Jean Asselborn au sujet de la situation en Ukraine

"D’Ukrain brëcht zesumme wann et net international Finanzhëllef kritt"

Jean Asselborn: Gudde Moien, Här Georges.

Sascha Georges (RTL Radio Lëtzebuerg): Virop d’Fro déi ville Leit Suerge mécht. Wéi grouss ass d’Gefor vun engem Krich am Oste vun Europa, virun deem den däitschen Ausseminister an de franséische President gëschter gewarnt hunn?

Jean Asselborn: Also duerchaus versteet een déi Ängscht. Et muss ee jo elo oppassen an der Sprooch wéi ee sech ausdréckt. Mä fir op Är Fro direkt ze äntwerten, ech géif mengen, datt déi éischt Prioritéit an der Ukrain de Moment déi ass fir d’Gewalt ënner Kontroll ze kréien, fir weider Affer ze verhënneren. An dozou muss een eng kloer Analys maachen.

Et schéngt evident ze sinn, datt weder d’Arméi nach d’Polizei – déi Waffen hunn, déi grad esou équipéiert si wéi eben déi regulär Arméi zu Kiew -, net déi Separatisten do ënnert Kontroll kritt.

Wat sech am Oste vun der Ukrain ofspillt, ass net ze vergläiche mat deem wat op der Krim war, et si keng Massen déi revendiquéieren elo an d’russesch Federatioun opgeholl ze ginn, et sinn héchstens 20% wéi d’Ëmfroen soen.

Et geet also drëm, mengen ech, fir op Är Fro ze äntwerten, wéi kann een e Krich verhënneren, datt d’Waffen niddergeluegt ginn, esouwuel vu Säite vu Kiew, wann ech esou dierf soen, also vun der Militär, wéi och selbstverständlech da vun de Separatisten, datt de Westen a Russland den Drock erhéichen dorop, an datt dann den Dialog gesicht gëtt. Dat ass schwéier fir Kiew, dat verstinn ech, mä de Fridden dee sicht ee mat senge Feinden, dat ass jo ee bekanntent Wuert. An ech mengen hei geet et drëm wierklech fir d’Waffen nidderzeleeën, an en Dialog unzefänken. A wann dat de Fall wier, ech mengen da géif sech villes zum Besseren erginn.

Sascha Georges: Déi Wierder Krich a Fridde si gefall. Russland-Kenner wéi de Jacques-Yves Henckes zum Beispill soen, datt Russland awer weder ekonomesch nach politesch eppes vun engem Krich huet. Ass da vläicht och e bëssen zevill eng grouss Angscht virun engem Krich do?

Jean Asselborn: Wësst Dir wie wëllt e Krich, a wat heescht Krich? Krich heescht, datt et e Biergerkrich gëtt an der Ukrain mat Follegen op Länner, déi ronderëm leien. Oder heescht de Krich en 3. Weltkrich? Ech mengen dat si jo e lauter Saachen, wann ee Krich schwätzt, da muss een och definéieren em wat datt et geet. Ech mengen et soll ee mat de Féiss um Buedem bleiwen, an emol probéieren dat wat ech elo gesot hunn.

Eng zweet Prioritéit déi kënnt, dat ass déi Erausfuerderungen an deenen nächsten Deeg, an an deenen nächste Woche muss ee richteg paréieren. Ech mengen dat alleréischt dat ass, den 9. Mee soll de President Putin op d’Krim goen, gëtt geschwat, dat ass eng Symbolik déi kéint ee sech erspueren.

Da kënnt den 11. Mee dee Referendum am Oste vun der Ukrain, dee mat Recht vun der internationaler Gemeinschaft, an och vu Kiew als illegal ugesi gëtt, well en total ontransparent ass, well keng Wielerlëschten do sinn.

An dat kënnt dee groussen Dag, de 25. Mee, wou mir an Europa fir d’Europaparlament stëmmen, mä wou et natierlech och em de Fridde geet an der Ukrain, déi Élections présidentielles, also wou international Observateuren dobäi sinn. Mir hunn der och 4 aus Lëtzebuerg, déi participéieren. Déi russesch Säit wëllt déi Wahlen net, mä si sinn immens wichteg, datt d’Leit an der Ukrain kënne wiele goen, datt och [gëtt ënnerbrach]

Sascha Georges: Spillen déi dann nach eng Roll, entschëllegt, mä spillen déi dann nach eng Roll bei där gesamter Gewalt, déi een do am Osten huet?

Jean Asselborn: Jo, mä ech mengen der Demokratie eng Chance ginn, selbstverständlech spillt dat eng Roll. Ech wollt just soen, datt déi ganz Ukrain ka wiele goen, an datt d’Legitimitéit vun deem President, deen da gewielt gëtt, natierlech eng aner ass wéi déi, déi se haut ass.

Ech ka mir net virstellen, datt Russland, loosse mir emol soen, an enger mëttelfristeger Perspektiv alles drop setze kann, datt ee mat Force eng Léisung kann erbäiféieren, datt Russland, dat muss ee jo och wëssen, villes ka verléieren. Russland huet scho verluer, déi eurasiatesch Unioun, wat jo eigentlech d’Zil war, ech ka mir net virstellen, datt och Länner, an dat héiert Dir, wéi Kasachstan, wéi Wäissrussland, datt se iwwer eng Zollunioun, iwwer eng Handelsunioun wëllen erausgoen, ebe mam Risiko datt et do em hir Souveränitéit geet.

Sascha Georges: Firwat bleift Moskau da bei senger Positioun?

Jean Asselborn: Ech mengen net datt Moskau eng fixéiert Positioun huet fir d’Ukrain, loosse mir soen, total ze destabiliséieren, a fir an der Ukrain eng Transnistréierung, wann ech esou dierf soen, vum Osten ze erreechen. Russland fillt sech duerch verschidden Aktiounen, déi gemaach gi sinn, duerch och d’Geschicht, déi rezent Geschicht, an den Eck gedréckt. Mä Russland huet, wann ech d’Reaktioun ka verstoe wat den Intérêt vun der Krim ugeet, ass et eemol schwéier ze verstoen,  - dat huet ee gëschter och erausgespuert, wou Russland do praktesch total alleng war – datt ee mam Béie vum internationale Recht, datt een domat spillt. Virun allem mir Lëtzebuerger, e klengt Land, wann ee 70 Joer nom 2. Weltkrich, wann ee mat Force, mam Gesetz vum Staarken d’Grenzen ännert, virun allem och an Europa, dann huet een eppes gemaach wou een Angscht produzéiert. An dat mengen ech, gëtt Russland awer och bewosst.

Sascha Georges: Dir hutt et grad gesot, Russland fillt sech e bëssen an den Eck gedréckt. Ass dat awer net och e bëssen d’Schold vun der EU, vun den USA, vum Westen am allgemengen? Hätt ee Russland net misste méi abannen, vläicht och a sécherheetspoliteschen Dossieren?

Jean Asselborn: Jo, also ech maache jo 10 Joer elo deen Dialog och mat, mat Russland. Dee war effektiv 2005, an eiser leschter Présidence, op engem ganz aneren Niveau wéi en haut ass.

Mir hu selbstverständlech och déi ganz Debatt, déi a mengen Aen total iwwerflësseg war, mat där Missile defense, hu mir als NATO och, an ech mengen och esouguer an der Europäescher Unioun wou mir staark dividéiert waren, hu mir net richteg mat Russland gefouert.

Mä Dir kënnt net justifizéieren, datt wann den Dialog mat Russland net richteg gelaf ass, datt da Russland sech d’Recht hëlt fir d’internationaalt Recht esou ze béie wéi si et gemaach hu bei der Krim. An dofir géif ech mengen, datt selbstverständlech d’russesch Intérêten dorop erausginn, datt dat wat an der Ukrain geschitt, datt si een Droit de regard dorop hunn.

Et muss ee wëssen, datt d’Ukrain net – ech hunn dat schonn e puermol gesot – net e Land ass wéi Russland, wéi Spuenien, oder Italien. Kiew war jo d’Haaptstad vu Russland iert Moskau se ginn ass. An ech mengen déi ganz joerhonnertelaang Geschicht, déi spillt natierlech do mat.

Allerdéngs kann dat awer nëmme goen, datt wa Russland sech zesummendeet mat der internationaler Gemeinschaft, a versicht, datt d’Ukrain awer e Land gëtt wat seng Souveränitéit selwer dominéiert, wat fräi ass, wat natierlech déi ekonomesch Intérêtë mat Russland weiderféiert, a wat och e Land ass wat muss eng Chance kréien duerch Wahlen aus deem Lach do erauszekommen.

Dobäi kënnt jo nach datt d’Ukrain zesummebrécht wann et net international Finanzhëllef kritt. De Fonds monétaire international huet 17 Milliarde jo, wéi Dir wësst, ugebueden. D’Europäesch Unioun, d’Amerikaner, d’Japaner, et si ganz vill Länner déi hëllefe wëllen, ënnert där Konditioun allerdéngs datt d’Rechtsstaatlechkeet zu Kiew an der Ukrain, datt déi wierklech verbessert gëtt. Well et ass jo net och alles wat Rechtsstaatlechkeet ugeet an der Ukrain op engem gudden Niveau.

Sascha Georges: Vläicht ganz kuerz nach e Wuert zur Stëmmung gëschter um Conseil de l’Europe. Do war jo den ukraineschen Ausseminister a säi russeschen Homologue. Hu si matenee geschwat, wéi war d’Stëmmung tëschent deenen Zwee?

Jean Asselborn: Also esou vill ech weess hu si net matenee geschwat. Si waren allerdéngs mateneen op enger Foto.

Bon, de Moment ass et esou datt virun allem vun Däitschland jo gesicht gëtt fir eng Follegekonferenz vu Genf op d’Been ze kréien. Dir wësst jo datt haut och eventuell [gëtt ënnerbrach]

Sascha Georges: Déi refuséiert Russland jo awer schonn, esou eng Genf 2 Konferenz.

Jean Asselborn: Jo, da loosst mech just ausschwätzen. Also ech wollt just soen, haut ass e wichtegen Dag och well de President vun der OSZE jo zesummen ass mam President Putin, an datt wierklech dat do een Haaptthema ass. An där Hypothese datt d’Waffe géife rouen, datt keng Gewalt méi géif ugewannt ginn, datt een dann eng Follegekonferenz kéint maachen, an och a Rou versichen een Dialog, een inner-ukraineschen Dialog op d’Been ze kréien. Russland huet gefuerdert gëschter datt och ebe Représentantë vun deene Separatisten, datt déi misste mat konsultéiert ginn. Ech mengen dat ass, ech hunn dat jo gesot, immens schwéier. Mä mir sinn an enger Situatioun, wou ee mat Gewalt an der Ukrain d’Uerdnung héchstwahrscheinlech net erëm hiergestallt kritt.

Sascha Georges: Vläicht ganz kuerz och nach e Wuert zur Situatioun an Nigeria, wou d’islamistesch Gruppéierung Boko Haram honnerte Lycéesschülerinne verschleeft huet. Wéi laang kann do déi international Communautéit nach nokucken?

Jean Asselborn: Also wat an Nigeria geschitt, Dir wësst Boko Haram, dat heescht “keng westlech Bildung”, dat ass d’Iwwersetzung vum Wuert Boko Haram. Am Fong misst ee westlech Bildung ersetzen duerch keng Bildung fir Fraen. Dat huet näischt méi mat Kulturkampf ze dinn, dat ass d’Zivilisatioun géint d’Barbarei. An ech mengen Afrika muss opstoen a sech deem entgéintsetzen. A mir als Europäesch Unioun hunn do mat ze hëllefe fir dëser Barbarei en Enn ze bereeden.

Sascha Georges: A wéi kënne mir dat maachen?

Jean Asselborn: Datt mir zum Beispill hëllefen, datt déi Responsabel an Nigeria, dat ass jo och ugebuede ginn, datt déi net weider kënnen agéieren. Dir hutt jo gesinn, datt erëm gëschter aner Meedercher entfouert gi sinn. Et muss gehollef ginn, datt dat an Nigeria en Enn kritt, a selbstverständlech och ausserhalb vun Nigeria, wou och esou Aktioune geschéien, datt deem eben e Stréch duerch d’Rechnung gemaach gëtt.

Sascha Georges: Jean Asselborn, Merci datt Dir Iech de Moien Zäit fir eis geholl hutt.

Jean Asselborn: Merci och!

Dernière mise à jour