Jean Asselborn au sujet des suites du crash d’un avion en Ukraine

"D’Fro ass natierlech erlaabt wat de groussen Hannergedanke vu Russland ass"

Reportage vum Lynn Gaspar (RTL Radio Lëtzebuerg):

Jean Asselborn (O-Toun): D’Läiche mussen alleguerten ausgehändegt ginn. Also Holland ass zoustänneg duerfir. Dat schéngt och an d’Rei ze goen. Datt d’Black-Box muss ausgehändegt ginn, och dat ass de Moment geschitt. Malaysien huet jo hir Black-Box iwwerreecht kritt. An dann natierlech och, datt déi Verantwortlech alleguerten zur Rechenschaft gezu ginn.

Lynn Gaspar: De Jean Asselborn ass scho frou, datt déi Resolutioun endlech gestëmmt ginn ass. Hie fënnt et awer och traureg.

Jean Asselborn (O-Toun): Datt duerfir muss eng UNO-Resolutioun gebraucht ginn, dat soll jo eng Evidenz sinn. Dir wësst, datt praktesch 300 Leit hiert Liewe verluer hunn bei deem Ofschoss vun deem Fliger.

Lynn Gaspar: Egal wéi war d’Situatioun zanter dem leschten Donneschdeg eng inakzeptabel sou den Ausseminister.

Jean Asselborn (O-Toun): Zum Deel vermummte Leit, zum Deel och Leit mat offenem Viséier, mat Kalaschnikoven,  hun den Zougang vun den Experten immens schwéier gemaach. Leit déi – wéi mir gesot ginn ass – waren och ganz oft ënner groussem Alkoholafloss waren, soss hätten se dat vläicht net fäerdeg bruecht. Et si Päss vun doudege Kanner am Fernseh gewise ginn. Et si perséinlech Réng oder Kette vun de sougenannte Separatiste ëffentlech gewise ginn. Et ass och kloer, datt déi sougenannte Separatisten, nëmmen eppes am Sënn haten zanter dem 17., wou dat geschitt ass: déi Beweiser ewech ze schafen. Also ech mengen, datt et kloer de Wëllen war vun de Separatiste fir ze kontrolléieren an fir d’Virgehen vun den Experten anzeschränken. An ech mengen do si mir beim Punkt, datt Russland no villem hin an hir – dat war wierklech fir d’Nerven net einfach – gestëmmt huet. Dat fannen ech e gutt Zeechen, mä mir musse wëssen datt dat domatter net gedo ass.

Lynn Gaspar: De russesche President Vladimir Putin, misst och vill méi konsequent handelen. Doriwwer waren sech gëschter alleguerten déi Concernéiert am UNO-Sécherheetsrot eens.

Jean Asselborn (O-Toun): E misst sech direkt wenden un déi, di erwisenermoossen net wëllen, datt déi Untersuchungen duerchgefouert ginn, nämlech un déi sougenannte Separatisten. Et ass glaskloer, et ass och zum Virschäin komm, datt Russland – also de President Putin – mat engem Drock op de Knapp kënnt d’Separatisten ausschalten an datt och d’Separatiste missten eng Feierpaus garantéieren fir dass politesch Gespréicher anstatt déi militäresch Aktiounen weider ginn. Bon, d’Fro ass natierlech erlaabt wat de groussen Hannergedanke vu Russland ass. Ech wëll net hei d’Ukraine total wäiss wäschen, mä Russland huet hei – also wann een déi Separatisten hëlt – zum Deel mat kriminelle Leit ze dinn, mat kriminelle Söldner. Ech ka mir net virstellen, datt Russland en Intérêt huet fir weider d’Ost-Ukraine ze destabiliséiere mat sou Leit.

Lynn Gaspar: Duerch säi Verhale géing Russland op alle Fall sech definitiv kee Gefale maachen.

Jean Asselborn: Et muss ee ganz kloer wëssen, datt déi drëtt Phase – dat heescht wiertschaftlech oder finanziell Sanctiounen – déi hänken no deem 17. Juli elo un engem seidene Fuedem. Also kee wënscht se, kee Land an der Europäescher Unioun. Mä wa Moskau weider schwéier Waffen am Donbass, an där Regioun vun Donezk, erlaabt oder duldt, da mengen ech ass absolut keen Auswee méi méiglech, datt et och zu sou Sanctioune kënnt. An dat ka ganz séier goen. Dat ass traureg, ech ech hätt mir och ni geduecht, datt een op dee Punkt do kéim. Mä dat ass awer d’Realitéit där ee muss an d’Ae kucken. Ech hoffen, datt no dem Vote vun där Resolutioun, Russland wierklech Gréisst weist - ech soen dat nach eng Kéier - a sech distanzéiert vun deene Leit déi mat Waffen a mat Gewalt operéieren am Osten vun der Ukraine.

Lynn Gaspar: De Mëtteg sinn d’EU-Ausseminister zu Bréissel fir do iwwert de weidere Verlaf vun der Situatioun an der Ukraine ze beroden. Et hofft een op alle Fall, datt Russland Gréisst weist an endlech mat politesche Mëttel probéiert Léisungen ze fannen.

Dernière mise à jour