"D’europäesch Joer fir den Développement wäert sech als rouden Fuedem duerch d’ganz Présidence zéien."
"Gutt Gouvernance, Fridden an Sécherheet, den Respekt vun Mënscherechter, efficace géint all Typen vun Korruptioun virgoen, Désarmement an Reintegratioun vun Kämpfer an Kannerzaldoten no engem Biergerkrich, Rechter vun Fraen an Kanner, - dëst senn all Faktoren an nach vill anerer, déi zum Succès vum Développement vun engem Land bäidroen. Dofir ass fir mech och kloer, dass d’Kooperatioun eng Politik fir sech ass, mä awer och een vun villen Instrumenter vun der Aussepolitik. D ‘Evenementer am Burkina Faso séit dem 30. Oktober hunn eis dat erëm virun Aen geféiert."