Jean Asselborn au sujet du décès de deux jeunes résidents luxembourgeois en Syrie

"Et ass eng total Irrféierung och vum Islam"

Interview vum Corinne Folscheid (RTL Radio Lëtzebuerg):

Zwee jonk Männer mat Wunnsëtz hei zu Lëtzebuerg hunn RTL-Informatiounen no zejoert hiert Liewen am Noen Osten gelooss. Déi zwee sollen enk Kontakter zu islamistesche Kreesser gehat hunn, hei am Land an och iwwer d’Grenzen eraus. Et handelt sech em en Nordafrikaner, an em e jonke Mann aus dem Kosovo. Si hunn allen Zwee hiert Liewen a Syrien gelooss. D’Fotoe vun de jonke Männer waren an de leschte Méint op Facebook zirkuléiert. De Moien elo huet den Ausseminister Jean Asselborn RTL géintiwwer hiren Dout konfirméiert.

Jean Asselborn: Also dat alleréischt dat ass, datt och hei zu Lëtzebuerg jonk Männer, déi bei eis hei liewen, zum Deel och eis Nationalitéit hunn, a Syrien gaange sinn, oder och de Moment plangen ze goen, fir an hirer Siicht um hellje Krich do deelzehuelen. A meeschtens ass dat an de Reie vun Al Qaida-Brigaden.

Effektiv dat wat mir wëssen, dat ass datt zwee jonk Leit hiert Liewe gelooss hunn a Syrien. Een éischten am Abrëll 2013, e jonke Mënsch, an dann och e jonke Mann am Januar 2014. Ech soen nach eng Kéier, dat sinn déi Fäll déi mir wëssen.

Corinne Foscheid: Wéi ginn elo déi jonk Leit motivéiert fir sech esou ze engagéieren?

Jean Asselborn: Also et muss ee wëssen, datt déi jihadistesch Propaganda immens efficace ass, virun allem selbstverständlech um Internet. Déi ka scho verschidde Leit, déi do ufälleg sinn, blenden. Et zirkuléieren um Netz och Fotoen, et zirkuléieren Likes vu jonke Leit, déi wëllen op dee Wee do goen. D’Réseauen och fir dohinner ze goen, déi sinn immens gutt organiséiert duerch ganz Europa, a selbstverständlech och hei zu Lëtzebuerg.

Corinne Foscheid: Wat ënnerhëlt elo d’lëtzebuerger Regierung fir deem do entgéintzewierken?

Jean Asselborn: Also wann ee weess mat wat fir enger Brutalitéit a Syrien operéiert gëtt, Madame Folscheid, ee Land wou Gewalt, Haass an Terror eigentlech absolut keng Grenze méi kennen, wou all Dag Exekutiounen, grausam Exekutiounen, sommaire Exekutiounen, och ënnert de Jihadisten, um Alldag um Programm stinn, also eng Banalitéit gi sinn, da muss ee jonk Leit, oder et kann ee jonk Leit nëmme warnen an hinnen ofroden dëse Schrëtt ze maachen, e Schrëtt dee ganz oft fatal ass fir hiert eegent Liewen, mä och, et muss ee jo denken, datt déi Leit alleguer eng Famill hunn.

Zu Lëtzebuerg, mir maachen all Ustrengungen, wat natierlech schwéier ass, virun allem d’Police mécht dat fir dës Leit dovunner ofzehalen, esoubal een d’Zeechen huet, datt si sech wëllen a Syrien engagéieren, natierlech net ëmmer mat Succès.

A mengen Aen, wann Dir mir dat erlaabt, geheie se net alleng hiert Liewen ewech, mä si zerstéiere ganz oft och d’Liewe vun aneren, sënnlos. Et ass eng total Irrféierung och vum Islam.

Dobäi kënnt och datt Dir Iech kënnt virstellen, datt wann esou jonk Leit mat där Experienz vu Gewalt, a vun Terror, zeréckkommen, datt se net onbedéngt direkt den Dréi fanne fir nees en normalt Liewen ze féieren. A si sinn och dacks dann esou endoctrinéiert, dat ass och en europäesche Phänomen, deen all Länner vun der Europäescher Unioun gesäit, datt se Propaganda vun Al Qaida, oder fir Al Qaida ze kämpfen, weiderdroen. Bon, et ass e Phänomen mat deem mir eis och an eisem Land mussen auserneesetzen. Et ass eng absolut falsch Faszinatioun viru reliéisem och Mëssbrauch, a viru Gewalt, mä et gesäit een, datt dat hei eng konkret Applikatioun dovunner ass.

Corinne Foscheid: Här Asselborn, ech soen Iech Merci fir d’Explikatiounen.

Jean Asselborn: Merci

Dernière mise à jour