Jean Asselborn au sujet de la situation à Gaza

"Mir mussen elo kucken – an dat ass fir mech déi kapital Fro – wéi et virugeet"

Interview vum Eric Ewald (RTL Radio Lëtzebuerg):

Gudde Moien, Här Ausseminister.

Jean Asselborn: Gudde Moien, Här Ewald.

Eric Ewald: Am Prinzip gëllt jo hei elo erëm eng Kéier leider de Prinzip “weise gëllt”, mä ass dat net awer wat aus dem Noen-Osten elo de Moien un Nouvelle kënnt, net dat wat déi Däitsch en “Hoffnungsschimmer” nennen fir d’ganz Regioun?

Jean Asselborn: Also et ass déi beschte Nouvelle aus de leschte Wochen. A et sinn dräi Faktoren déi, mengen ech, och d’Israelien dozou beweegt hu fir net nëmme mat engem Cessez-le-feu d’accord ze sinn, mä och fir hir Truppen zeréckzezéien.

Dat éischt ass dat onméiglecht Bild wat Israel – d’israelesch Regierung – ofginn huet a Gaza. Dir wësst datt 80% vun den Affer aus der Zivilpopulatioun sinn. An dann och de Fait datt déi dräi Schoule vun der UNO, wou Dosende Kanner hiert Liewe gelooss hunn, dat sin Saachen déi net ze verzeie sinn.

Dat zweet dat ass awer, ech hoffen och, datt an Israel d’Leit op jiddwer Fall d’Leed vun deenen Leit déi a Gaza liewen, vun der Zivilpopulatioun, verstinn. Niewent der Angscht déi déi Leit hunn, hu se kee Waasser, si hu keen Elektresch, d’hygiènesch Konditioune si katastrophal, an dausenden Haiser si futti.

Dat drëtt dat ass – Dir hutt ganz richteg ënnerstrach – Egypten. Bon Dir wësst, datt d’Evolutioun an Egypten jo net déi allerbescht ass, mä Egypten wollt international zeréck kommen. De President Sisi ass bestëmmt kee Frënd vun Hamas. Dir wësst jo datt Hamas op der Philosophie vun der Brotherhood – also vun der Muslim Brotherhood – baséiert ass. Mä ech mengen, et ass wichteg wat Egypten gemaach huet. Allerdéngs bleift d’Fro ob Israel sech wierklech all zwee Joer kann e Krich leeschten. Dat schéngt jo verréckt ze sinn.

Eric Ewald: Egypten ugeschwat. Firwat huet déi egyptesch Vermëttelung do elo méi bruecht wéi aner Initiativen? Den US-Ausseminister war jo och ganz aktiv an der Regioun, huet et awer net zu engem Resultat bruecht. Och vun europäescher Säit huet een elo net déi grouss Jalonen gesinn, déi gesat goufen. Firwat grad Egypten?

Jean Asselborn: Jo, also wann Dir zeréckkuckt an deene leschte Joerzéngten: Egypten war ëmmer – schonn ënnert dem Mubarak, och spéider –  de Vermëttler tëscht den Israelien an de Palästinenser, net nëmme vun Hamas. An elo hoffen ech datt Egypten op deem Wee bleift, an enger staarker Vermëttlerroll. A wann een et fäerdeg bréngt an der arabescher Welt zu Accorden ze kommen, dann ass et eben Egypten. An ech mengen do huet Egypten voll hir Roll gespillt.

Allerdéngs, Här Ewald, mir mussen elo kucken – an dat ass fir mech déi kapital Fro – wéi et virugeet. Ech mengen a Gaza, wann Dir déi Biller gesidd, do hutt Dir jo immens vill Steng, mä Dir hutt keen Zement. Et muss a mengen Aen een UNO-Restrukturatiounsplang komme fir Gaza erëm opzebauen.

A Gaza muss awer och dee Blokus dee besteet ewech. Rafah muss opgemaach ginn, dat heescht d’Grenz tëschent Gaza an Egypten. Dir wësst, 2005 als Europäesch Unioun, do war esouguer e Lëtzebuerger, de Pascal Schumacher, de Chef vu Rafah. Et muss erem méiglich sin, datt d’Leit aus Gaza kënnen an Egypten kommen, ënnert der Kontroll vun den Egypter mat der Europäescher Unioun, an den Israelien. Dat ass dat Allerwichtegst.

Mä et muss een och méi wäit kucken. Et mussen nei seriéis Gespréicher méiglech sinn tëscht den Israelien an de Palästinenser. Israel hat als eenzeg Äntwert op d’Kerry-Initiativ ee massiven Ausbau vun de Kolonisatiounen op palästinenseschem Territoire. An dat war eng falsch Äntwert.

Mir mussen als international Communautéit, och an Europa, elo seriéis hëllefen datt, éischtens emol déi Réconciliatioun – déi gutt ass tëschent de Palästinenser – virukënnt, an datt et Wahle kënne gi bei de Palästinenser. An dat ass och, mengen ech, deen eenzege Moyen fir Hamas an d’Schranken ze weisen, fir Hamas net méi déi Frontpositioun ze ginn, déi Hamas elo huet. Also dat heescht op lëtzebuergesch gesot, et muss erëm alles gemaach ginn, datt d’Gespréicher uginn, datt e Staat fir Palästina, a fir d’Palästinenser um Enn méiglech ass. Dat ass och deen eenzege Wee – muss een ëmmer erëm widderhuelen – fir d’Sécherheet vun Israel ze garantéieren.

Eric Ewald: Den UNO-Generalsekretär Ban Ki-moon huet schonn dozou opgeruff, datt sech béid Säiten zeréckhale sollten. Hëlleft elo am Prinzip just bieden an hoffen och datt keng Rakéite vun der Gaza-Sträif aus méi op vläicht de Süde vun Israel gehäit ginn?

Jean Asselborn: Et muss ee wëssen, Här Ewald, wann een d’Situatioun kennt – an dat seet och jiddwereen, dee Gaza vill besser kennt wéi ech – datt Hamas och net alles ënnert Kontroll huet a Gaza. Dat ass jo déi grouss Gefor.

Wann ee seet, Hamas muss eliminéiert ginn, da setzt sech ënnert deene Konditioune wéi d’Leit de Moment – déi 1,8 Millioune Leit op 1/7 vum lëtzebuerger Territoire – ouni Perspektiv, ouni iergendwellech Motivatioun, noutgedrongen ëmmer do Gewalt duerch. An dofir muss de Blokus vu Gaza opgehuewe ginn.

An och wat ech virdru gesot hunn, et muss ee erëm de Leit a Gaza eng Perspektiv ginn: datt se kënnen anescht liewen, datt se normal kënne liewen, datt se existéiere kënnen an net vegetéiere mussen. An ech mengen do ass de Punkt wou ee muss usetzen, och an der internationaler Communautéit. An ech hoffen datt déi Lektioun vun deem wat elo an deene leschte Woche geschitt ass, och fir Israel, an fir eis Europäer, datt dat déi richteg war.

Eric Ewald: Et ass also de Moien nees Hoffnung do, vläicht och e Schrëtt zu méi Humanismus. Här Ausseminister, villmools Merci datt Dir disponibel waart de Moien. Dir sidd geschwënn ënnerwee mam Vëlo a Richtung Süde vum Frankräich. Eng schéi Vakanz un Iech. Merci datt Dir disponibel waart.

Jean Asselborn: Merci, Merci, Awar.

Dernière mise à jour