Coronavirus: reduzéierte Service bei der Immigratiounsdirektioun vum 16. Mäerz 2020 un

Wéint der aktueller Situatioun gesäit d'Immigratiounsdirektioun sech verflicht, den Empfang vun der Ëffentlechkeet vum 16. Mäerz 2020 un ze reduzéieren.

Sou wäerte verschidde Servicer vun der Immigratiounsdirektioun d'Ëffentlechkeet net méi kënnen empfänken.

Bis op Weideres sinn zou:

  • De Guichet "Informations" vum "Service réfugiés", dee sech ëm d'Verlängerung vun de Bescheinegunge fir d'Areeche vun enger Demande op international Protectioun ("Rosa Fiche") këmmert.
  • De Guichet "Informations" vum "Service étrangers", deen iwwer d'Prozeduren an Demarchen informéiert, déi fir d'Arees a den Openthalt vu Flüchtlinge gëllen. De "Service étrangers" kann iwwer Telefon kontaktéiert ginn (Tel.: 247-84040 vu Méindes bis Freides tëscht 9 an 12 Auer an tëscht 14 a 16 Auer) an och iwwer E-Mail (immigration.public@mae.etat.lu).

De Guichet "Enrôlement" vum "Service étrangers", dee Bierger aus Drëttstaate convoquéiert fir hir biometresch Donnéeën ze sammelen, fir esou hir Openthaltsgenehmegungen unzefäerdegen an auszestellen, bleift fir d'Ëffentlechkeet op (vu Méindes bis Freides tëscht 8h30 an 12 Auer an tëscht 13 a 16 Auer). D'Ëffentlechkeet gëtt awer gefrot, just fir urgent Demanden op d'Immigratiounsdirektioun ze kommen.

Des Weidere kënnen um Accueil vun der Immigratiounsdirektioun keng Dokumenter méi entgéint geholl ginn. D'Ëffentlechkeet gëtt gefrot fir hir Dokumenter just nach per Post eranzeschécken.

Communiqué vum Aussen- an Europaministère

Aktualiséiert