Visitt vum President vum NATO-Militärkommitee am Centre militaire

Den 28. Januar 2020 huet de President vum NATO-Militärkommitee a Generol vun der Loftwaff, de Sir Stuart Peach, de Centre militaire zu Dikrech am Kader vun enger Aarbechtsvisitt besicht.

  1. ©EMA

    Begréissung vum President vum NATO-Militärkommitee, Sir Stuart Peach, duerch den delegéierte Minister fir Verdeedegung Henri Kox an den État-major vun der Lëtzebuerger Arméi, de Generol Alain Duschène
  2. ©EMA

    Gruppefoto

 

No der Begréissung duerch den delegéierte Minister fir Verdeedegung Henri Kox an den État-major vun der Lëtzebuerger Arméi, de Generol Alain Duschène, hat de President vum NATO-Militärkommitee eng Entrevue mat enger Lëtzebuerger Delegatioun. D'Themen déi diskutéiert goufen, waren d'strategesch Entwécklunge vum Bündnis, inklusiv d'Attitüd vun der Ofschreckung a Verdeedegung, wéi och d'Operatiounen, d'Missiounen an d'Aktivitéite vun der NATO.

No der Aféierung an d'Lëtzebuerger Arméi huet de Generol vun der Loftwaff, de Sir Stuart Peach, de Nationalmusée vun der Militärgeschicht zu Dikrech, besicht.

Communiqué vum État major vun der Arméi

Aktualiséiert