Jean Asselborn au sujet d’un vol d’Air Algérie qui s’est écrasé au Mali

"Dat ass net ze explizéieren, dat ass e Schicksalsschlag"

Reportage vum Dany Rasqué (RTL Radio Lëtzebuerg):

Déi zwee Leit, e Mann an eng Fra hu fir d’ONG “Le soleil dans la main” geschafft, a sollten an enger éischter Etapp vun Ouagadougou, der Haaptstad vum Burkina Faso, op Alger, also an déi algeresch Haaptstad fléien. 50 Minutten nom Départ hënt ass awer de Kontakt zum Vol AH-5017 ofgebrach, an de Fliger, deen der spuenescher Gesellschaft Swift-Air gehéiert huet, ass vun de Radare verschwonnen an erofgefall. Déi zwee Lëtzebuerger hunn am Burkina Faso e Projet fir eng Zort Kannerheem lancéiert, seet den Ausseminister Jean Asselborn:

Jean Asselborn(O-Toun): Déi Leit ware sur place, sinn an dee Fliger vun der Air Algérie, also hënt geklomme fir op Alger ze kommen, an da vun Alger erëm zeréck. Ech hu mat engem ganz noe vun der Famill vun engem vun den Affer geschwat, an en huet mir konfirméiert, datt effektiv praktesch keng Aussiicht méi ass, datt eben déi zwee Leit, déi zwee Membere vun der ONG, datt déi hiert Liewe verluer hunn do dobäi, well all Informatiounen déi mir kréien, weisen drop hin datt keng Leit iwwerlieft hunn.

Dany Rasqué: Am Ufank war net gewosst wou de Fliger ass. An Tëschenzäit ginn et do awer méi Informatiounen.

Jean Asselborn(O-Toun): Dat sinn Informatiounen, wéi gesot, déi mir vun der Europäescher Unioun hunn, déi awer nach musse konfirméiert ginn, datt also de Fliger an der Regioun vu Kidal lokaliséiert ginn ass. Dir wësst, d’Fransousen hunn direkt Militärfligeren dohinner geschéckt, et ass eng grouss Cellule opgebaut ginn zu Paräis fir eben also de Fliger ze reperéieren.

Ech weess net wéi dat elo weidergeet, mä ech mengen dat aller-, aller Wichtegst ass jo datt effektiv leider elo no deem Drama vun där Famill an der Ukrain, wou de Fliger erofgeschoss ginn ass, elo och zwee Leit, déi sech ganz staark engagéiert hu fir Leit deenen et manner gutt geet wéi eis, ze hëllefen, an dobäi dann hiert Liewe gelooss hunn, dat ass net ze explizéieren, dat ass e Schicksalsschlag. An ech mengen dat wat mir maachen als Ministère, dat ass selbstverständlech all Hëllef kënnen ubidden, déi mir kënnen ubidden.

Dany Rasqué: De Jean Asselborn betount, datt den Ausseministère a ganz enkem Kontakt mat der Famill, an och mat den Autoritéiten zu Paräis steet. D’Majoritéit vun den Affer kënnt nämlech aus Frankräich.

 

 

Dernière mise à jour