Ënnerzeechnung vun engem delegéierte Kooperatiounsaccord tëschent Holland a Lëtzebuerg

No der Ënnerzeechnung vun enger Absichtserklärung tëschent der hollännescher a lëtzebuerger Regierung de 6. Februar 2019 zu Den Haag, hunn d'Paulette Lenert, Ministesch fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheeten an d'Birgitta Tazelaar, stellvertriedend Generaldirectrice fir d'international Entwécklungszesummenaarbecht vun Holland, en Kooperatiounsaccord ënnerschriwwen. Déi konkret Ëmsetzung vum delegéierte Accord soll un éischter Plaz d'Hëllef méi effikass maachen.

  1. ©MAEE

    Ënnerzeechnung vun engem delegéierte Kooperatiounsaccord tëschent Holland a Lëtzebuerg
  2. ©MAEE

    Paulette Lenert, Ministesch fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheeten an Birgitta Tazelaar, stellvertriedend Directrice fir Entwécklungszesummenaarbecht vun Holland

 

Duerch dësen Accord stellt Holland 15 Milliounen Euro fir de Waasser- an Ofwaassersystem am Niger bis 2022 zur Verfügung an delegéieren d'Verwaltung vun dëse Fongen un d'Lëtzebuerger Entwécklungszesummenaarbecht. Säit 2016 ass d'Lëtzebuerger Entwécklungszesummenaarbecht an enger Führungsroll an dësem Secteur an als solches übt si d'Koordinatioun tëschent den techneschen an finanziellen Partneren an den nigerianeschen Autoritéiten aus, an dësem Fall durch e gemeinsamen Finanzéierungsmechanismus. Dësen Accord ënnersträicht de gudde Wëlle vu béide Länner hir Efforten zesummen ze bréngen an esou d'Wierkung vun hire respektiven Operatiounen ze stäerken. De Secteur ass wichteg fir d'Gesondheet, d'Entwécklung an d'Sécherheet am Niger. Déi finanziell Ënnerstëtzung vun Holland ergänzt déi dänesch a lëtzebuergesch Bäiträg, déi bei 26 respektiv 34 Milliounen Euro leien.

Als Erënnerung, 50% vun der nigerianescher Populatioun, dat sinn ongeféier 10,5 Millioune Leit, hu keen Accès zum Drénkwaasser a just knapp 11% sinn un d'Kanalisatioun ugeschloss oder hunn Zougang zu sanitären Anlagen. Des weideren, weisen dës Prozentsätz grouss Ënnerscheeder tëscht de städteschen an de ländleche Géigenden op. Mat Hëllef vun dësem delegéierten Kooperatiounsaccord, soll op direktem Wee zu der Ëmsetzung vum Objektiv vun der nohalteger Entwécklung n°6 bäigedroe ginn - am Niger huet "jidderee Recht op Accès op Waasser, op Uschloss un d'Kanalisatioun a Sanitär an d'Waasserressourcë mussen nohalteg verwalt ginn". ​

 

Communiqué vum Aussen- an Europaministère a vun der Direktioun vun der Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheeten

Aktualiséiert