Jean Asselborn au sujet du conflit israélo-palestinien

"De Krich ass am gaangen"

Jean Asselborn: Mir musse wëssen, datt de Moment schonn honnert Leit hiert Liewe verluer hunn a Palästina. Ech war virun e puer Méint am Mäerz a Gaza. Et muss ee Gaza gesinn hunn, fir ze wëssen ënnert wat fir Konditiounen, datt d'Leit do liewen. Ouni d'UNO, ouni d'international Hëllef, wiere keng Schoulen do, et wier kee Spidol do, Gaza géif iwwerhaapt net existéieren. Déi Leit hunn absolut keng Perspektiv do. A wann dann och nach déi eenzeg Äntwert ass fir aus der Loft ze bombardéieren... Et sinn zum Beispill – ech hu gëschter mam Mustafa Barghuthi geschwat an och mam Riyad Mansour, dat ass den Ambassadeur vun de Palästinenser zu New-York – déi hu mir gesot et sinn 9 Familljen, vum Grousspapp bis zum Enkelkand, total ausradéiert ginn, doduerch datt hir Haiser viséiert ginn an d'ganz Famill da stierft. Also ech mengen et ass eng Evolutioun déi absolut muss gestoppt ginn, well soss kréie mir nieft deenen zwee fierchterleche Kricher déi schonn do bestinn nach een aneren dobäi an dat géif déi ganz Regioun rëm a Flame setzen.

Journalistin (RTL Radio Lëtzebuerg): Wéi grouss ass d'Chance déi dote Situatioun an de Grëff ze kréien oder awer vläicht op där anerer Säit de Risque, datt et beemol zu engem Krich kënnt, datt et och zu Buedeminterventioune kënnt?

Jean Asselborn: Also de Krich ass, wann Dir sou wëllt, am gaangen. Ech weess net wat och sech Hamas denkt. Hamas ass eng Organisatioun déi mat Israel zanter 2012 a mat der Hëllef vun den Ägypter een Accord hat, eng Aart Feierpaus, Waffestëllstand, wann Dir sou däerft soen an deen ass gebrach ginn. Ech weess net ob Hamas nach alles kontrolléiert wat a Gaza ass. Dir wësst, datt Hamas eigentlech d'Autoritéit ass a Gaza, dat ass sou. Do gëtt et och Leit déi géifen zu ISIS gehéieren – dat heescht d'Gihadisten, Salafisten – an Hamas huet dat net méi ënner Kontroll. A wéi Hamas selwer och reagéiert, dat ass schwéier ze soen. Op déi aner Manéier, wësse mir wéi Israel reagéiert. Israel mécht zanter e puer Deeg di Ugrëff, wou wéi gesot elo schonn honnert Leit hiert Liewe gelooss hunn. Israel kann natierlech net hinhuelen, datt dauernd Rakéite geschoss ginn op Sderot oder och op aner Stied, mä et muss een d'Verhältnisméissegkeet iwwerkucken. Dat ass eng komplett Disproportionalitéit. Glécklecherweis huet nach kee Mënsch an Israel ee Leed gehat. Ech soe glécklecherweis, dat wëllt och kee Mënsch, datt dat soll geschéien, mä et ass eng total Disproportioun an ech mengen, op jidder Fall weess ech och vu palästinensescher Säit, och vun New-York, och aus Palästina selwer, datt si alles géife maachen, och als Autorité palestinienne, fir datt et erëm zu engem Waffestëllstand kënnt. Ech weess, datt deen deen dat fréier ausgehandelt huet, nämlech Ägypten, an enger anerer Situatioun sinn. Ech mengen net, datt den ägyptesche President vill Sympathie huet fir den Hamas, dat ass esou an dofir ass vun do aus net direkt Hëllef ze erwaarden, mä awer wat misst gemaach ginn, dat ass, datt Israel lauschtert wat d'international Communautéit seet, ob dat zu New-York ass, och bei eis an der europäescher Unioun ass, datt wéinstens awer de Versuch vun enger Feierpaus gemaach gëtt. Quitte dat muss eng Feierpaus sinn op 2 Säiten, selbstverständlech, mä datt déi gemaach gëtt. Sech einfach driwwer ewechsetzen a sech all Optiounen oploosse fir rëm eng Kéier a Gaza och anzemarschéieren a militäresch alles zerstéiere wat iergendwéi nach do vun der internationaler Communautéit opgebaut ginn ass och, ech schwätze lo net vum Leed vun de Leit, dat ass net déi richteg Solutioun.

Dernière mise à jour