualiséiert