Reeswarnung: Communiqué vum Aussen- an Europaministère

Den Aussen- an Europaministère réit vun all net-essentiell Rees an d'Ausland of.

Lëtzebuergesch Staatsbierger déi sech am Moment am Ausland befannen an déi op Lëtzebuerg zeréckkomme wëlle, solle sech un hir Reesagence, hiren Tour-Operator oder hir Fluchgesellschaft wenden.

Am Kontext vun der Ausbreedung vum Coronavirus COVID-19 widderhëlt den Aussen- an Europaministère säin Appell fir den Dossier vun der Regierung ze consultéieren.

 

Communiqué vum Aussen- an Europaministère

Aktualiséiert