Jean Asselborn au sujet des élections présidentielles en Ukraine

"D'ukrainescht Vollek huet gëschter ganz staarke Wëlle gewisen fir mat demokratesche Mëttelen aus deem Lach erauszekommen"

Interview vum Christian Welter (Radio 100,7):

Christian Welter: Gudde Mëtteg Här Asselborn.

Jean Asselborn: Gudde Mëtteg Här Welter.

Christian Welter: Wat ass Är Reaktioun no dëse Resultater an der Ukraine?

Jean Asselborn: Jo ech mengen dat Alleréischt, dat ass, datt d'ukrainescht Vollek ganz staarke Wëlle gëschter gewisen huet fir mat demokratesche Mëttelen aus deem Lach erauszekommen, aus der Kris erauszekommen. An d'Ukraine huet sech och gëschter opgestallt als e souveränt Land, een zesummenhängend Land och, wou och misst opgehale ginn déi Spaltung ze maachen tëscht de Leit am Westen an de Leit am Osten oder am Süden.

Christian Welter: Jo am Oste vun der Ukraine si jo awer vill Leit aus Angscht net wiele gaangen. D'Angscht ass jo awer lo kee gudden Ausgangspunkt wann et drëms geet d'Ukraine ze stabiliséieren?

Jean Asselborn: Et ass eng iwwerwältegend Majoritéit vu Leit wiele gaangen, dat gëtt vun allen internationalen Beobachter och haut de Mueren festgehalen. Ech mengen, datt de gewielte President Poroschenko, datt dee selbstverständlech alles maache muss – an dat ass seng éischt ganz grouss Erausfuerderung fir datt déi militäresch Konfrontatioun am Osten, virun allem zu Donezk an och zu Lugansk, datt déi ophéiert. Dat ass déi éischt Aufgab déi en huet. An déi zweet Aufgab déi en huet, an ech mengen hee weess dat - e war Ausseminister – dat de Schlëssel dofir zu Moskau läit an ech sinn iwwerzeegt, datt en d'Sensibilitéit huet fir Gespréicher mat Moskau och ze sichen.

Christian Welter: Wat heescht dat iwwerhaapt wa Russland seet d'Wahlresultat ze respektéieren? Dat heescht jo awer net den Ausgang vun de Wahlen unzerkennen?

Jean Asselborn: Jo do hutt Dir ganz richteg déi Nuance gesinn. Respektéieren heescht dat nämmlecht wéi dat wat de President Putin gesot huet bei deem sougenannte Referendum am Osten, dee virun e puer Deeg stattfonnt huet. Allerdéngs muss ee gesinn, datt an de leschte Stonnen och Gespréicher gefouert gi sinn tëscht dem President Putin, dem President Hollande an och der Madame Merkel an déi Echoen déi ee kritt, ginn doropper hinn, datt ee wierklech och vun der russescher Säit spiert, datt Entspannung eppes ass wat och fir de President Putin ganz wichteg ass. Also ech mengen e gesäit och, datt  den Poroschenko jo ugekënnegt huet gëschter, datt en net nëmme sech ëm d'Verfassungsfro oder d'Reform vun der Verfassung, datt en déi wëllt virundreiwen am Kader vun engem federale Staat, opbauend op déi Table ronden déi stattfonnt hunn ënnert der Présidence vum Här Ischinger, mä datt en och fir d'alleréischte Kéier formell gesot huet, vun Kiew aus, datt e wëll Parlamentswahlen nach virun dem Enn vun dësem Joer. Ech mengen dat si Signaler déi och vu Kiew kommen, déi kéinten awer och an déi richteg Richtung goen.

Christian Welter: Wichteg ass jo fir d'Zukunft, Dir hutt et jo schonn ugeschwat, datt Moskau a Kiew ophale sech géigesäiteg ze beschëllege wie Schold um Konflikt ass. Huet d'EU alleng genuch Credibilitéit fir béid Säiten ze soen, datt Stabilitéit méi wichteg ass wéi ee Sträit mam Noper?

Jean Asselborn: Also ech gleef net, datt d'EU de Mediateur kann do spillen, mä d'EU ka Signaler ginn. Ech sinn iwwerzeegt, datt vu Moskau och gesi gëtt, datt déi militäresch Agressivitéit vu Leit déi aus Russland an Uniform a mat Kalachnikov an d'Ukraine erakommen, datt dat net kann am Intérêt si vu Moskau. Datt och vu Kiew muss gekuckt ginn, datt déi eenzeg Optioun net e militärescht Virgoe ka sinn am Osten. Ech mengen awer och, datt ee vu Moskau begräife muss, datt an de Medien d'Agressivitéit zeréckgeschrauft misst ginn. Gëschter - dat konnt ee suivéieren gëschter Owend - hu russesch Journalisten op der russescher Televisioun deklaréiert, datt am Osten a verschidde Stied d'Leit gezwonge gi wieren mat militärescher Force fir an d'Wahllokaler ze goen an do ofzestëmmen,  oder et wiere Konzentratiounslageren déi wieren ageriicht gi vun de Faschisten vu Kiew am Osten. Ech mengen och do misst vu béide Säiten - ech soen dat net, datt et zu Kiew dat net gëtt - mä vu béide Säite misst opgehale ginn an sou enger Sprooch ze schwätzen, fir datt een lo no dëser Wal rëm Hoffnungen huet, datt Moskau a Kiew an d'Gespréich kommen an datt d'europäesch Unioun natierlech alles mécht an do geet et jo och ëm konkret Saachen, fir ze hëllefen, datt d'Ukraine rëm op d'Bee kënnt.

Christian Welter: Dann nach eng ganz kuerz Fro oder konkret, wien desarméiert dann iwwerhaapt d'Separatisten op béide Säiten wann et drëms geet fir Stabilitéit ze suergen?

Jean Asselborn: Ech mengen d'Ukraine besteet nach als Land, mä d'Ukraine besteet de Moment net als Staat. D'Fonctionnéiere vun de staatlechen Instanzen, vun deem ganze Staatsapparat, ugefaangen natierlech bei der Police, och bei der Arméi, dee besteet net an dee muss natierlech opgebaut ginn an do däerf een net vergiessen, datt gëschter awer trotzdem de Souverän, dat heescht, datt d'Bierger aus der Ukraine massiv massiv engem neie President een Optrag ginn hunn, datt  wann déi Schrëtt déi hannendru kommen, déi ech gesot hunn, d'Verfassung, d'Parlamentswahlen, datt doropper muss opgebaut ginn, fir datt net méi dat geschitt wat bis lo geschitt ass, datt arméiert Banden vu béide Säiten gefiddert, datt déi an der Ukraine fräi kënnen zirkuléieren.

Christian Welter: Här Asselborn ech soen Iech villmools Merci, datt Dir Iech Zäit geholl hutt.

Jean Asselborn: Jo Merci och.

 

Dernière mise à jour