"Ech mengen datt de Geescht vu Minsk e kloere Message ginn huet, an dee muss Russland virun allem (...)anhalen"

Interview: RTL Radio Lëtzebuerg (Lynn Gaspar)

RTL Radio: Gudde Moien Här Asselborn.

Jean Asselborn: Gudde Moie Madame Gaspar.

RTL Radio: E Samschdeg huet et nach gutt ausgesinn, wéi d’Wafferou zu Minsk décidéiert ginn ass. Haut si mir eréischt Donneschdeg, a 5 Deeg duerno schéngt deen Accord schonn nees a Vergiessenheet geroden ze sinn. Wat sot Dir dozou, Här Asselborn?

Jean Asselborn: Jo, also ech mengen d’Objektiver vun deem Accord vu Minsk déi si kloer. Cessez-le-feu immédiat, global. Dat zweet dat ass Ofzuch vun de schwéiere Waffen. An dat drëtt dat ass méi à moyen terme fir eng Dezentralisatioun, an och Wahlen am Donbass fäerdegzebréngen.

Wann ech elo optimistesch sinn, awer ganz optimistesch, da soen ech, bon, déi zwee éischt Objektiver, déi sinn iwwerall erfëllt, ausser zu Debalzewe. A wann ech realistesch sinn, da soen ech, et ass eng ganz, ganz schlëmm Violatioun vum Accord vu Minsk, net nëmme vum Accord vu Minsk, mä och vun der Resolutioun vum Conseil de sécurité 2202.

Et muss een also besuergt sinn, mä ech mengen et soll een net fatalistesch sinn, an elo dee ganzen Accord a Fro stellen, global a Fro stellen. Mä de Geescht vu Minsk, dat wäert sech an deenen nächste Stonnen, an den nächsten Deeg weisen ob deen total violéiert gëtt.

RTL Radio: D’Separatisten déi gi jo vun de russeschen Truppen ënnerstëtzt, an d’Roll vu Russland ass och dës Kéier nees primordial. De russesche President Vladimir Putin hat zum Beispill gëschter bei enger Visite an Ungarn e ganz kloere Message. D’Ukrain huet verluer, an d’Land ka weider näischt méi erreechen ausser nach méi Doudeger. Wéi reagéiert Dir op esou eng Ausso?

Jean Asselborn: Jo, also ech mengen et muss een do wierklech roueg bleiwen. Russland dat ass den Haaptplayer. Ouni Russland, ouni politesch Ënnerstëtzung, ouni Waffen, ouni Ausbildung, ouni Renfortë géif et d’Separatisten net ginn, dat ass kloer.

An dat heescht ëmgedréint, Russland muss liwweren. Debalzewe, wann dat eng Klammer ass, Russland muss weisen am Drock op d’Separatisten selbstverständlech datt d’Wafferou a Kraaft trëtt, datt net weider expandéiert gëtt. Dofir gëtt et elo keng Ursaach, et gëtt och keng Excuse, a wann et sollt zu engem Duerchmarsch komme Richtung Mariupol, Richtung Krim, da si mir an engem Krich em d’Ukrain. An dat ass jo eppes wat ech mir net ka virstellen, datt Russland dat och wëllt hunn, selbstverständlech och net d’Europäesch Unioun.

Dat heescht, ech mengen datt de Geescht vu Minsk e kloere Message ginn huet, an dee muss Russland virun allem, ech soen et nach eng Kéier, muss Russland anhalen.

RTL Radio: Majo wat kënnen, mussen, wëllen d’EU, déi international Kommunautéit géint dee grousse Player, wéi Dir sot, Russland ënnerhuelen?

Den ukrainesche President Petro Poroschenko deen huet jo elo carrément en internationale Friddensasaz am Oste vun der Ukrain gefuerdert, mat enger Policemissioun vun der Europäescher Unioun, déi vun der UNO géing beoptraagt ginn. Kann een dat Ärer Meenung no envisagéieren?

Jean Asselborn: Madame Gaspar, ech menge mir hunn als Europäesch Unioun an dësem Konflikt eng ganz, ganz wichteg Roll ze spillen. Virun allem, a verstitt mech elo net schlecht, mä ech mengen eis Approche fir de Problem an der Ukrain, an och mat Russland, net mat zousätzleche schwéiere Waffen ze léisen, net mat militärescher Kraaft, mä ebe mat Nodrock, mat Drock, intelligent weisen datt Russland d’Europäesch Unioun brauch an alle Gebidder, net nëmmen déi ekonomesch, an datt mir och wëllen, datt Russland nees e Partner gëtt vun der Europäescher Unioun. An dozou gehéiere Sanktiounen, dat ass en diplomatescht Mëttel fir dat ze erreechen.

An ech géif och soen, datt een elo an dësem Moment, sech soll wierklech konzentréieren op déi OSZE-Missioun. Casques bleus, eng EU-Policemissioun, dat kann een alles diskutéieren, mä elo de Moment gëtt et eng Organisatioun, déi eigentlech misst à même sinn, wa jiddwereen dat wëllt, och Russland dat wëllt, dann ass et méiglech fir sur place ze kucken ob dee Cessez-le-feu agehale gëtt.

Alles anescht, Casques bleus oder EU-Policemissioun, dat féiert onweigerlech zu engem Conflit gelé, an ech mengen, dat ass net am Intérêt vun der Ukrain, dat ass net am Intérêt vun der Europäescher Unioun, an et kann och net am Intérêt si vu Russland. An dofir, kommt mir huelen dat Instrument wat mir elo hunn, d’OSZE, an et kuckt een domat dat ze iwwerwaache wat décidéiert ginn ass.

An dat si jo keng kleesper Leit gewiescht, déi do zesumme waren. Och de Putin, och de Poroschenko, d’Madame Merkel an den Här Hollande, ech mengen dat ass e kloert Zesummekomme gewiescht fir an der Ukrain nees Stabilitéit ze kréien, Rou ze kréien an dat Land, deem Land och ze hëllefen aus deem Lach erauszekommen.

RTL Radio: Bleift dat dann ze hoffen. Här Asselborn, ech soen Iech Merci datt Dir Iech de Moien Zäit geholl hutt.

Dernière mise à jour