Jean Asselborn au sujet de l’État islamique (EI)

"Hei geet et drëm den Terror ze briechen"

RTL: De Weekend koum d'Annonce, datt d'ISIS schonn nees eng Persoun viru lafender Kamera gekäppt huet. De Britt David Haynes, ee 44 Joer ale Mann, dee fir eng Hëllefsorganisatioun a Syrie geschafft huet war zejoert gekidnappt ginn. Duerch deen neien Tëschefäll ass den Drock nees ee Krack méi grouss fir sech géint den islamesche Staat am Irak an a Syrien opzestellen. Eng 40 Länner vun der internationaler Communautéit si jo an dertëscht bereet sech nieft Amerika géint déi Terrororganisatioun anzesetzen, viraussiichtlech mol mat Loftattacken. Wie genee wéi eng Roll bei deenen Attacke soll spille gëtt dann haut zu Paräis diskutéiert. Presidéiert gëtt déi Konferenz vum franséische President François Hollande an dem irakesche Staatschef dem Fuad Massum. Präsent sinn haut an der franséischer Haaptstad d'Représentanten aus engen 20 Staaten, de Jean Asselborn erkläert am RTL Interview ëm wat e bei der Konferenz genee geet.

Jean Asselborn: Et muss ee ganz kloer gesinn, datt an der Astellung an och an der Zilsetzunge mengen ech, déi Koalitioun hei vun den Amerikaner opgebaut ass, an eng aner ass wéi déi vun 2003 - déi berühmte Koalitioun vun de Wëllegen. Hei geet et drëm den Terror ze briechen. Mä ech mengen nach eng Kéier ze soen, datt een natierlech dat hei net alleng mat Gewalt geléist kritt. Et kann een et nëmme just stoppe wann een déi Staate wou virun allem déi Grupp do agéiert oder Gruppen agéieren – nämlech Syrien an den Irak – datt d’Rechtsstaatlechkeet erëmbréngt, datt si sech kënne selwer schütze virun esou Akten. Dat ass natierlech eng Zilsetzung wou ech net weess – a wou kee weess – wéini datt déi realiséiert gëtt. Mä ech mengen, datt awer och séier kéint eng vill méi eng staark an eng grouss Implikatioun vun der arabescher Welt kommen. Et geet jo ëm d'arabesch Kultur, et geet ëm hir Éier, et geet ëm hir Zivilisatioun. An ech mengen hei muss op der arabescher Säit, an der arabescher Liga, an de Golfstaaten, vill méi géigegewierkt ginn an och vill méi eng Strategie vun Implikatioun geschaf ginn.

RTL: An deem Kontext reest den Ausseminister Asselborn dann haut a Marokko, do sollen d'Attacke vun dem islamesche Staat a Syrien an am Irak dann een Thema sinn. Hien trëfft do de marokaneschen Ausseminister Mesuar an de Premier Ben Kiram.

Dernière mise à jour