Jean Asselborn au sujet de la situation en Ukraine

"Et muss een d'Deseskalatioun rëm reaniméieren"

Interview vum Corinne Folscheid (RTL Radio Lëtzebuerg):

De lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn versteet d’Angscht vun de Leit an Europa virun engem Krich an der Ukrain an domatter op europäeschem Territoire. Elo géif et drëms goen déi Schëlleg ze fannen déi virun 2 Deeg e Feier zu Odessa geluegt haten duerch dat bal 40 Mënschen ëm d’Liewe komm sinn. Als e Liichtbléck bezeechent de Jean Asselborn awer d’Fräiloossen vun den OSZE-Militärobservateuren.

Jean Asselborn: Wann een also elo déi 2 Saache kuckt, da kënnt ee vläicht zu folgende Conclusiounen, datt d’Zeréckhalung – et ass och dat wat mir virgëschter um Conseil de sécurité mat villen anere Länner plädéiert hunn – datt sech op 2 Säite muss zeréck gehale ginn an datt déi Gewalt gestoppt gëtt. Zweetens wat ech ugedeit hunn, Russland huet Influenz op déi pro-russesch Kräften, dat ass evident. An der Saach muss een och kënne festhalen, datt russesch oder pro-russesch Separatisten déi Apparater hunn fir Helikopteren erof ze schéissen, datt een sou Apparaten net, och net zu Donesk am Sternberg ze kafe kritt. Bon, dat Drëtt dat ass, de Geescht vu Genf, dat war Deseskalatioun. Dat war jo den Haaptbegrëff wourop geschafft ginn ass an eigentlech de Contraire ass geschitt an et muss een déi Deseskalatioun rëm reaniméieren. En fait war jo eng Eskalatioun d’Resultat, mä ech ka mir net virstellen, datt Kiew an och Moskau, datt déi wëllen als Endresultat an engem Biergerkrich endegen.

Corinne Folscheid: Fir aus der Kris eraus ze kommen, mussen dem lëtzebuerger Ausseminister no an éischter Linn d’Krichspropaganda gestoppt ginn, och missen sech d’Ukrain, Russland, d’EU an d’USA nees zu Genève un en Dësch setzen, sou wéi d’OSZE dat proposéiert huet.

Dernière mise à jour