Jean Asselborn au sujet de l’Ukraine

"Et ass manifestement eng Destabiliséierung amgaangen"

Jean Asselborn: Gudde Moien, Här Grotz.

Roy Grotz: Här Asselborn, gëscht beim Conseil vun den EU-Ausseminister, dee war jo hei um Kierchbierg, gouf nach eemol kloer gemaach, datt Moskau duerchaus dierft hannert där organiséierter Gewalt an der Ukrain stiechen, vun där ech geschwat hunn, dat op d’mannst am Osten, an dem Südosten. Wéi estiméiert Dir dann iwwerhaapt de Pouvoir vu Moskau den Ament an?

Jean Asselborn: Also fir d’alleréischt géif ech soen, datt et eigentlech nëmme just zwou gutt Nouvelle gëtt de Moien. Dat eent dat ass, datt de President Putin an de President Obama matenee geschwat hunn. An dat zweet dat ass, datt bis elo jiddwerfalls Genf net ofgesot ass. Alles wat sech ronderëm, oder am Osten vun der Krim ofspillt, ass wierklech net erbaulech.

Roy Grotz: Dir sot net erbaulech, an awer ginn et positiv Amenter, déi huet een och bësse gëscht awer um Conseil erausgespuert?

Jean Asselborn: Also um Conseil, do kann ee sech elo dréinen a kéiere wéi ee wëllt, mä ech mengen an de Käpp gëtt et zwou Hypothesen.

Déi éischt Hypothes ass déi vum déjà-vu, dat heescht, datt sech dat widderhëlt am Osten vun der Ukrain wat sech esou gutt agespillt hat op der Krim, nämlech datt effektiv elo Leit, déi ganz schwaarz ugedoe sinn, a Leit déi ganz gréng ugedoe sinn, datt och Leit déi an Uniform sinn, ouni datt Zeechen drop sinn, mat Camionen ouni datt déi Camionen och Nummerschëlder hunn, duerch, oder am Osten vun der Ukrain hin an hier transportéiert ginn.

Et ass manifestement jo eng Destabiliséierung amgaangen. No der Destabiliséierung, oder bei der Destabiliséierung kënnt natierlech, wéi dat och bei der Krim war, deen Hëllefruff u Moskau fir ze hëllefen. Déi Stuf déi elo nach feelt, dat ass, datt Moskau déi Hëllefruffer erhéiert, an da Friddenstruppen an den Osten vun der, russesch Friddenstruppen an den Osten vun der Ukrain schéckt. Dat ass also dee Szenario, deen an de Käpp vu verschiddene Leit ass. A wat natierlech en terribelen negative Szenario ass.

Deen anere Szenario, wou ech perséinlech hoffen, datt ech nach e wéineg kann dru gleewen, ass deen datt Moskau sicht ze beaflossen, engersäits natierlech déi Konferenz vu Genf, mat ebe Pillonen ze setzen, Faiten ze schafen, fir do an enger gudder Positioun ze sinn [gëtt ënnerbrach]

Roy Grotz: Genève soe mir kuerz, USA, Russland, EU...

Jean Asselborn: Genève dat ass den nächsten Donneschdeg, wou virun allem d’Europäesch Unioun sech ganz staark gemaach huet, datt déi Quadripartite, wann Dir esou wëllt, datt déi stattfënnt. An do soll jo iwwer d’Zukunft da vun der Ukrain geschwat ginn.

An dann dat zweet, dat ass natierlech d’Presidentschaftswahlen de 25. Mee. A fir dann do aus der Moskauer Siicht och verschidde Messagen ze ginn. Ech hoffen, datt mir beim zweeten Szenario sinn, well esou bal, esou bal wéi russesch Zaldoten offiziell an der Ukrain amarschéieren, da si mir natierlech an enger Situatioun, déi eigentlech dann déi eeschsten ass zënter dem Schluss vum Kale Krich.

Roy Grotz: Mengt Dir de President Putin, deen esou gäre mam Abléck spillt, den Abléck vun der Stäerkt a sech, mä den Ament jo awer isoléiert do steet no der Anektioun vun der Krim, géif jo awer mat deenen do Gesten, déi Dir do beschreift, komplett d’Crédibilitéit op d’Spill setzen, mengt Dir dee Mënsch géif esou wäit goen?

Jean Asselborn: Also de Problem ass jo deen datt d’Glafwierdegkeet vu Russland international gesinn immens gelidden huet. Wann Dir kuckt datt nëmmen 11 Länner vun 193 op der Säit si vun der Assemblée générale op der UNO, datt am Weltsécherheetsrot Russland total isoléiert ass, esouguer vu China lénks leie gelooss gëtt. Wann Dir och kuckt wéi d’Awierkunge sinn um ekonomesche Plang. An dat ass jo eppes wat, mengen ech, iewer am 21. Joerhonnert eng Roll spillt, an och fir e Land wéi Russland wat wëllt eng Mëttelklass opbauen, a wat och wëllt eng diversifiéiert Ekonomie opbauen, Investissementer brauch, datt esouwuel de Rubel jo ganz staark agesackt ass, datt d’Investitiounen, datt déi wierklech stoppen, oder bal gestoppt sinn, an datt och, an dat ass vläicht dat Allerschlëmmst, dat héiert ee jo iwwerall, datt eng terribel Flucht ass vu privatem Kapital aus Russland.

Domat - dat heescht, den internationale Volet, deen ekonomesche Volet - huet Russland scho seng Fäsch ze droe fir déi nächst Joeren.

A gutt dat ass iewer a mengen Aen erëm riicht ze kréien an engem gewëssene Sënn, wann net dee Schratt, deen ech virdrun elo beschriwwen hunn, wann deen net gemaach gëtt. Wann dee gemaach gëtt, jo da géif ech mengen, da si mir an enger komplett anerer Welt, da si mir an enger Welt, déi komplett an der europäescher, oder um europäesch Kontinent och nei muss ausgeduecht ginn. Dat ass net am Intérêt vu Russland, dat ass net och am Intérêt, dat soen ech kloer, vun der Europäescher Unioun.

Roy Grotz: Ebe just, dat ass jo e Wiesselspill tëscht der EU a Russland, dat jo och muss ëmmer berücksichtegt ginn. Deen Équiliber deen Dir beschriwwen hutt, dee muss erhale bleiwen. Et gëtt elo déi black list vu Persounen, a sech Russen, déi Dir gëschter opgestallt hutt, déi nach net publizéiert ass. Kommen do hannendrun dann onbedéngt och vläicht wirtschaftlech Sanktiounen no?

Jean Asselborn: Dir musst ëmmer dat an de Pak stellen dee jo geschnürt ginn ass an der Europäescher Unioun vun den Ausseministeren, mä awer och, ganz kloer och vum Conseil européen. Dat heescht, et si verschidde Moossname geholl ginn am Ufank, wéi Dir wësst, déi Liberaliséierung vun de Visaen, dann och G8, G7.

An da sinn an enger zweeter Phas, wou mir nach ëmmer dra sinn, mir sinn net an enger drëtter Phas, ech explizéieren dat, mir sinn an enger zweeter Phas, wou ebe perséinlech Leit kënne viséiert ginn, sief dat Ukrainer, sief et Russen, déi net kënne méi reesen an d’Europäesch Unioun, oder op aner Länner, déi do och matmaachen, plus och dann déi, wa se Konten hunn am Ausland, déi dann agefruer ginn.

Dat ass déi zweet Stuf, an déi ass gëschter elo, am Prinzip hu mir dofir gestëmmt, datt déi erweidert gëtt. Do gëtt gekuckt wat fir Leit datt do nach drënner falen, an da gëtt dat festgehalen.

Déi drëtt Stuf, déi ass eigentlech virgesi fir dee Fall, deen ech beschriwwen hat, ekonomesch Sanktiounen, eben da wa russesch Zaldote géifen amarschéieren an d’Ukrain.

Bon, mir hunn eis als Lëtzebuerg, an do ware mir och net alleng, gëschter staark gemaach, datt mir net an där Phas sinn, an datt mir och net wëlle viru Genève Zeeche ginn, datt mir an där do Phas wieren. Dat verhënnert allerdéngs net, an dat muss ee kloer gesinn, datt de Moment och d’Kommissioun dorunner schafft fir wat fir Moossname kéinten dat sinn, déi dann do géife getraff ginn. Mä do dierfe mir eis als Lëtzebuerg näischt virmaachen. Et ass evident datt mir do och Perdant sinn, dat ass kloer. Mä en général, Gas muss Russland verkafen, an net nëmmen u China, och un d’Europäer [gëtt ënnerbrach]

Roy Grotz: An ass op déi Recetten ugewisen.

Jean Asselborn: Well den Euro, well den Euro ass, dorop si se ugewisen. An op där anerer Manéier, Dir wësst datt mir mindestens 30% wann net 40% an der Moyenne Gas aus Russland kréien an der Europäescher Unioun, Länner déi bis 80%, 100% kréien. An da kënnt Dir Iech virstelle wat fir een Impakt datt dat, net nëmmen op d’europäesch Wirtschaft huet, an op d’russesch Wirtschaft - op déi amerikanesch vill manner, well déi hunn nëmmen 10% vum Volumen, dee mir hu mat Russland - wat fir een Impakt datt dat huet. Do si jo scho Wirtschaftslobbyisten oder Denker an der Wirtschaft déi soen, dat kéint ee schreckleche Réckschlag ginn, esouguer och erëm eng Dérégulatioun vun der Weltwirtschaft mat sech bréngen.

Roy Grotz: Reguléieren, d’Situatioun am Grëff behalen, dat wëllen natierlech d’Ausseminister, dat ass esou ze soen Ären Job, fir et emol esou salopp ze soen. D’Ukrain ass e wichtegt Partnerland, ass e Bindeglied. Mir héieren all Dag vun der Situatioun, Här Asselborn, mä sot eis emol wéi wichteg et och ass der Ukrain selwer ze hëllefen. Gëscht ass jo och eng finanziell Hëllef décidéiert ginn.

Jean Asselborn: Jo, also d’Ukrain selwer hëllefen, d’Ukrain muss sech och selwer hëllefen. Dat heescht, mir mussen ëmmer erëm insistéieren, datt an der Ukrain elo déi Presidentschaftswahle stattfannen. Dat gëtt deem Ganzen awer trotzdem eng Legitimitéit. Mä Dir wësst, dat huet d’Geschicht och vum 21. Joerhonnert eis gewisen, et geet net duer datt een e President wielt fir eng Demokratie ze sinn.

Do duerno muss eng Debatt kommen, a mengen Aen, an do sinn ech och net alleng, iwwer d’Verfassung vun der Ukrain, vum Statut vun der Ukrain. An ech mengen do gëtt et Beispiller an der Europäescher Unioun, wou d’Ukrain sech kann inspiréieren, esouwuel wat hir, loosse mir emol soen, Appartenance un internationale Gremien ugeet, vun der NATO bis bei aner Organisatiounen. Do gëtt et Beispiller an der Unioun wou se sech kann inspiréieren. An och natierlech iwwer d’Constitutioun. Dat ass awer net un eis fir hinnen dat ze imposéieren. Dat ass also dat eent.

No där Diskussioun do mussen och Parlamentswahle kommen, fir datt eng legitim Regierung an der Ukrain um Rudder ass. An et mussen natierlech all déi Elementer, déi eben dat si wat se sinn, déi sinn, do gëtt et Elementer, déi si rietsextrem, datt déi Elementer och natierlech keng Chance dierfen eigentlech hunn an enger Ukrain, déi wierklech wëllt dann demokratesch och op d’Been kommen.

Dat zweet dat sinn d’Suen, wéi Dir sot. Bon, mir hu gëschter elo een Ufank gemaach mat deene 600 Milliounen, wat jo och net näischt ass, plus eng Milliard hu mir och an Aussiicht gestallt fir Prêten opzehuelen, ënnert Konditiounen. D’Konditioune sinn déi datt d’Korruptioun muss bekämpft ginn, datt och d’Marchés publics datt déi oppe sinn, transparent sinn, datt Reformen also gemaach ginn. Mä dat ass e Schrëtt, mengen ech, dee geet an déi richteg Richtung.

Mir hunn och décidéiert, datt mir weiderfuere mam Ausaarbechte vun enger europäescher Missioun fir d’Justiz an d’Polizei an der Ukrain, fir déi ze stäerken, fir déi also op eng aner Schinn ze kréie wat d’Qualitéit ugeet, net wat d’Ausriichtung ugeet, dat ass un hinne fir dat ze maachen.

Dat sinn also Apporten, déi mir geleescht hunn. An ech mengen dat geet schonn an déi richteg Richtung. Alles hänkt natierlech dovunner of, well ech mengen de Fazit bei esou enger Diskussioun haut, just viru Genève, kann nëmmen dee sinn, datt een alles muss maache fir datt Genève net nëmme gutt ass fir d’Fotografen, fir ee Bild ze maachen, mä datt et e Prozess gëtt dee weidergefouert gëtt. An dee Prozess, géif ech mengen, datt do nëmme Russland ze wannen huet, international, awer och fir sech selwer, an natierlech och d’Ukrain ze wannen huet, an och d’Europäer ze wannen hunn.

Ech wëll vläicht ofschléissen domat datt ech soen, de Problem ze léisen an der Ukrain, oder Russland-Ukrain, ass un alleréischter Plaz och eng Aufgab, déi mir als Europäer wouer ze huelen hunn. Ech weess datt, zum Beispill vu Moskau, ganz gären iwwer den Atlantik ewech diskutéiert gëtt mat Washington. Dat mengen ech ass net déi richteg Astellung. An zu Washington hu mir, mengen ech, awer och kloer gemaach, datt et wichteg ass, datt déi europäesch Komponent ganz staark zum Droe kënnt, well schliisslech deelen d’Europäer mat de Russen dëse Kontinent.

Roy Grotz: Esou wäit de Jean Asselborn mat den Aschätzungen iwwer d’Situatioun an der Ukrain. Merci fir den Déplacement de Moien an de Studio, Här Asselborn.

Jean Asselborn: Merci!

Dernière mise à jour