Jean Asselborn au sujet de la situation en Ukraine

"Et mussen Wahlen stattfannen"

Interview vum Corinne Folscheid (RTL Radio Lëtzebuerg):

Dem lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn no ginn et Weeër fir aus dëser Kris eraus ze kommen. An éischter Linn géif et elo mol drëms goen, datt d’Krichspropaganda gestoppt gëtt, dat sot hien de Moien am RTL-Interview:

Jean Asselborn: Wësst Dir, wann déi eng déi aner “Krimineller” vernennen, déi aner sinn dann an deenen hiren Aen Faschisten, domat gëtt onheemlech vill Haass geschürt. An ech mengen, do geet et un, datt een dat kann astellen.

Dat Zweet, dat ass, déi Quadripartite, dat ass menger Meenung no dat Wichtegst. Dir wësst, d’Ukrain selwer, d’Europäesch Unioun, Russland an d’USA hate sech zu Genf gesinn. Hei huet och elo d’OSZE eng nei Propositioun gemaacht fir datt déi 4 Parteien sech nees zu Genf gesinn, zesumme kommen, ënnert dem Lead vun der OSZE fir dat Ganzt erëm ze versichen op eng ganz aner Schinn ze bréngen.

An dat Drëtt, dat ass, a mengen Aen, datt Wahlen musse stattfanne kënnen, de 25. Mee. An datt duerno direkt fir d’gesamt Ukrain, um Referendum eng Décisioun ass, déi muss geholl ginn an der Ukrain selwer, mee dass eng Verfassungsdebatt stattfënnt an dann do dono, a wa méiglech nach dësen Hierscht, op jiddwerfalls dëst Joer, och Parlamentswahlen, fir datt d’Ukrain och eng legitim Regierung ka kréien.

Corinne Folscheid: Elo geet dacks vu Sanktioune riets, Kéint dat eventuell eng Solutioun sinn fir dee Problem do ze léisen?

Jean Asselborn: Also, ech mengen, datt een all Energie an all Kraaft soll asetze fir positiv Schrëtt ze maachen. Sanktioune si geholl. Mir wëssen, datt Sanktiounen provozéieren. Datt éischter am Domaine vun der Eskalatioun wéi am Domaine vun der Deseskalatioun, menger Meenung no, déi Debatt och doriwwer, ëmmer erëm widderhuelen an ëmmer erëm do nei Steigerunge fannen, dat ass net produktiv. Ech mengen, et muss ee verhënneren, datt weider Destabilisatioune stattfannen, selbstverständlech, mee un éischter Plaz muss een dofir suergen, datt net méi Mënscheliewen gefuerdert ginn. An ech mengen, dat ass och d’Positioun, déi mir als Lëtzebuerg hunn, souwuel an der Europäescher Unioun, an der UNO, an och bei der OSZE.

Dernière mise à jour