Romain Schneider au sujet de la siutation au Burkina Faso

Romain Schneider:"Ech hoffen, datt d’Situatioun sech esou schnell wéi méiglech ka berouegen."

Interview: François Aulner (Radio 100,7)

Romain Schneider: Et ass esou, datt mir mat Burkina Faso mat eiser Ambassade zu Ouagadougou a Verbindung sinn, an datt déi eis konnten do och berouegen, datt mir all déi Lëtzebuerger, respektiv déi Leit déi fir eis schaffen, wéi Dir gesot hutt, wéi Lux-Development, awer och all déi déi an der Ambassadë si mat hire Familljen, respektiv déi déi och fir eng ONG do ënne sinn; alleguerte konnte kontaktéiert ginn, an datt se alleguer a Sécherheet sinn de Moment.   

François Aulner: Et war e ganz turbulenten Dag am Burkina Faso, besonnesch an der Haaptstad Ouagadougou. Wéi mir héieren hunn aus dem Kooperatiounsministère, hunn d’Leit awer emol ee Moment d’Consigne kritt wierklech doheem ze bleiwen.

Romain Schneider: Jo, do geet natierlech d’Sécherheet direkt vir. An ech mengen, soubal jiddweree kontaktéiert gi war, huet ee probéiert jiddwereen dobannen ze halen, esou datt och näischt géif geschéien. Et muss een awer soen, datt bis elo keng Auslänner attackéiert goufe bei dëse Revolten. Ma et ass ëmmer besser, et bleift een dann dee Moment dobannen a Sécherheet. Dat konnt och organiséiert ginn an dat ass och geschitt. 

François Aulner: Kuerz Tëschefro: wéi vill Lëtzebuerger sinn Ären Informatiounen elo aktuell zu Ouagadougou, respektiv am Burkina Faso?

Romain Schneider: Et ass esou, datt mir am Ganzen eng Zuel vu 16 Leit hunn, déi souzesoen Expatriés sinn, oder Leit déi direkt fir eis, respektiv fir Lux-Development op der Plaz schaffen. 

François Aulner: Denkt Dir, datt d’Aarbecht elo kéint virugoe fir Lux-Development dohannen? Wéi geet et elo déi nächst Deeg virun?   

Romain Schneider: Ech mengen, et muss een elo fir d’éischt emol ofwaarden, wéi d’Situatioun virugeet. Et schéngt jo elo esou ze sinn, datt op Grond vun engem Accord deen de Mëtteg getraff gouf déi Situatioun ka berouegt ginn, an eem engersäits d’Regierung wäert demissionéieren, op der anerer Säit de Projet de loi, ëm deen et jo geet fir d’Constitutioun ze änneren, wäert zréck gezu ginn. An op der anerer Säit d’Manifestanten, wat virun allem Jonker sinn, déi opgefuerdert goufe mat der Gewalt opzehale fir elo d’Situatioun sech berouegen ze loossen, an duerno kënnen d’Verhandlungen ze féieren. Ech hoffen, datt d’Situatioun sech esou schnell wéi méiglech ka berouegen, an datt och dono ka mat der Kooperatioun an der Entwécklungshëllef am Burkina Faso virugefuer ginn.


 

  

  

 

Dernière mise à jour