Jean Asselborn au sujet des suites du crash d’un avion en Ukraine

"Ech mengen datt de President Putin ka mat engem Knappdrock d’Separatisten ausschalten"

Interview vum François Aulner (Radio 100komma7):

Jean Asselborn: Dir gesitt jo wat um Terrain geschitt. Zum Deel vermummte Leit, zum Deel och Leit mat offenem Viséier, mä mat Kalaschnikoven, hunn den Zougank vun den Experten immens erschwéiert, dat seet all OSZE-Bericht. Leit déi ganz oft, ganz staark ënnert Alkohol stoungen, hunn d’Päss vun den doudege Kanner op der Televisioun gewisen. Si hu perséinlech Habgidder – wéi Réng a wéi Ketten – ëffentlech zur Schau gestallt.

Et ass och bewisen, vun deenen OSZE-Berichter, déi mir hunn, datt eigentlech dee grousse Souci vun de Separatisten war fir d’Beweisstécker ewech ze schafen. An ech mengen dat deit schonn op eppes hin. Et ass och erwisen technesch – an dat sinn net nëmmen d’Amerikaner déi dat soen – datt déi Rakéit déi geschoss ginn ass op de Fliger, ausgaangen ass vum ostukraineschen Territoire.

Mä ech sinn net deen, deen elo seet wéi et geschitt ass, a wat genee geschitt ass. Ech kann Iech just soen, datt hei 300 Mënschen hiert Liewe verluer hunn, datt de Conseil de sécurité elo eng Resolutioun gestëmmt huet, an datt ech och hoffen, datt déi Resolutioun ëmgesat gëtt zu 100%. An och datt déi, déi dat do ze veräntwerten hunn, net nëmmen zur Rechenschaft gezu ginn op eng politesch Aart a Weis, mä datt se och viru Geriichter kommen, a condamnéiert ginn.

François Aulner: Eng lescht Fro nach. Dir hutt an enger Deklaratioun gëschter och gesot, datt Dir hofft, datt de 17. Juli als en Datum verhale gëtt, net nëmme vun enger Tragedie, mä och vun engem Tournant an der Ukrain-Kris. Wéi kann ee sech dat dann elo virstelle wéinst dësem Incident?

Jean Asselborn: Jo, also ech menge wann elo net jiddwerengem d’Aeschéken opgaange sinn, datt déi Gewalt an der Ostukrain wierklech kann zu enger ganz, ganz geféierlecher Ausernanersetzung an Entwécklung féieren, dann huet een näischt verstanen.

Hei ass esouwuel fir d’Ukrain wéi fir Russland – a virun allem och fir déi Leit, déi menge si kéinten Donbass als eng autonom Zon deklaréiere mat militärescher Gewalt – kloer datt mir mussen zeréckkommen an der internationaler Gemeinschaft. An dat esouwuel wat Russland ugeet wéi wat d’Ukrain ugeet – an natierlech och d’Europäesch Unioun – datt een alles mécht, datt erëm politesch kann diskutéiert ginn, an net mat Waffen a mat Kanounen déi Fligere kënnen erofschéissen. Do sinn 300 Leit – do sinn 300 Familljen – déi fir ëmmer wierklech e Leed hunn, wat net ewech ze huelen ass.

A stellt Iech vir dat do geet an deem Sënn virun. Do gëtt et Verantwortlecher. Dat fält jo net vum Himmel dat do. Do gëtt et Verantwortlecher, an déi Verantwortlech – wat de President Putin ëmmer seet wann en Erklärunge mécht – datt muss onageschränkt investigéiert ginn. An datt e sech och eng Kéier un déi Separatisten wend, un déi déi mat Gewalt do operéieren an engem Land wat Ukrain heescht. Ech mengen datt de President Putin ka mat engem Knappdrock d’Separatisten ausschalten. E kann eng Feierpaus garantéieren, an domat och d’politesch Gespréicher, déi militäresch Aktioune kéinten ersetzen.

Dernière mise à jour