Étienne Schneider au sujet de l’armée et au sujet de l’affaire "LuxLeaks"

"Dat wat mir gären hätten, dat ass eng gesond Konkurrenz wat d’Steierlandschaft ugeet"

En Interview vum Max Theis:

An een Dag no der Mäertesfeier, geet et de Moien em d’Zukunft vun der Arméi. Étienne Schneider, gudde Moien.

Étienne Schneider: E schéine gudde Moien.

Max Theis: Här Schneider, Romain Mancinelli heescht den zukënftege Chef d’état-major vun der Arméi. Säi Konzept huet Iech iwwerzeegt. Wat huet den neie Generol da Wëlles um Härebierg?

Étienne Schneider: Also, ech muss soen, datt dat Konzept wat den Här Mancinelli eragereecht huet, ganz interessant war. Ech wëll awer och soen, datt säi Konkurrent fir dee Posten och e ganz interessant Konzept eraginn hat.

Ee vun deene Punkten dee mech hei speziell ugeschwat huet, dat war eben dee fir ze kucke wéi mir den Härebierg erëm méi interessant maachen, wéi mir en erëm méi accessibel maachen, fir datt och jonk Leit déi do Schinn wielen.

Mir hu ganz vill jonk Leit, déi keng Aarbecht fannen, déi awer ganz oft guer net op d’Iddi komme fir op den Härebierg ze goen. Ech mengen datt een do flott Perspektiven huet, datt et e flotte Beruff ass, Zaldot ze sinn, datt et en éierbare Beruff ass, Zaldot ze sinn. A fir dat méi ze promovéieren, dat war ee vun deene Punkten, déi mech staark interesséiert hunn.

An dann och natierlech de Fait datt mir e Paradigmewiessel an der Défensepolitik wëlle maachen, nämlech déi Investitiounen, déi mir mussen an eisen Efforts de défense maachen, datt déi prioritär, datt mir probéieren, datt déi prioritär en Effet op d’lëtzebuerger Ekonomie hunn, an datt mir net méi an Zukunft einfach nëmme militärescht Material am Ausland kafen. Déi Suen déi si cash-out, déi sinn eraus aus dem Land. Wa mir awer hei d’Fluchpisten um Findel, wat en NATO-Fluchhafen ass, erneieren, wa mir Datenzentre baue fir d’NATO hei zu Lëtzebuerg, wa mir den Härebierg komplett sanéieren, da sinn dat alles Projeten, déi eis als Effort de défense ugerechent ginn, mä déi awer op där anerer Säit eng direkt Retombée op eis lëtzbuerger Ekonomie hunn.

Max Theis: Dir hutt elo den Effektiv ugeschwat. Dat heescht et gëtt wierklech en Nowuessproblem am Moment?

Étienne Schneider: Et ass esou datt d’Arméi scheinbar un Attraktivitéit verluer huet. Ech weess net wierklech u wat et läit, ob et doru läit, datt vill Leit vläicht Angscht hu se géingen den Drill net packen, oder datt se vläicht einfach net en Connaissance de cause sinn, datt se net wëssen, datt et do Méiglechkeete gëtt. An op där anerer Säit muss ech Iech soen, datt d’Arméi en immens flotte Betrib, en immens interessante Betrib ass. An ech ka just u jonk Leit appeléiere fir sech dat eng Kéier unzekucken.

Max Theis: D’Fro ass jo och wat kënnt no der Arméi? Do muss Dir och nei, vläicht nei Weeër goen, oder nei Méiglechkeete schafen?

Étienne Schneider: Jo, do si mir jo amgaangen. Mir maache jo eng Rekonversioun, mir sinn amgaangen iwwer de Militärlycée nozedenken, wou déi jonk Leit déi do sinn, dann och hire Lycée kënne fäerdeg maachen, hir Schoul kënne fäerdeg maache fir optimal preparéiert ze sinn. Mir sinn awer och amgaangen eng Rei nei Pisten ze siche wéi mir deene jonken Zaldoten no hirem Service kënnen Aarbechtsplaze garantéieren, respektiv hinnen zumindest eng ganz Rei Ouverture maache wou si kënnen herno schaffe goen. Dat ass an deene leschte Joeren e bëssen diluéiert ginn, an do hunn ech eng Rei Iddien wéi een dat erëm ka verbesseren, wéi een deene jonke Leit do och wierklech kann en Attrait schafe fir sech an der Arméi ze engagéieren.

Max Theis: Wat schwieft Iech dann do vir, ongeféier?

Étienne Schneider: Ma zum Beispill, datt een déi Huissieren, déi beim Staat schaffen, déi an den, virun allem déi Huissieren déi an de Ministère schaffen, datt dat an Zukunft kéinten Zaldote sinn, dat heescht, déi géingen da sélectionéiert ginn innerhalb vun der Arméi, dat wieren och weiderhin Zaldoten, mä si wieren détachéiert op déi verschidde Ministèren. Wéi gesot, dat ass elo eng Iddi déi limitéiert sech op d’Ministèren. Dat ass eppes wat mir elo analyséieren. Dat ass nach net sprochräif, mä et ass awer zumindest eng Pist déi eis géing erlaben hinnen eng reell Chance ze ginn och do Prioritéiten ze hunn.

Max Theis: Et gëtt reforméiert wat d’Friddensmissiounen ugeet, d’Disziplin an der Arméi, d’Organisation militaire. Dat sinn eng Partie Chantiere wou Dir do hutt. Wéi déifgräifend sinn dann déi Reformen?

Étienne Schneider: Do si mir nach amgaangen drun ze schaffen. Déi sinn zum Deel och an der Kommissioun. Wann ech iwwer d’Friddensmissiounen nodenken, do geet et eigentlech haaptsächlech drëm fir e bësse méi flexibel kënnen ze sinn. Mir hu ganz oft, also mir hunn net ganz oft, mä eis Prozedure fir Leit kënnen an eng Friddensmissioun ze schécken, ass relativ komplizéiert, virun allem wann déi Autorisatioun, déi mir dann iwwer d’Parlament kréien, ausgelaf ass, musse mir erëm eng Kéier alles vu vir ufänken. Fir dat alles e bëssen ze vereinfachen, wëlle mir do Reforme maachen.

An ech wëll och hei, op där hei Plaz soen, datt d’lëtzebuerger Arméi par rapport zu hirer Gréisst, weltwäit déi ass, déi déi meeschte Friddensmissiounen an der Welt mécht. Ech mengen et kann ee wierklech houfreg sinn op dat wat mir hei leeschten. Mir sinn e klenge Corps, mä mir sinn een deen op ganz ville Plazen an der Welt ënnerwee ass fir Friddensmissiounen ze assuréieren.

Och am Kader vum Ebola hu mir fir eng Millioun Euro elo e Fligertransporter zur Verfügung gestallt fir Patiente kënnen auszefléien. Dat hu mir gemaach iwwer Kreditter vun der Défense. Dat heescht Défensebudget ass och net nëmme Material kafen, net nëmmen Infrastrukture schafen, mä ass och ganz oft en humanitären Aspekt.

Max Theis: Dir hutt elo de Fliger, net de Fliger, mä e Fliger ugeschwat. Wat de Fliger ugeet, do ass Lëtzebuerg jo och engagéiert, 2019 soll et dann esou wäit sinn. Wéi stitt Dir dann iwwerhaapt zu deem Ierfstéck? Do si jo och eng ganz Partie Nofolgekäschten.

Étienne Schneider: Also ech muss Iech jo ganz kloer soen, datt wann ech dat deemools ze décidéiere gehat hätt, hätt ech keen esou en Invest gemaach, d’autant plus wou mir e jo net hei zu Lëtzebuerg kënne gebrauchen, an net kënnen hei stationéieren. Dee Fliger, dee gëtt jo herno an e Korps vun der belscher Arméi integréiert. An dee Fliger huet virun allem eng ganz Rei nach Nofolgekäschten, alleng fir déi Piloten auszebilden, do si mir amgaangen domat, mä och fir dee Fluchhafen, déi Fluchhafeninfrastrukture wou en hikënnt, fir déi ze ënnerhalen, fir de Fliger ze bedreiwen. Alles dat ass e relativ héije Pak, an huet - weder den Akaf vum Fliger, nach herno d’Maintenance, an d’Bedreiwe vum Fliger - huet och erëm eng Kéier, an ech muss dat leider soen als Wirtschaftsminister och, huet keng Retombéeën op d’lëtzebuerger Ekonomie. Mir wieren do aner Saachen agefall, déi dem lëtzebuerger Land direkt zegutt komm wieren.

Max Theis: D’lescht Woch gouf et Perquisitioune bei der Militärmusek, nodeems am Januar eng Plainte déposéiert gi war. Em wat geet et dann an dëser Affär?

Étienne Schneider: Ech mengen hei ass eng Rei administrativ Geschichten, déi hu sech iwwer d’Zäit agebiergert. Do geet et em d’Comptabiliséierung vun Iwwerstonnen. Do geet et drëm wéi hir Aarbechtsopdeelung war, wéivill Stonne se dann zesumme geprouft hunn, mëttes hate se zur fräier Dispositioun, mä awer fir doheem ze prouwen. Da kënnt awer eraus datt eng ganz Rei Leit, oder eng Rei Leit, ech weess net genee wéivill datt et der waren, déi Mëtteger da genotzt hu fir eigentlech nach en zweeten Aarbechtskontrakt vis-à-vis vun enger Gemeng ze hunn, respektiv der UGDA fir dann nach Coursen ze ginn, Musekscoursen ze ginn. All déi Saachen, dat ass eppes wat do gewuess ass, wat och jiddweree fir normal fonnt huet, wat ech leider geierft hunn dee Problem vu menge Virgänger. Mir sinn elo amgaangen dat do probéieren opzeklären, dat heescht, d’Justiz ass domat befaasst, dofir waren och déi Perquisitiounen. Ech wonnere mech just e bëssen datt déi esou spéit elo eréischt kommen.

Wat ech gären hätt, dat ass, datt mir dat do ofschléissen, datt mir erëm Rou an d’Militärmusek kréien, an datt mir do en neien Ufank kréien, well d’Militärmusek mécht eng exzellent Aarbecht. Ech wéilt net eng Arméi hunn ouni Militärmusek. An ech fannen et och net gutt datt déi, ech soen elo emol, dee klenge Skandal entre guillemets, deen do elo ëmmer erëm waarm gekacht gëtt, opgekacht gëtt, datt deen Leit sollt ofhale fir an der Militärmusek sech ze engagéieren. Well ech fanne wierklech gutt dat wat si maachen, si sinn immens engagéiert. Et muss een eben elo just kucken déi administrativ Dériven, déi deemools waren, fir déi erëm riichtzebéien, an datt dat dann an Zukunft anescht géréiert gëtt.

Max Theis: Dat heescht, et geet grosso modo em Verontreiung an deem Sënn?

Étienne Schneider: Gelift?

Max Theis: Et geet grosso modo em Verontreiung an deem Sënn?

Étienne Schneider: Jo, dat mussen d’Geriichter feststellen ob et Verontreiung ass. Ech soen, et sinn eng Rei Praktiken, déi wahrscheinlech net onbedéngt deem entsprieche wat Usus wier.

Max Theis: Lëtzebuerg kritt e Militärsatellit, domat kënnt een och de Verflichtungen um Niveau vun der NATO no. Awéifern ass d’Arméi dann iwwerhaapt an dee Projet involvéiert?

Étienne Schneider: Bein, do gëtt se involvéiert. Ech menge mir hunn do eng Rei Infrastrukturen, mir hunn do eng Rei Leit och, a mir wäerten dat do ausbauen. Och déi ganz Cyber-security ass en Domaine wou d’lëtzebuerger Arméi wëll vill méi aktiv nach dra ginn.

An ech mengen hei, wat mir hei maache mat deem NATO-Satellit, ass eemoleg an der Geschicht vun der lëtzebuerger Défense, nämlech en Investissement, wou mir zesumme mat der SES-Astra eng Gesellschaft organiséieren, net organiséiere mee schafe, fir esou e Militärsatellit an Orbit ze schécken, als Kommunikatiounssatellit. An do huele mir een Deel vun deene Frequenzen, een Deel vun de Kapazitéiten déi mir hunn, déi stelle mir der NATO direkt zur Verfügung als Effort de défense, an déi bezuele mir als lëtzebuerger Staat, mä de ganze Rescht, ronn 75% verkafe mir un aner befrënnte Natiounen, déi eben och Besoinen hu fir esou Kommunikatiounssatelliten. An doduerch maache mir Recetten an där Gesellschaft, déi dozou féieren, datt deen Invest, deen de Staat hei mécht, an dee sech komplett urechne léisst als Effort de défense, datt deen och nach Suen ofwäerft fir de Staat.

Dat heescht, et ass fir d’éischte Kéier wou mir Suen investéieren an der Défense, wou mir der herno nach méi verdénge wéi mir der investéiert hunn.

A wann Dir mech virdru gefrot hutt, hätt Dir e Fliger och kaaft, da soen ech Iech, ech hätt esou eppes wéi dat hei gemaach, do hätte mir och nach e Rendement an der Staatskeess gehat. An et ass batter néideg, an ech gesinn, datt meng Kollegen aus den NATO-Länner, datt déi ganz begeeschtert sinn, datt mir eis op deen do Wee engagéieren. An et si schonn eng Rei Länner, déi interesséiert si fir hei sech anzekafen.

Max Theis: Ee Wuert nach zu LuxLeaks, eng Affär déi d’Land d’lescht Woch gerëselt huet. Den Ausseminister seet, Schluss mat der Trickserei. Deelt Dir déi Meenung? Ëmmerhin huet d’LSAP dat Ganzt jo matgedroen an der viirechter Regierung.

Étienne Schneider: Ech mengen, ech hunn och gëschter mam Ausseminister iwwer déi do scheinbar Äusserung geschwat, an hien huet mir verséchert, datt hien dat esou net gesot huet.

Hien huet gesot, datt eppes muss ophéieren, nämlech datt d’Betriber sech ëmmer méi aus der Verantwortung zéie wat d’Bezuele vun de Staatsaktivitéiten ugeet.

An dat gesi mir am Trend, spéitstens zënter der Globaliséierung, ass den Trend ëmmer méi deen datt d’Betriber generell ëmmer manner Steiere bezuelen, an de Steieropwand vun de Privatleit ëmmer méi grouss muss ginn. Dat ass well mir alleguer ee géint deen aneren a Konkurrenz sinn. An datt mir do wëllen, datt dat do ophéiert, datt d’Betriber och à leur juste Valeur contribuéieren zu den Ausgabe vun engem Staat, mengen ech, ass evident. Dat ass och eppes wou mir um OECD-Niveau ganz aktiv diskutéieren.

Ech hu scho virun zwee Joer zu Paräis op engem OECD-Meeting genee dat do gesot, datt mir musse Weeër fanne wou mir Mindestbesteierungen, wou mir eng Schinn fanne fir d’OECD-Länner insgesamt, wéi ee sech, wéi all Land sech soll verhale mat der Besteierung, fir datt et net ka sinn, datt d’Betriber iwwerhaapt keng Steiere bezuelen.

Finalement muss een awer och soen, datt déi Betriber iergendwou iergendwann hir Steiere bezuelen. A wann ech Iech d’Beispill ka ginn. Wann en amerikanesche Betrib hei an Europa e Montage mécht iwwer e puer Länner fir seng Steierlaascht hei an Europa ze minimiséieren, dann ass dat fir säi Bénéfice ze vergréisseren. Ech mengen dat ass evident. Mä spéitstens da wann en déi Dividenden ausbezilt u seng Aktionären an den USA, da ginn déi Dividenden zu 35% do besteiert. Dat heescht, doduerch datt en hei méi Gewënn huet, bezilt en herno méi Steieren, ech soen elo an den USA fir dat hei Beispill bäizehalen. Dat weist datt et eigentlech hypokritesch ass vun deene Länner fir op Lëtzebuerg ze klappen, an op aner Länner déi Rulinge maachen, op aner Länner wou ee Steieroptimiséierunge ka maachen, well déi eigentlech op hir Steierrecette verzichten, a finalement komme se awer am Endland un.

Ech mengen dat wat mir gären hätten, dat ass eng gesond Konkurrenz wat d’Steierlandschaft ugeet. A mir brauchen net ze fäerten, datt wann den Avantage vun de Steieren eng Kéier ewechfält, wann deen eng Kéier net méi esou do ass fir d’Betriber, dann huet Lëtzebuerg eng ganz Rei aner Avantagen, an da sinn déi op eemol nach vill méi wichteg wéi se et elo scho sinn.

Wann ech kucken d’Infrastrukturen, déi mir zu Lëtzebuerg hunn, déi top sinn, wann ech kucken d’Multikulturalitéit, déi Villsproochegkeet déi mir hei hunn, d’geographesch Lag déi mir hei hunn, den Accès zu den Decisionmakers, déi kuerz Dauer déi et brauch fir Décisiounen hei zu huele fir Business kënnen ze maachen, fir Investitioune kënnen ze maachen, alles dat sinn dann Avantagen, déi fir e Betrib vill méi nach ziele wéi Steieren.

An ech wëll och hei soen, datt ech mengen, datt vill Betriber net just wéinst Steieren hei sinn, well soss hätte mir eis all déi do Investitiounen an de leschte Joeren a Joerzéngte kënne spueren.

Max Theis: Étienne Schneider, ech soen Iech Merci datt Dir de Moien Zäit hat fir heihinner ze kommen.

Étienne Schneider: Merci och!

Dernière mise à jour