Zousätzlech Informatiounen zur Stellungnam vum Minister vun der Immigratioun a vum Asyl, Jean Asselborn, vum 18. November 2017 iwwert ee Retour a Georgien

No dem Pressecommuniqué vum 18. November iwwert den Retour vun engem mannerjäregen Jong an Georgien, deelt den Minister vun der Immigratioun an vum Asyl, Jean Asselborn, zousätzlech Informatiounen mat, dëst als Reaktioun ob verschidden Aussoen, déi de Moment an der Ëffentlechkeet gemaach ginn.

Als éischt mol ass et wichteg ze betounen, dat d’Decisioun fir scolariséiert Kanner heemzeschécken ëmmer ganz schwiereg sinn, an net liichtfankeg geholl ginn. D’Dossiere gi ganz am Detail gekuckt éiert sou eng Decisioun geholl gëtt. Grad well Retoure fir Kanner, déi scho laang zu Lëtzebuerg sinn, ganz schwiereg sinn, hat d’Regierung 2015 eng Ännerung vum Immigratiounsgesetz initiéiert déi de Famillje mat Kanner, déi schonns 4 Joer zu Lëtzebuerg an d’Schoul gaange sinn, d’Méiglechkeet gëtt hir Situatioun hei ze regulariséieren, ënnert bestëmmten Konditiounen.

An dësem konkrete Fall war d’Mamm mam Jong 6 Joer zu Lëtzebuerg, wat eng laang Zäit ass fir Kanner an deem Alter. Vun dohier ass och ganz verständlech, dat sech de Moment vill Léit fir dat Kand asetzen. Mee, fir ze verstoen, wéi et dozou komme konnt, dat d’Mamm mat hirem Jong no 6 Joer rapatriéiert goufen, muss een sech dee ganzen Dossier virun Aen halen. Verschidden Informatiounen a Behaaptungen, déi een dorëmmer liest, refletéiere net déi ganz Wourecht.

D’Mamm ass 2011 mam Kand op Lëtzebuerg komm an huet eng Demande ob Asyl gestallt. Dës Demande gouf 2013 vum Ministère refuséiert, an dat gouf 2014 vun de Geriichter confirméiert. No dësem definitiven Refus krut d’Famill un d’Häerz geluecht fir fräiwëlleg a Georgien ze goen. Si wär an deem Fall och finanziell vum Lëtzebuerger Staat ënnerstëtzt ginn. Dat ass awer net geschitt.

Well zu där Zäit d‘Ännerung vum Immigratiounsgesetz um Instanzewee war fir Famillje mat Kanner, déi ob mannst 4 Joer hei an d’Schoul gaange sinn, d’Méiglechkeet ze ginn hir Situatioun ze regulariséieren, a well dës Famill drop an drun war d‘Conditioun vun de 4 Joer Scolaritéit ze erfëllen, kruten si d’Chance am Land ze bleiwe fir sou eng Demande ze stellen nodeems d’Gesetz Ufank 2016 a Kraaft getratt ass.

Allerdéngs huet d’Famill ni sou eng Demande gestallt, obwuel de Ministère  d’Famill gläich e puer mol invitéiert huet fir mat hir ze schwätzen an sie encouragéiert goufen sou eng Demande ze maachen. Well keng Demande koum, huet den Ministère missen d’Virbereedunge fir ee Retour a Georgien lancéieren. Dobäi ass dunn erauskomm, dat d’Mamm eng falsch Identitéit uginn hat fir sech an hire Jong. Lues an lues ass dunn och kloer ginn, datt sämtlech Informatiounen, déi d’Mamm uginn hat, net stëmmen (Informatiounen iwwert d‘Gebuertsland vum Jong an iwwert de Papp, Informatiounen iwwert déi Zäit éiert si ob Lëtzebuerg komm sinn, an d’Ëmstänn ënnert deenen si ob Lëtzebuerg komm sinn an de Wee heihin).

Dobaussen gëtt elo gesot, dat sech den Gebrauch vu falschen Informatiounen domatten erklären oder souguer justifiéiere géing loossen mat der Angscht vun der Famill virun engem Retour a Georgien, well do eng Gefor fir si bestanen hätt. Dës Behaaptung gouf während der Asylprozedur am Detail analyséiert  an si huet sech als net fondéiert erausgestallt, wat d’Geriichter och confirméiert hunn.

Et gëtt elo och gefuerdert, dat den Dossier misst néi gekuckt ginn, virun allem well den Jong eventuell d’Konditiounen géing erfëllen fir déi däitsch Nationalitéit ze kréien, opgrond dovun dat säin Papp legal an Däitschland wunnt. Mee dës Fuerderung baséiert ob Informatiounen, déi déi Concernéiert den Lëtzebuerger Autoritéiten am Virfeld vum Rapatriement net matgedeelt haten, dorënner déi richteg Identitéit vum Papp an säin Openthalt an Däitschland. Et stëmmt zwar dat sech den Dag virun Rapatriement een Mann presentéiert huet, deen gesot huet, hien wär den Papp vum Kand, mee ouni awer dat hien dat beweisen konnt. D’Identitéit vum Mann an seng Nationalitéit hunn och net iwwereneegestëmmt mat den Donnéeën, déi d’Lëtzebuerger Autoritéiten krut haten während der Prozedur. Ob d’Kand dann elo d’Konditiounen fir déi däitsch Nationalitéit erfëllt, kënnen och just déi däitschen Autoritéiten iwwerpréiwen.

Ganz essentiell Informatiounen goufen also zréckgehalen während der ganzer Prozedur, an och elo nach bestinn Ongereimtheeten tëscht den Informatiounen, déi an der Ëffentlechkeet zirkuléieren, an deenen, déi d’Lëtzebuerger Autoritéiten hunn. Ënnert dësen Ëmstänn war eng Regularisatioun an dësem spezifeschen Fall net méiglech, genausou wéineg wéi ee Retour vun der Mamm eleng.

Dësen Dossier ass also vill méi komplizéiert, wéi en no baussen duergestallt gëtt. Et gouf villes gemaach fir der Famill d’Chance ze ginn heizebleiwen. Mee dat setzt awer viraus, dat verschidde Reegele respektéiert ginn. Am Immigratiounsgesetz steet ausdrécklech, dat eng Regularisatioun net méi a Fro ka kommen, wann d’Léit falsch Informatiounen iwwert hir Identitéit gebraucht hunn, well et net geet, dat een duerch falsch Informatiounen säin Openthalt am Land an d’Längt zitt fir duerno ze froen opgrond vun der Längt vum Openthalt bléiwen ze däerfen.

Et ass sécherlech mënschlech absolut novollzéibar, wann Eltere probéieren ob Lëtzebuerg ze komme fir hire Kanner e bessert Liewen ze erméiglechen. Mee et mussen awer gewësse Reegelen agehale ginn. An d’Elteren hunn hir Verantwortung dobäi ze droen. Wann et bis zu engem forcéierten Retour kënnt, da sinn et ëmmer d’Kanner, déi am meeschten ze leiden hunn. Dat weist dëse Fall leider ob eng besonnesch traureg Manéier.

Communiqué par le ministère des Affaires étrangères et européennes / Direction de l'immigration

Aktualiséiert