Jean Asselborn au sujet du référendum en Crimée

"Realpolitesch bedeit daat vun elo un, datt d’Krim net méi ukrainesch ass"

"Ech menge mir wäerten, an ech hoffen dat, keng Wirtschaftssanktiounen décidéieren. Ech hat gëschter an eiser Ambassade eng gutt Dosen Ausseministeren invitéiert. Do huet ee kloer gespuert, datt dat net de Wee wier. Muer gëtt et nach Russland, et gëtt och d’Europäesch Unioun. Mir brauchen een deen aneren. An ech mengen esouguer datt duerch d’Ekonomie ka gewise ginn, datt mir vill gemeinsam Interessen hunn, an datt een erëm muss an en normaalt Verhältnis ganz, ganz séier kommen."

Roy Grotz:Här Asselborn wat heescht, wat bedeit dat Resultat, dat jo e ganz kloert ass, dann elo konkret?

Jean Asselborn: Dat bedeit realpolitesch datt vun elo un d’Krim net méi ukrainesch ass. Kee wëllt militäresch agräifen, wat absolut ze verstoen ass. An dofir muss een d’Realitéit elo unerkennen.

Roy Grotz: D’Realitéite sinn also déi, déi d’Leit geschafen hunn. Ech hu virdru vun de Sanktioune geschwat. Dir sidd haut am Conseil mat Ären EU-Ausseministerkollegen zesummen. Bréngen esou Sanktiounen eppes? Gëtt Russland doduerch net e weidert Stéck isoléiert, respektiv an den Eck gedréckt?

Jean Asselborn: Also ech mengen datt ee fir d’éischt festhale muss, datt ee mat Sanktiounen, och wann ee géif en totale Wirtschaftsboykott décidéieren, datt een do de Status quo, wéi et bis elo war, net méi kann hierstellen. Dat ass kloer.

Mä ech soen awer och, och ouni Sanktioune geet dat do net spuerlos u Russland eriwwer. Dir gesitt, Russland ass zimlech staark isoléiert am Conseil de sécurité, China huet sech enthalen, a virun allem och mam Prinzip vu Selbstbestëmmung vun alle Vëlker an engem Land, wäert Russland, ech hoffen et net, mä nach vill geplot ginn.

Zweetens, Länner déi Partner si vu Russland, wéi Armenien, wéi Kasachstan, wéi Wäissrussland hunn dem President Putin d’kal Schëller gewisen. Si kritiséieren, si désolidariséiere sech mat där Virgehensweis. De Rubel ass em 20% gefall. Virun allem iewer mengen ech datt Russland Angscht mécht de Moment, an dat ass Gëft fir Investoren, dat ass och Gëft fir d’Ekonomie am allgemengen.

Roy Grotz: Ginn haut dann zu Bréissel, wou Dir jo dann op der Réunioun sidd, dann ewell Lëschten awer décidéiert iwwer Persounen, déi dann eventuell géifen d’Arees an d’EU verbuede kréien, respektiv och Konten déi géifen agefruer ginn?

Jean Asselborn: Meng Äntwert ass jo. Mir setzen eis an als Lëtzebuerg mat aneren och an der Europäescher Unioun datt dat eng short List gëtt, dat et keen Tëlefonsbuch gëtt. Mir wäerten héchstwahrscheinlech eng gutt annerhallef Dosen Nimm op där Lëscht hunn, Leit déi deen illegale Referendum méiglech gemaach hunn, illegal well e géint d’ukrainesch Verfassung verstéisst, mä virun allem och well e géint d’internationaalt Recht verstéisst, mä do komme mir nach eng Kéier drop zeréck.

Ech menge mir wäerten, an ech hoffen dat, keng Wirtschaftssanktiounen décidéieren. Ech hat gëschter an eiser Ambassade eng gutt Dosen Ausseministeren invitéiert. Do huet ee kloer gespuert, datt dat net de Wee wier. Muer gëtt et nach Russland, et gëtt och d’Europäesch Unioun. Mir brauchen een deen aneren. An ech mengen esouguer datt duerch d’Ekonomie ka gewise ginn, datt mir vill gemeinsam Interessen hunn, an datt een erëm muss an en normaalt Verhältnis ganz, ganz séier kommen.

Roy Grotz: An der Umoderatioun hunn ech Iech zitéiert, Här Asselborn, gëschter op den Agencen. Grav strategesch Feeler hutt Dir dem President Putin reprochéiert. Hie géif den demokratesche Prinzip pervertéieren. Wat ass dann Äert Gefill wéi et elo weider geet?

Jean Asselborn: Jo, also dat wat ech gesot hunn, liicht menger Meenung no an. Dat soen ech jo net alleng, dat soe 14 Länner och am Sécherheetsrot, an do si jo net lauter Perroqueten dobäi vun den Amerikaner, do sinn et Länner ronderëm de ganze Globus, déi déi Meenung hunn, datt déi Vigehensweis do absolut net ze toleréieren ass.

Wéi et weider geet? Ech mengen dat ass déi richteg Fro. Wat a Russland geschitt no deem sougenannte Referendum do, mengen ech, brauch ee keng grouss Spannung ze hu wat d’Duma wäert beschléissen.

Et muss een awer elo kucken, wann ech dat op lëtzebuergesch dierf soen, datt ee domat gedoen ass. An dofir ass och e Liichtbléck do. Russland huet gëschter, de President Putin, awer och den Ausseminister zougesot, datt Russland d’accord wier fir eng OSZE-Missioun op d’Been ze stellen, 700 bis 1.000 Leit, déi net arméiert sinn, déi sech, déi kucken, also déi dann Observateure sinn an der Ukraine.

Mir mussen natierlech dofir suergen, bei allem wat elo gemaach gëtt, datt een och an der Ukraine kuckt, datt d’Presidentschaftswahle stattfannen, déi si jo fixéiert, mä awer och d’Parlamentswahlen, datt déi self-defense Klippercher datt déi verschwannen. Also mir wëssen, datt net alles koscher ass an der Ukraine, loin de là, an d’Rechtstaatlechkeet muss an der Ukraine och e Schub kréien. Ech mengen dat ass wichteg fir dat Land, et ass néideg fir dat Land, fir datt et och ka sech esou presentéieren, datt international och finanziell Hëllef ka gi ginn.

Ech hoffe wierklech, fir op den Ufank vun Ärer Fro zeréckzekommen, datt Russland agesäit, gutt dee Schrëtt do deen ass net méi zeréckzemaachen a mengen Aen, mä datt iewer elo mir zu den internationale Rechtsprinzipien zeréckkommen, an datt mir ganz, ganz séier, och wa Sanktiounen haut décidéiert ginn, déi zäitlech limitéiert sinn, nach eng Kéier, datt mir erëm an e Gespréich erakomme wat konstruktiv ass.

Roy Grotz: Mir sinn och zäitlech limitéiert. Merci dem Jean Asselborn live op Bréissel, an dat Ganzt virum EU-Conseil. An nach e gudden Dag Iech.

Jean Asselborn: Merci!

Dernière mise à jour