Jean Asselborn au sujet du conflit israélo-palestinien

"Um Westen ass et fir ze berouegen, fir anzewierken, datt et net weider zu militäresche Konfrontatioune kënnt"

Interview vum Nadine Gautier (RTL Radio Lëtzebuerg):

Jean Asselborn: De Moment wou mir elo matenaner schwätzen gleewen ech net, datt Israel d’Decisioun helt fir d’Zaldoten rëm a Gaza ze schécken.

Nadine Gautier: De Jean Asselborn sot weider.

Jean Asselborn: Den Accord vun 2012 tëscht Hamas an Israel fängt un immens wackeleg ze ginn. Den Accord gesait fir datt ee vu Säite vun Hamas alles mécht fir datt keng Rakéiten op Israel geschoss ginn. Dir gesidd, datt dat an eng aner Richtung dréint. Dat ass – an ech kann dat mat enger grousser Sécherheet praktesch soen – net den Hamas selwer. Dat sinn d’Tchiadisten, dat sinn d’Salafisten, et sinn Extremisten déi di selwer gebastelt Rakéiten op Israel schéissen wat natierlech och absolut condamnabel ass.

Nadine Gautier: Wéi mussen elo déi westlech Länner reagéieren?

Jean Asselborn: Um Westen ass et fir ze berouegen, fir anzewierken, datt et net zu  militäresche Konfrontatioune weider kënnt, an dann ze kucken, datt och de Friddensprozess erëm opgeholl gëtt.

Nadine Gautier: Den däitschen Ausseministère réit de Leit sech op mannst 40 Kilometer vun der Gaza Sträif ewech ze halen. An de lëtzebuerger Ausseministère?

 ean Asselborn: Mir hu keng direkt Flich an Israel. Déi meescht Flich déi an Israel ginn musse jo iwwer aner Länner goen, mä de Moment gett lo och eng Warnung vun eisem Ausseministère, well dat ubruecht ass. Ech mengen all Mënsch weess, datt de Moment effektiv Tensioune sinn an datt ee soll vun der Regioun vu Gaza versichen ewech ze bleiwen, wann een net muss dohinner goen. Een Tourist soll de Moment effektiv – wéi déi Däitsch dat soen, a mir wäerten do dat nämmlecht maachen – aus där Regioun do ewech bleiwen.

Dernière mise à jour