Paulette Lenert besicht d'United Nations Technology Innovations Lab a Finnland

Den 18. Dezember 2019, ass d'Paulette Lenert, Ministesch fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheeten, a Finnland gereest fir den United Nations Technology Innovations Lab (UNTIL) zu Espoo. 

©MAEE
Gruppefoto

 

Virun e bësse méi wéi engem Joer zu Helsinki lancéiert, huet den UNTILab als Zil den Asaz vun innovative Produiten an Déngschtleeschtungen ze fërderen an ze beschleunege fir op déi dréngend Bedürfnisser vun de Membere vun de Vereenten Natiounen a Bezuch zur Sécherheet, Mënscherechter a nohalteger Entwécklung anzegoen. Dës technologesch Léisunge baséieren op der Entwécklung vu Partenariater tëschent de Vereenten Natiounen, sou wéi den Acteuren aus dem ëffentlechen a Privatsecteur. Et existéieren haut schonns eng Rei vun UNTILabs, ënnert anerem an Ägypten, an Indien, a Malaysia an a Finnland. All UNTILab huet zum Zil, sech op bestëmmten Entwécklungs-Sujeten ze konzentréieren, déi de Bedierfnisser, Prioritéiten a Stäerke vun hirer respektiver geographescher Lag entspriechen. D'Zil vun der Visitt war et, d'Abezéiung vum lokalen Ökosystem an der Fërderung vun der Innovatioun fir d'sozioekonomesch Entwécklung besser ze verstoen a Weeër fir eng änlech Zesummenaarbecht mat an zu Lëtzebuerg ze erfuerschen.

D'Paulette Lenert huet ausserdeem d'Elina Kalkkum, Staatssekretärin fir Entwécklungspolitik, dem Noen Osten an Afrika vum finneschen Ausseministère getraff. Am Austausch goung et ëm d'Prioritéite vu Finnland am Beräich vun der Entwécklungszesummenaarbecht, besonnesch an den Diskussiounen iwwert den neie pluriannuelle finanzielle Kader vun der europäescher Unioun an der Integratioun vun innovativen Technologien, an ëm ëffentlech-private Partenariater an der finnescher Kooperatiounspolitik.

 

Communiqué vum Aussen- an Europaministère a vun der Direktioun vun der Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheeten

Aktualiséiert